Moussakàs

Mat mengem Rezept fir Moussakàs hualen ech dech mat op eng kulinarisch Réis an die griechisch Këchen. Schicht fir Schicht brengen ech Gehacktes mat Tomaten, Auberginen an eng Form an iwerbaaschen datt Ganzt mat enger cremiger Mornayzoss. Moussakàs ass een klassischen griechischen Menü, deen Härzer van sämtlichen Feinschmecker op der ganzer Welt mi hii schloen lisst. Ursprünglich aus dem arabischen Raum, hat sech den Moussakàs zu engem kulinarischen Erliäfniss entwéckelt. Hogt an mengem Artikel beschreiwen ech dir wie ech meng Moussakàs maan.

Iwert Moussakàs

Sämtlich Gratin’en aus der griechischer an türkischer Këchen jänn als Moussakàs bezeechent. Et jänn vill verschidden Varianten, su kanne Moussakàs, mat Gromperen gemaat jänn, am Platz van den Auberginen mat Courgetten, oder mat vill Geméiss an ouni Fleesch. Et jänn Varianten mat Reis, mat Spinat oder sugar mat sauert Mouse.

Moussakàs beschreift also näist annëcht wie een Gratin aus Geméiss, evtl. Fleesch, Tomaten an enger Béchamel.

Zutaten fir Moussakàs

Bai der Wiäll van den Zutaten halen ech mech bal genau aan eent griechischt Rezept ouni Gromperen. Ech han Gromperen dobäi gemaat. Watt fir eent Rezept d’Original ass, ass leider net genau noo ze séichen.

Fir den Gratin

  • Ënnen an Knuawléck
  • Gehacktes, Moussakàs jëtt mat Lammgehacktes gemaat oder enger Mëschung aus Lamm an Rand, ech han äwer nëmmen Randsgehacktes gehollt.
  • Pelati oder frësch Tomaten an Tompatenpürée
  • wäisse Wéng
  • Auberginen
  • Olivenualeg
  • Salz an Peffer
  • Oreagno an Péitersilich

Fir Mornayzooss

Bei der cremiger wäisser Zooss handelt sech em eng Monranyzoss, eng klassisch Béchamel an der den Kiiss geschmolz jëtt.

  • Botter
  • Miähl
  • Mëlich
  • Salz, Peffer an Muskot
  • Kiiss, am besten ass natirlich een griechischen wie z.B. “Kefalotiri”, een Gruyère oder een anneren Hartkiiss geht äwer o.
  • Ejiäll

Tipps fir Moussakàs

Griechisch Moussakàs selwer maan ass gar net su komplizéiert, an mat mengem Rezept geht datt ganz einfasch, o wann et bëssen mi lang dauert. Lad dir einfasch ënnen op menger Ségt Rezept raaf mat sämtlichen Mengenangaben an enger genauer Beschreiwung. Liäs dir äwer virdraan meng Tipps durich:

  1. Auberginen entwässeren: Een ganz wichtigen Schratt ass, d’Auberginen ze entwässeren. Dodurich fléisst iwerschëssigt Waasser aaf, an d’Aubergine schmëlzen hanno am Mond.
  2. Gelengsëcher Mornayzooss: Bei enger Béchamel soll Mëlich kaal an den Roux waarem oder ëmgdrigt den Roux kaal an Mëlich kooschend sen. Ausserdeem ass d’Auskooschen van 30 Min. wichtig, dodurich jëtt Zooss se su richtig cremig. Während där Zéckt kanns du no an no den Kiiss dran schmëlzen an Zooss op den Punkt würzen.
  3. Moussakàs baaschen: Solls du dëch dozou entscheeden den Kiiss uawen drop ze streien, bedenk datt den Kiiss well no 30 Min. goldbrong ass, d’Moussakàs äwer na net durich gebaasch ass. An dësem Fall kanns du se met Sëlwerpapeier zoudecken an färdig baaschen.
  4. Gedold beim zervéiren: Looss der Moussakàs noom Baaschen 30 Min. Zéckt, du krêss se dann besser geschnidden an fir datt d’Aromen sech verdeelen kanne. Du brauchs keng Angst ze han, mat engem properen Handdousch zougedeckt ass si no 30 Min. ëmmer na gléidisch.
  5. Gromperen virkooschen: Entscheeds du dëch dozou Gromperen direkt mat an d’Moussakàs ze maan. Gromperen an der Schaal virkooschen, schiälen an, an 1 cm déck Scheiwen schnégden.

Zoubereedung

D’Auberginen wäschen ech grëndlich, dann schnégden ech Stiller raaf an ech schnégden se an Ronselen van ongeféier 1 cm Déckt. Déi leen ech op eng Sei oder op eent mat Këchenpapaier ausgeleiten Baaschblech an salzen se van deen 2 Ségten. Su loossen ech se 60 Min. leien fir datt Waasser auszéihen kann.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck an hacken se fein. Tomaten iwerbréihen ech, schiälen se an schnégden se an Würfel.

D’Botter loosen ech schmëlzen an réiren d’Miähl drënner, datt loossen ech op mëttel Hëtzt 3-5 Min. ënner stännigem réiren brooden an bereeden su een hellen Roux zou, deen loossen ech aafkéilen. Zur gläicher Zéckt setzen ech Mëlich op an erhëtzen se. Bedenk! D’Mëlich verbrennt ganz siier also ëmmer rëm dran réiren.

An engem anneren Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen do dran aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt aan bis et durich gar ass. Als nächst mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan. An enger Schossel mëschen ech den wäisse Wéng mam Tomatenpürée an schëdden datt drop, datt loossen ech bis op Halschent ankooschen an mëschen dann Tomaten, den Oregano an den Péitersilich drënner. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer. D’Hëtzt driien ech dan raaf an loosen Zooss 30 min. kooschen.

Die kooschend Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Béchamel opkooschen. Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Zooss 30 Min. auskooschen. Iwerdeems würzen ech se mat Salz, Peffer, Muskot an schmëlzen no an no den Kiiss dran.

Iwerdeems die 2 Zoossen kooschen wäschen ech d’Auberginenscheiwen ënner kaalem Waasser aaf an tuppen se mat Këchenpapeier drëchen. An enger waarmer Pann erhëtzen ech Olivenualeg an brooden Etappenweis d’Auberginenscheiwen van deen 2 Ségten liit aan.

INFO: D’Auberginen hualen ganz vill Ualeg op, du brauchs es also mi.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

D’Eijäll opschloen an bëssen van der Mornayzooss ënner d’Eijäll mëschen. Zooss zéihen ech dann van der Plaque an schëdden dës Mëschung ant Zooss an verréiren alles goud mateneen. Zooss duaref lo net mi kooschen!

Wëlls du Gromperen mat an den Moussakàs maan, Gromperen an der Schaal kooschen, schiälen an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt schnégden an mat den Auberginen schichten, entweder am Wiässel oder iwerteneen.

Dann hualen ech eng feierfest From an fetten déi liit an, om Buadem van der Form verdeelen ech bëssen Panéiermiähl, datt verhënnert datt Gratin zevill aanpëcht. Dann fänken ech aan mat Schichten, eng Schicht Auberginen, dann Gehacktes mat den Tomaten, dann rëm Auberginen dann rëm Gehacktes, mat enger Schicht Auberginen aafschléissen. Zum Schluss jëtt Mornayzooss huawen drop geschott su datt alles Bedeckt ass.

Am waarmen Schiäffchen 60 Min. baaschen.

Viraam zervéiren 30 Min. zougedeckt ruhen loossen, du krëss en dann, wann Zoossen net ze flëssig sen, besser geschnidden an d’Aromen kannen sech verdeelen.

Moussakàs

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

1

Stunde 
Ruhzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Auberginen, an Scheiwen van 1cm geschnidden

  • 500 g Randsgehacktes

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 100 ml wäisse Wéng

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 400 g frësch Tomaten, geschiält an gewürfelt

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 2 EL gehackten Péitersilich

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 2 EL Panéiermiähl

  • Fir Mornayzooss
  • 1 L Mëlich, kooschend

  • 60 g Botter

  • 70 g Miähl

  • Salz

  • Peffer

  • Muskot

  • 75 g gerriwene Gruyère

  • 2 Eijäll

Zoubereedung

  • D’Auberginenscheiwen van deen 2 Ségten salzen an op eng Sei leen oder op eent mat Këchenpapaier ausgeleiten Blech. 60 Min. entwässeren.
  • Iwerdeems Botter schmëlzen loossen an Miähl ënnerréiren, 3-5 Min. op mëttel Hëtzt, ënner stännigem réiren, brooden loossen, an su een helle Roux zoubereeden. Aafkéilen loossen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg op mëttel Hëtzt erhëtzen an d’Ënnen do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Gehacktes ënnermëschen an su lang brooden bis et durich gar ass. Dann den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden. Tomatenpürée am wäisse Wéng opliesen an op d’Fleesch schëdden, bis op Halschent ankooschen loossen. Tomaten, den Oregano an den Péitersilich ënnermëschen, mat Salz an Peffer würzen an 30 Min. kooschen loossen.
  • Die kooschend Mëlich op deen aafgekéilten Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an Zooss 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen loossen, dobäi op den Punkt mat Salz, Peffer an Muskot würzen an den Kiiss no an no dran schmëlzen.
  • Iwerdeems Zoossen kooschen erhëtzen ech an enger Pann Olivenualeg en brooden d’Auberginenscheiwen van 2 Ségten liit aan.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Als nächst eng feierfest Form anfetten an d’Panéiermiähl om Buadem verdeelen. Eng Schicht Auberginen ënnen dran leen an d’Gehacktes mat den Tomaten driwer verdeelen, dann rëm eng Schicht Auberginen an rëm Gehacktes, mat enger Schicht Auberginen aafschléissen.
  • Eijäll opschloen an bëssen van der Mornayzooss ënnert Eijäll réiren. Zooss van der Plaque zéien an dës Mëschung dann an Zooss réiren. Zooss duaref dann net mi kooschen!
  • Mornayzooss iwert d’Auberginen schëdden, su datt alles bedeckt ass an am waarmen Schiäffchen 60 Min. baaschen.
  • Noom baaschen den Gratin zougedeckt 30 Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*