Poulet mat Gromperen

Poulet mat Gromperen ass eent traditionellt italienischt Ässen “Pollo con patate”, datt mat senger Einfaschheet an sengem Geschmaasch iwerzeecht. Et ass een Klassiker aus der rustikaler Këchen an jëtt an Italien an verschidden regionalen Varianten zervéiert.

Historisch gesehen ass dësen Menü eent Beispill fir die “Cucina povera”, die “aarem Këchen”, déi mat einfaschen Zutaten eent nahrhaft an köstlicht Ässen zoubereeden. D’Zoubereedung variiéiert van Regioun zu Regioun, wubei et Varianten mat Rosmarin an Knuawléck jëtt an, an anneren Varianten Ënnen an Péitersilich verschafft jänn. Et ass eent Ässen, datt dachs Sonndes oder aan besonnigen Deeg zoubereed jëtt, an ass fir sein herzhaften Aroma bekannt.

Fir datt Poulet mat Gromperen gelengt brausch ech?

Vam Metzler brengen ech een Poulet, Pouletstrempelen oder Pouletfilet mat, allerdings rooden ech vam Pouletfilet aaf, fir dësen Menü fannen ech et besser, Poulet mat der Hogt ze hualen.

An menger Reserve han ech Knuawléck, Pelati, italienisch Krégdermëschung an Gromperen. Houhnerbréit an gehackten Péitersilich fir Garnitur han ech an der Truh. Fir deen richtigen Geschmaasch brausch ech dann na bëssen Zitrounensaaft, Salz, Peffer an fir ze brooden han ech ëmmer Botterschmalz oder Olivenualeg am Haus.

Ausserdeem brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eent Gossendëppen an eng Pann fir Gromperen.

Zoubereedung

De Poulet zerdeelen ech an 4-6 Stécker, deen tuppen ech mat Këchenpapaier drëchen. An enger Schossel mëschen ech Zitrounensaaft mat Salz an Peffer an reiwen Pouletstécker domatt an. D’Fleesch setzen ech iwert Nait an den Frigo. Deen anneren Daag d’Fleesch fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an glächmässig Würfelen.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

An enger waarmer Gossenpann erhëtzen ech den Botterschmalz an brooden den Poulet fritischt mat der Hogt no ënnen op mëttel Hëtzt goldbrong aan dann driien an die anner Ségt brooden. Ech hualen en raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.

D’Halschent vam Brootfett schëdden ech an die anner Pann déi ech o well virgewiäremt han. Do dran brooden ech Gromperen op mëttel bis niddrig Hëtzt bis se mëll sen, würzen se liit mat bëssen Salz.

Iwerdeems Gromperen brooden, schëdden ech Tomaten, de Knauwléck ant Bréit an die anner Pann, an loossen alles opkooschen, mëschen die italienisch Krégdermëschung drënner an leen den Poulet mat der Hogt no uawen an dës Zoss. Driien Hëtzt raaf, leen een Deckel drop an op niddriger Hëtzt lossen ech den Poulet ongeféier 1 Stonn schmooren.

Kuurz viraan Schluss mëschen ech die mëll gerbooden Gromperen drënner.

Viraam zervéiren kanns du na bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Tipps datt Poulet mat Gromperen gelengt.

  1. Kuck datts du Gromperen an gläichmässig dënn Stécker schnégds, fir datt se glächmässig garen.
  2. Datt fréiht salzen vam Fleesch drëchent Fleesch net aus, et suarigt dofir datt Flëssigkeet gebonnen jëtt an am Fleesch bleift. Ausserdeem spars du dir während der Zoubereedung vill zousätzlicht salzen.
  3. Raumtemperatur vam Fleesch suarigt dofir, datt Fleesch bannen zart bleift. Am kaalen Frigo zéien sech Faseren vam Fleesch zesaammen. An wann d’Fleesch an die waarem Pann geleit jëtt enstinn Spannungen an datt kann d’Fleesch zii maan.

Varianten

Bei engem Rezept datt goud fonktionéiert well ech nie all zevill änneren, vir zousätzlichen Geschmaasch kanns du äwer Courgetten an Paprika mat ënnermëschen.

Poulet mat Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 
Ruuhzéckt

12

Stonnen

Zutaten

  • 1 Poulet, zerdeelt oder 4 Pouletstrempelen

  • 3 EL Botterschmalz

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 400 g Pelati (1 Béchs)

  • 250 ml Bréit

  • 500 g Gromperen, kleng gewürfelt

  • Saaft van 1,5 Zitrounen

  • Gewürzer
  • 1-2 TL italienisch Krégdermëschung

  • Salz

  • schwarze Peffer

Zoubereedung

  • Zitrounensaaft mam Salz an Peffer mëschen an d’Fleesch domatt anreiwen, iwert Nait an de Frigo stellen.
  • Den Daag drop Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann.
  • An enger waarmer Pann de Botterschmalz erhëtzen an de Poulet firtischt mat der Hogt no ënnen op mëttel Hëtzt golbrond aanbrooden, dann driien an van der annerer Ségt brooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Halschent vam Fett datt beim brooden vam Poulet austrëtt an eng anner virgewiärmten Pann schëdden an d’Gromperen dodran brooden bis se mëll sen.
  • Ant Gossenpann den Pelati an d’Bréit schëdden, den Knuawléck an die italienisch Krégdermëschung ënnermëschen, opkooschen loossen.
  • Hëtzt raaf driien an den Poulet, mat der Hogt no uawen ant Zooss leen. Een Deckel drop leen an op niddriger Hëtzt ongeféier 1 Stonn schmoren loossen.
  • Kuurz viraan Schluss van der Kooschzéckt, die mëll gebrooden Gromperen ënnermëschen.
  • Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*