Marokkanisch Poulet-Tajine

Die marokkanisch Këchen ass eent Fest van den Aromen an Gewürzer. Een van deen bekannsten Menüer as Tajine, eent geschmorten Ässen, datt an engem spziellen Dëppen, mat spatzem Deckel aus Lehm zoubereet jëtt. Hogt hualen ech dech mat an dës Këchen, mat engem einfaschen, würzigen an köstlichen Rezept. Ausserdeem ass et ee Menü deen net unbedingt an enger Tajine gekooscht muss jänn, an enger Pann mat Deckel kanns du deen ganz einfasch nokooschen.

Tajine hat hir Wuurzelen an der berberischer Këchen aus Nordafrika. Well viraan 1000 Joer han d’Nomaden dëst Dëppen aus Lehm, mat deem konisch gefomten Deckel, genotzt, fir dodran Fleesch an Geméiss ze schmoren. An enger Tajine verdeelt sech d’Hëtzt perfekt an et bleift alles knackig, schmort schounend an jëtt wonnerbar aromatisch.

Wie schaffen ech mat enger Tajine?

Du has dir eng Tajine kooft, wees äwer net genau wie’s du genau domatt schaffen solls?.

  • Wässeren: Viraam ischten Gebrausch jëtt Tajine grëndlich ënner waarmem Waasser mat bëssen Seef gewäsch an goud aafgeschwenkt, su datt Seef all aafgewäsch ass. Tajine soll dann an een Éimer mat kaalem Waassr geleit jänn an iwert Nait do dran leien geloss jänn. Datt hëleft datt den Lehm hydratiséiert an während dem kooschen net baschten kann.
  • Anfetten: Noom wässeren, Tajine goud aafdrëchnen an mat engem neutralen Ualeg anreiwen. datt déint dozou Tajine ze versigelen.
  • Anbrennen: Sual Tajine angefett ass, jëtt se an deen kaalen Schiäffchen gesatt, an deen jëtt op 150°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt gewiäremt, su bleift Tajine 2 Stonnen am Schiäffchen stoen. No deen 2 Stonnen den Schiäffchen ausschalten an Tajine am Schiäffchen komplett auskéilen loossen. Dëse Schratt stärikt d’Material an mëcht et winiger aafällig datt et räissen kann,
  • Optional na eng kéier anfetten: Noddems Tajine ganz aafgekéilt ass, kanns du se na eng kéier anfetten, datt ass äwer keen Muss, et hëleft äwer Versigelung ze optiméiren.

Tipps

  1. Temperaturwiässel vermeiden. Stell Tajine nie direkt van engem kaalen Ëmfeld an eent waaremt Ëmfeld, sie kann soss baschten.
  2. An enger Tajine jëtt nëmmen op niderig bis mëttel Hëtzt gekooscht. Den Lehm verdeelt d’Hëtzt glächmässig, äwer ze hii Temperaturen kannen zu Rëss féiren.
  3. Pass bei Ënnerscheedlichen Hëtztquellen op, du kanns Tajine om Gas, om Ceranfeld oder am Schiäffchen verwenden. Om Gas oder op Induktioun am besten een Wiärmeverdeeler verwenden, om Gas fir datt den Lehm net der direkter Hëtztquell ausgesatt ass an op Induktion datts du iwerhaupt domatt kooschen kanns.
  4. Botzen an wäschen, botz deng Tajine no all Gebrausch mat waarmem Waasser, enger mëller Biischt oder engem Schwamm, vermeid et fir Seef ze notzen. Op keen Fall soll Tajine ant Spéilmaschine gesatt jänn.
  5. Kleng Rëss entstinn ëmmer viraan allem wann vill dran gekooscht jëtt, am normalen ass datt äwer keen Problem. Rischt bei mi gruussen Rëss kënnt Flëssigkeet durichsickeren.
  6. Setz deng Tajine op eng drëchen Platz. Wanns du se länger net notz, den Deckel schiief drop leen, su datt Loft zirkuléiren kann an et su net zur Bildung van Schammel kënnt.

Zutaten fir marokkanisch Poulet-Tajine

Vam Metzler brengen ech mir 1 Poulet, Poulefilet oder Pouletstrempelen mat. Doheem han ech ëmmer Ënnen an Knuawkléck. Dann brausch ech na Olivenualeg, Muurten, Gromperen, Tomaten, Iärbessen an Zitrounensaaft. Dann kommen mir zu den Aromen an den Gewürzer, dofir brausch ech, Currypolwer, Cumin (Kreuzkümmel) Paprikapolwer oder wanns du et mi scharef wëlls Chilipolwer, Cannelle, Salz an Peffer. An wanns du zu der “Koriander-Liebe-Fraktioun” gehiieres kanns du dir frëschen Kroiander mat brengen, ech hualen léiwer Péitersilich. Optional kanns du dir na Korinthen an gedrëchent Aprikosen matbrengen. An dann na Houhnerbréit oder Waasser wanns du keng Bréit has.

Ausserdeem brausch ech na, eng Tajine, alternativ eent Gossendëppen mat Deckel, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Mandoline, eng kleng Schossel fir Gewürzer ze mëschen an een Holzläffel fir ze réiren.

Zoubereedung

Ech haat Pouletstrempelen déi ech ausgebeent han, d’Hogt han ech äwer draan geloss. Datt han ech an Mondgerecht Stécker geschnidden.

An enger klenger Schossel han ech die drëchen Gewürzer mateneen vermëscht, den Péitersilich oder Koriander jëtt gehackt.

D’Ënnen an den Knuawkléck han ech geschiält an fein gehackt. Déi kommen op den Buadem van der Tajine leien, sie déinen als Basis an verhënneren datt Fleesch aanpëscht an aanbrennt.

Als nächst han ech d’Muurten geschiält an op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden, déi han ech iwert den Ënnen verdeelt.

Dann han ech Tomaten gewürfelt an déi iwert den Muurten verdeelt.

Als nächst leen ech d’Fleesch drop an drëpsen do bëssen Olivenualeg driwer, om Fleesch verdeelen ech deen Rest van den Gewürzer an deen gehackten Péitersilich. Verdeel d’Fleesch su datt et net zevill openeen légt an gläichmässig garen kann.

Dann schëdden ech bëssen Waasser oder Bréit, datt ech mam Saaft van enger halwer Zitroun gemëscht han driwer an leen den Deckel drop. Tajine setzen ech op die kaal Plaque an driien d’Hëtzt op niddrig bis mëttel. Su loossen ech datt Ganzt ongeféier 45 Min. kooschen. Liss du Schanken am Fleesch, kanns du ongeféier 1 Stonn rechnen.

Iwerdeems d’Fleesch schmort, schälen ech Gromperen an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen. Iärbessen hualen ech aus der Truh an lossen se entdiien.

No deen 45 Min. den Deckel raaf hualen, et kan sen datt Tajine Waasser gezujien hat, fir datt se net iwerleeft, einfasch bëssen Flëssigkeet raus scheffen. Gromperen verdeelen ech dann iwert dem Fleesch, leen den Deckel rëm drop an loossen alles fir 20 Min. kooschen. Solls du dëch entscheeden Korinthen an d’Aprikosen mat dran ze leen, kanns du se op den Gromperen verdeelen.

Noo deen 20 Min. leen ech d’Iärbessen dran, an mat Deckel loossen ech datt Ganzt fir 5 Min. kooschen. Et ass net schlëmm wann d’Iärbessen net ganz entdigt sen, dodurich datt Hëtzt perfekt an der Tajine verdeelt ass garen se an deen 5 Min. durich.

Zum Schluss alles mateneen vermëschen an mat Fladenbrugt, Reis oder Couscous zervéiren.

Jëtt et eng Reienfolg fir alles an Tajine ze tesselen?

Jo, et jëtt eng Reihenfolg, fir sëcher ze goen datt Aromen sech optimal entfalen an gläichmässig garen.

  1. Als Basis kommen d’Ënnen an den Knuawléck op den Buadem van der Tajine leien, sie verhënneren datt d’Fleesch aanpëscht an verbrennt.
  2. Gewürzer an Ualeg, traditionell kënnt lo bëssen Ualeg an d’Halschent van den Gewürzer dobäi. Du kanns als zweit Schicht äwer o Geméiss leen.
  3. D’Fleesch, du kanns dengt Fleesch marinéiren oder o net. Platzéier d’Fleesch su, datt et goud verdeelt ass fir datt et gläichmässig gart. Om Fleesch jëtt dann deen Rest van den Gewürzer an den Krégder verdeelt.
  4. Geméiss, d’Geméiss soll rondrëm d’Fleesch getesselt jänn, du muss et o net an Scheiwen schnégden, et kann o an graff Stécker geschnidden sen, dann äwer Gromperen driekt mat dran leen. Tomaten jänn zousätzlich Flëssigkeet an Aroma aaf.
  5. Friischten, d’Friischten gläichmässig driwer verdeelen, sie brengen eng interessant Textur an een séissen Aroma.
  6. Flëssigkeet, d’Flëssigkeet drop schëdden, et muss keng Houhnerbréit sen, o mat Waasser an Zitrounensaaft krëtt Tajine een wonnerbaren Aroma
  7. Zum Schluss den Deckel drop setzen an 1 Stonn bis 1,5 Stonnen schmoren. Schmorzéckt hängt ëmmer dovaan aaf wie déck deng Zutaten geschnidden sen.

Tajine kann zimlich Waasser zéien, fir datt se net iwerleeft zwëschendurich bëssen Flëssigkeet aafscheffen. Ech han meng Tajine o bëssen annëcht geschicht, wichtig ass, datt d’Ënnen om Buadem leien, fir datt d’Fleesch net deen direkten Kontakt mam Buadem van der Tajine hat.

Marokkanisch Poulet-Tajine

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

20

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletstrempelen, ouni Schank an mondgerecht Stécker geschnidden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 3 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2-3 Muurten, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Tomaten, gewürfelt

  • 2 EL bis 3 EL Olivenualeg

  • 1 TL Currypolwer

  • 1 TL Paprikapolwer oder Chilipolwer

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 0,5 TL Cannelle

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 2 EL gehackten Péitersilich oder Koriander

  • 250 ml Waasser oder Bréit

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 5-6 Gromperen, geschiält an dënn Scheiwen geschnidden

  • 100 g Iärbessen (TK)

  • Optional: 50 g Korinthen an 100 g gedrëchent Aprikosen

Zoubereedung

  • Die drëchen Gewürzer an enger Schossel mateneen vermëschen.
  • Om Buadem van der Tajine verdeelen ech d’Ënnen an den Knuawkléck, dodriwer leen ech d’Muurten an op Muurten verdeelen ech Tomaten.
  • Solls du dëch entscheedem Korinthen an Apirkosen mat dran ze leen kanns du se iwert den Tomaten verdeelen
  • D’Halschent vam Gewürz driwer verdeelen an Fleesch drop leen. Bëssen Olivenualeg iwert d’Fleesch drëpsen an deen Rest vam Gewürz mam gehackten Péitersilich driwer streien.
  • Waasser mam Zitrounensaaft mëschen an drop schëdden. Den Deckel drop leen op die kaal Plaque setzen an op niddirg bis mëttel Hëtzt ongeféier 45 Min. kooschen.
  • No deen 45 Min. Gromperen driwer verdeelen an mat Deckel fir wégder 20 Min. kooschen loossen.
  • Zum Schluss d’Iärbessen drop leen an mat Deckel 5 Min. kooschen loossen.
  • Alles vermëschen an mat Fladenbrugt, Reis oder Couscous zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*