Ossobuco Gremolata mat hausgemaater Pasta

Ossobuco ass eent traditionellt italienischt Ässen datt lang geschmoort jëtt. Ossobuco stammt ursprünglich aus der Lombardei an hat eng lang Geschicht, die ischt schrëftlich festgehalen Rezepter stammen aus dem 19ten Joerhonnert, et ass äwer wahrscheinlich datt et den Ossobuco well vill mi lang jëtt. Ossobuco ass eent typischt Beispill van der “Cucina Povera”, der einfascher, äwer köstlicher Baurenkëchen. Iwert Joerhonnerten hat sech den Ossobuco wégder entwéckelt an ass zu engem international bléiften Menü jänn.

Zutaten fir Ossobuco Gremolata mat hausgemaater Pasta

Vam Metzler brengen ech mir zart Kalefsjarret mat, fir deen richtigen Goût van menger Zooss brausch ech na Muurten, Zellerie, Ënnen an Knuawkléck. Ausserdeem brausch ech na Botter an Olivenualeg, frësch Tomaten, du kanns o Tomate pelée aus der Béchs hualen. Ech perséinlich schaffen léiwer mat frëschen Tomaten oder mat selwer gemaatem Pelati, ech fannen datt den Geschmaasch einfasch besser ass. Dann brausch ech na Miähl, 2 Gläser wäissen Wéng, eent fir den Koosch an eent fir Zooss, Kalefsfond oder wanns du keen has Houhnerfond. Gewürzt jëtt mat Salz, Peffer, Lorbeer an Thymian.

Fir Gremolate brengen ech mir platte Péitersilich, Knuawléck an Zitrounen mat.

An fir Pasta hualen ech Miähl, Hartweizengriess, Eier an Salz.

Fir gelengen van mengen Menü brausch ech dann na, eent Gossendëppen, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Schossel, eng Raspel fir Zitrounenzesten an eng Nuddelmaschin oder eent Nuddelholz.

Zoubereedung

Den Ossobuco virbereeden

D’Fleesch salzen ech an loossen et ongeféier 30 Min. stoen fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhëllt.

Iwerdeems schiälen ech d’Muurten an schnégden se an kleng Würfel, genausu maan ech mam Zellerie, deen wäschen ech firtischt an schnégden en dann an kleng Würfelen. D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken en fein. Tomaten iwerbréihen ech, schälen se an schnégden se an graff Würfelen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech eng Mëschung aus Botter an Olivenualeg. D’Fleesch driien ech am Miähl an brooden et op mëttel bis hii Hëtzt all rondrëm aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

An deem selwischten Dëppen brooden ech d’Muurten, den Zellerie an d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawkléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mam wäissen Wéng aaf. Dann leen ech d’Fleesch mat dran an loossen den Wéng ongeféier bis op Halschent reduzéiren. Als nächst schëdden ech Bréit drop an o déi lossen ech bis op Halschent ankooschen. Dann schëdden ech Tomatenwürfel driwer, leen d’Lorbeerbläder an den Thymian dran an würzen mat Salz an Peffer. Zoossen loossen ech eng kéier opkooschen, leen dann den Deckel fest drop an setzen Dëppen fir ongeféier 2 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen.

Gremolata virbereeden

Iwerdeems d’Fleesch am Schiäffchen steht bereeden ech Gremolata fir, dofir wäschen ech den Péitersilich an ech drëchnen an enger Zalootenschleider, dann hacken ech en fein. De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein. Zitrounen wäschen ech grëndlich an raspelen Schaal aaf, déi hacken ech o fein. Datt vermëschen ech an enger Schossel an setzen et zougedeckt an den Frigo bis ech et brausch.

Pasta zoubereeden

D’Miähl, ech mëschen mir Miähl an den Hartweizengriess, leen ech op eng proper Aarbichtsfläch oder an eng Schossel, mat den Hänn drecken ech eng Kaul dran, do dran schloen ech d’Eier op an mëschen Salz mat drënner. Mat Hëlef van enger Forschette oder mat den Hänn mëschen ech no an no Miähl drënner zum Schluss hualen ech dann Hänn zur Hëlef an kniädden een festen Deeg. Den Deeg op mannst 10 Min. kräftig mat den Hänn durich kniädden su datt een elastischen glatten Deeg entsteht. An Folie angewéckelt leen ech deen Deeg fir 30 Min. an den Frigo.

Den Deeg rullen ech mam Nuddelholz oder mat enger Nuddelmaschin dënn aus an schnégden se an die gewënschten Form. An goud gesalzenem, kooschenden Waasser, kooschen ech die frësch Pasta an 3 Min. bis 5 Min. al dente.

Zervéiren

Nuddelen verdeelen ech op Telleren, maan bëssen Zooss driwer an leen deen zarten Kalefjarret drop, do driwer streien ech die frësch Gremolata. Gouden Apetit!

Tipps

  1. Hual dir Zéckt: Hual dir Zéckt fir alles virzebereeden, brood dengt Fleesch grëndlich all rondrëm aan. An o beim Schmooren ass et wichtig sech Zéckt ze loossen et ass entscheedent datt d’Fleesch zart jëtt.
  2. Qualitéit: Frësch Krégder an hiiwärtig Zutaten garantéiren eent goud Ergebnis.
  3. Pastadeeg: Et brausch bëssen Gedold, bis den Nuddeldeeg die richtig Konsistenz errecht. An o d’Ruhzéckt vam Deeg ass wichtig.

Ossobuco Gremolata mat hausgemaater Pasta

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • Fir den Ossobuco
  • 4 Kalefsjarret

  • 2 Muurten, kleng gewürfelt

  • 2 Stangen Zellerie, kleng gewürfelt

  • 2 Ënnen, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléch fein gehackt

  • Miähl

  • Botter

  • Olivenualeg

  • 6 Tomaten, geschiält an gewürfelt

  • 250 ml wäisse Wéng

  • 250 ml Kalefsfond oder Houhnerbréit

  • Salz

  • Peffer

  • 2 Thymianäst

  • 2 Lorbeerbläder

  • Fir d’Gremolata
  • 50 g platte Péitersilich, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • Zesten van 2 Zitrounen

  • Pasta
  • 250 g Miähl

  • 250 g Hartweizengriess

  • 5 Eier (275 g)

  • 9 g Salz

Zoubereedung

  • den Ossobuco
  • D’Fleesch salzen ech an loossen et ongeféier 30 Min. leien fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
  • Iwerdeems schnégden ech datt Ganzt Geméiss kleng an setzen mir alles parat.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An engem waarmen Gossendëppen erhëtzt ech eng Mëschung aus Botter an Olivenualeg- D’Fleesch driien ech am Miähl an brooden et op mëttel bis hii Hëtzt all rondrëm aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen, d’Muurten an den Zellerie bis d’Geméiss aafänkt Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech d’Geméiss mam Wéng aaf. Lo leen ech d’Fleesch rëm dran an loossen den Wéng bis op Halschent reduzéiren.
  • Als nächst schëdden ech Bréit drop an o déi lossen ech bis op Halschent ankooschen, dann schëdden ech Tomaten dobäi, schmaaschen an würzen mat Salz, Peffer, Lorbeer an Thymian. Zooss loossen ech kuurz opkoschen leen dann den Deckel drop an setzen den Ossobuco fir 2 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen.
  • Gremolata
  • Sämtlich gehackten Zutaten fir d’Gremolate mëschen ech an enger Schossel an setzen se zougedeckt an den Frigo bis ech se brausch.
  • Pasta
  • An enger Schossel oder op menger Aarbichtsfläsch mëschen ech die 2 Zorten Miähl an drécken eng Kaul dran. An der Kaul schloen ech d’Eier mam Salz op an mëschen no an no Miähl drënner bis een festen Deeg entstannen ass. Deen kniädden ech dann op mannst 10 Min. bis een elastischen glatten Deeg entsteht. An Folie angewéckelt leen ech den Deeg fir 30 Min. an den Frigo. Mam Nuddelholz oder enger Nuddelmaschin rullen ech den Deeg ganz dënn aus an schnégden en an die gewënschte From.
  • An goud gesalzenem kooschenden Waasser kooschen ech d’Nuddelen an 3 Min. bis 5 Min. al dente.
  • Zervéiren
  • Nuddelen verdeelen ech op Telleren, maan bëssen Zooss driwer an leen deen zarten Kalefjarret drop, do driwer streien ech die frësch Gremolata. Gouden Apetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*