Partysnack

Laugenstangen, die lecker Alternativ zum klassischen Brigdchen. Die meest kennen Laugengebäck an Form van Bretzelen an meestens an Begleedung mat engem Mass Béier! Äwer o an Stangenform oder als Brigdchen schmëscht dësen Klassiker.

D’Geschicht van dëser Leckerei reecht bis an datt aal Däitschlang zeréck, wu Laugengebäck firtischt am 19ten Joerhonnert gebaasch juff. Ursprünglich als Frühstücksgebäck gedeit han sech Laugenbretzel oder Laugenstangen zu engem beléiften Snack fir ënnerweech entwéckelt, deen mat verschidden Fëllungen an regionalen Varianten punkten kann.

Laugengebäck

Wie genau ass Laugengebäck entstannen? Et jänn 2 Legenden wie dëst Gebäck enstannen soll sen, die eng seet datt Katz op Baaschblech gesprongen ass an su wir d’Gebäck an der Natronlauge gelandt, eng anner seet den Bäcker hätt Zockerwaasser mat der Natronlauge verwiässelt.

Watt kann ech aus Laugenstangen maan?

Hogt an mengen Artikel drigt sech alles ëm d’Laugenstangen an watt een alles domat maan kann. Rezeptiddien fir Kannergeburtsdaag, fir eng Party oder einfasch als Snack beim Fernseh.

Fir dësen Snack zouzebreeden brauchst du net wirklich. TK-Laugenstangen, an dann datt watt dein Frigo am Angebot hat, bei mir wor datt na een Rest Bologneszooss, gerriwene Mozzarella, Wiischtercher, Raclettekiiss, Spargelen an Parmesan. Ech mengen domatt kann eenwell vill Aafänken.

  • Laugenstangen han ech aus der Truh gehollt, op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech geleit an entdiien geloss.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.
  • Iwerdeems han ech Ënnen geschiällt, an dënn Streifen geschnidden an déi han ech mat bëssen Botterschmalz an enger waarmer Pann op mëttel Hëtzt karameliséiert.
  • Fir Spargelen han ech eng Zooss Hollandaise zoubereet.
  • Laugenstangen han ech mat engem scharefen Messer längs opgeschnidden an mat den Fanger platt gedréckt. Wann datt dir zvill pëscht, kanns du Basschpapier driwer leen an se mam Nuddelholz platt rullen.

Een Deel van den Laugenstangen han ech mat Bolognese beleit an gerriwene Parmesan driwer gestreit.

Die anner han ech mat Wiischtchen gefëllt, karamleiseiert Ënnen driwer gestreit an Raclette-Kiiss drop geleit.

An deen Rest han ech mat Spargel gefëllt an Parmesan driwer gerriwen.

Blech setzen ech dann fir ongeféier 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Bei d’Wiischtercher han ech dann na Mostert an Ketchup gereecht an bei d’Spargelen Zooss Hollandaise.

Datt hei sen nëmmen paar Iddien watt een mat Laugenstangen alles maan kann.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*