Wirsing Rollbroot

Et wor een van deen Deeg, ech wosst na net genau watt ech kooschen sollt, mein Plang wor eigentlich Kappesrouladen. Mee han ech mir gedeit friwatt datt Ganzt net mol an Broot verpacken?

Vam Aarem-Lekts-Ässen zum Sonndesbroot

Ursprünglich wor Wirsing eent Geméiss datt satt gemaat hat. Eent Geméiss datt een strecken an vermëschen kann wie een wëll. Eent Geméiss datt einfasch ze lageren wor an d’Familjen iwert die kaal Joereszekt ernährt hat.

Am fréihen 20ten Joerhonnert, wie d’Gehacktes fir jidfereen bezahlbar jiän ass, han ëmmer mi Metzler et frësch aangebuaden. Su han Kappesrouladen oder de Kappesrollbroot sech verbreet. En wor beandrockend, net deier. Einfasch, äwer festlich genou fir Sonndes om Dësch ze landen.

An genau do ass die modern Form entstannen. Een aafgespeckten Sonndes-Schmoorbroot, deen mat manner Fleesch auskënnt, dofir äwer mat Geméiss angräichert ass. Eng Traditioun bei där d’Familjen zesaammen am Dësch setzt an jiät Waarmes an Narhhaftes deelt, datt jidfereen satt mëcht an äwer d’Méih vam Kooschen éiert.

Watt ass su besonnig aan dësem Ässen?

Hokt ass de Wirsing net mi nugdwendig fir de Wanter ze iwerstoen. Mir kooschen en, well mir et wëllen an net well mir et mussen. Datt mëcht dëst Ässen zu engem Comfort-Food. De Wirsing hat an deen letzten Joeren een klengen Comeback erliäft. Net su am Trend wie deen gréine Kappes, deen van Hipster zum „Superfood“ ernannt jiän ass, äwer geschätzt weent sengem mëllen Goût an senger schinger gréiner Faaref. Su een Wirsing-Rollbroot hat trotz senger Einfascheet jiät ganz Besonniges. En éiert d’Handwiärik en ass perséinlich an éierlich.

D’Zutaten versammelen sech

Vam Wirsing han ech die baussigt gruuss Bläder raaf geschnidden an van den Bläder de Stronk rausgeschnidden. Dës Bläder han ech dann am kooschenen liit gesalzene Waasser blanchéiert. Fir datt se hir sching Faaref äwer behaalen, han ech se dono direkt an kaalt Waasser geleit, an dann goud aafdrëpsen loossen.

Iwerdeems han ech an enger Schossel, d’Gehacktes mat fein gehackten Ënnen an Knuawelek, bëssen Mostert, Eier, Panéiermiähl, Péitersilich an natiirlich Salz an Päffer vermëscht. Bëssen Muskot duaref natiirlich o net fehlen.

Wie verpacken ech datt Ganzt?

De Wirsing han ech op Sëlwepapaier ausgebreet an, well deen an sengen Krauselen ëmmer na vill Waasser festhällt han ech en na zousätzlich mat Këchenpapaier drëchen getuppt. Ech han also datt Ganzt probéiert an engem Rechteck op dem Sëlwerpapeier auszebreeden. Do drop han ech d’Gehacktes auserneen gedreckt äwer een Rand van ongeféier 2 cm bis 3 cm gelooss.

Mat Hëlef vam Sëlwerpapaier han ech datt ganz fest angerullt an, an eng feierfest Form oder een Bräter geleit.

Wann aus den Zutaten eng Familjen jiët

De Schiäffchien wirärmen ech op 180 °C Iäwischt. an Ënnischhëtzt vir.

Bei mein Broot han ech eng Tomatenzooss geschott, du kanns äwer o einfasch Bréit dobäi schëdden. Deen han ech dann zougedeckt an en fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchien gesatt.

No deen 30 Min. hualen ech den Deckel raaf, stellen de Schiäffchien op Ëmloft, an loossen den Broot na eng kéier fir 30 Min. brooden. Dann hualen ech en raus, an loossen en paar Min. ruhen.

Die Wëssenschaftlich Segt

  • Wirsing enthält vill Waasser. Während dem Schmooren jiët heen Fiitegkeet aaf, déi bannen am Broot bleift. Datt ass keen Zoufall, mee Planzenphysiologie. Wirsingbläder späicheren Wasser an hirer bloosenartiger Zellstruktur, déi rischt bei Hëtzt op jinn.
  • D’Gehacktes hat eng mëll, liit kärig Struktur, de Wirsing dogeent, eng zaart-faaserig Struktur, déi während dem Schmooren botterzart jiët. Dës strukturell Aafwiässelung suarigt dofir, datt all Maufel spannend bleift.
  • Durich deen hiien Protienaandeel am Fleesch reagéirt den Eiwäiss während dem erhëtzen an suarigt dofir datt sech alles mateneen Verbënnt.
  • Well d’Gheacktes mi eng gruuss Fläch hat wie een Broot, verdeelen sech d’Gewürzer besser. Et schmëscht alles gläichmässig.
  • Besonnig glutamathaltig Aminosäiren, déi am Kappes an klengsten Mengen sen, verstiäriken deen herzhaften Goût vam Fleesch.

Deen modernen Anfloss

O wann de Grondprinzip segt Joerzéihnten selwischt bliwen ass, kommen ëmmer nei Iddien.

Et jiët ëmmer mi bewosst gekooscht, manner Fett, mi Geméiss, noohaltig Zutaten. Datt féihert dozou, datt am Platz van gemëschtent Gehacktes z.B. Gefligel- oder Randsgehacktes geholt jiët.

  • Datt zousätzlich zum Wirsing Poretten, Spinat oder Mangold mat angeschafft jiët.
  • Datt mi frësch Krégder gehollt jiän.
  • an datt sugar Vollkorn-Panéiermiähl gehollt jiët.

Dodurich schmëscht dësen Broot dachs mi frësch an mi liit.

Fazit

Op Kappesrouladen oder een Kappes-Rollbroot, ech denken datt sie o an Zukunft hir Platz op eisen Telleren behaalen. Ween weess wie sie sech vriaan entweckelen. Durich d’Globaliséirung steht engem die ganz Aromawelt op. Bei mir wor et hokt ganz klassisch mat Salz, Päffer Muskot an Mostert. Du kanns dein Broot äwer o een Hauch Orient jiän mat Ras el-Hanout. Genausu passt die italienisch Kregdermëschung, evtl. na mat gehackten gedrëchenten Tomaten. Stehs du op eng asiatisch Versioun passt goud Ingwer, Knuawelek an Sojazooss.

De Wirsing hëllt sämtlich Gewürzer erstaunlich goud op.

Watt o passéiert, d’Grondiddi bleift die selwischt. Eent Ässen, datt Wiäremt, Ruh an Gemeinschaft ausstrahlt.

Wirsing Rollbroot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 8 – 10 gruus Wirsingbläder

  • Salz

  • 500 g Gehacktes, am besten ongewürzt

  • 2 Ënnen, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 Ei

  • 2 EL Panéiermiähl

  • schwarze Päffer

  • bëssen Muskoot

  • bëssen gehackten Péitersilich

  • 250 ml Tomatenzooss oder Bréit

Zoubereedung

  • Van de Wirsingbläder schnégden ech de Stronk raus, an blanchéiren se an liit gelsalzenem kooschende Waasser fir ongféier 3 bis 4 Min. Dono leen ech se aan kaalt Waasser an loossen se dann goud aafdrëpsen.
  • An enger Schossel mëschen ech d’Gehacktes mam Ei, Panéiermiähl, Salz, Päffer, Mostert, Ënnen, Knuawelek, Muskot an Péitersilich.
  • Op menger Aarbichtsplaque breeden ech Sëlwerpapaier oder Folie aus, do drop leen ech an engem Rechteck de Wirsing. Om Wirsing verdeelen ech d’Gehacktes, lossen äwer een Rand van 2 cm bis 3 cm.
  • D’Segten vam Wirsing klappen ech an, an mat Hëlef vam Sëlwerpapier oder Folie rullen ech mein Broot fest an.
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180 °C Iäwischt- an Ënnichthëtzt vir.
  • Mein Broot leen ech ouni de Sëlwerpapeier an een Bräter oder eng feierfest Form. Do dobäi schëdden ech Tomatenzooss oder d’Bréit an decken datt Ganzt zou su stellen ech mein Broot fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchien.
  • No deen 30 Min. hualen ech den Deckel raaf an stellen de Schiäffchien op Ëmloft an brooden datt Ganzt na eng kéier fir 30 Min.
  • De Broot hualen ech raus, an lossen en 10 Min. zougedeckt ruhen. Dann aanschnegden an mat enger Beilaag zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*