Sauce Hongroise

D’Sauce Hongroise, dës Zooss ass am 19ten Joerhonnert entstannen, wie die ungarisch Aromen hir Platz an der fransiischer Këchen fond han. Mengt Rezept baséiert op dem Rezept vam August Escoffier, ech han et äwer bëssen mengem Goût aangepasst. Durich Kreatioun van villen Rezepter an renoméierten Restauranten, déi spéider van villen Këchen iwerhollt sen jänn, hat den August Escoffier die fransiisch Këchen international bekannt gemaat. Heen hat als “Food-Autor” geschafft an die nofolgend Generatiounen beanflosst.

D’Sauce Hongroise ass eng perfekt Ergänzung zu Fleeschmenüer, ganz besonnig zu Kalef, Gefligel oder Schwéng an brengt een wonnerbar Balance van Aromen mat. Fir Food-Enthusiasten an Aafänger ass die ungarisch Zooss eent fantastisch Beispill fir Escoffier sein Anfloss op die modern Këchen. Heen weist, wie kreativ een mat deen verschiddensten Anflëss aus der Welt kann ëmgoen.

Zutaten fir meng Sauce Hongroise

1. Ënnen

  • Ënnen sen an der fransiicher an, an der ungarischer Këchen een onverzichtbaren Aromaträger. Sie suarigen fir een séissen Aroma deen den kräftigen Aroma vam Paprika ergänzt. Beim Brooden entfaalen d’Ënnen hiren séissen Aroma, watt der Zooss een mëllen aromatischen Hannergrond jëtt.

2. Paprikapolwer

  • Paprikapolwer ass d’Herzstéck van dëser Zooss. En jëtt der Zooss eng mëll Schiäreft an eng sching hell- bis donkelrugd Faaref. Pass do drop op edelséissen Paprika ze hualen, en brengt eent Hauch Ungarn op den Teller an blancéiert die anner Aromen aus.

3. Waissen Wéng

  • De Wéng brengt eng liit fruuchtig Saier an zousätzlich Frëscheet ant Zooss. Beim kooschen verdämt den Alkohol, äwer die restlich Aromen bleiwen erhaalen. Die floral Aromen harmonéiren perfekt mam Paprikapolwer an gläicht deen eerdigen Aroma aus. Wichtig ass, fir ze kooschen soll den Wéng net ze séiss sen – een drëchne wäisse Wéng ass ideal.

4. Bouquet garni

  • De Bouquet garni brengt na eng extra Portioun aan raffinéierten Aromen mat ant Zooss, De Bouquet garni ass een Bouquet aus gedrëchenten oder frëschen Krégder, en jëtt mat gekooscht an jëtt su seng Aromen ant Zooss aaf, zum Schluss jëtt den Bouquet rausgeholt an entsuarigt. Besonnig beim Zesaammenspill vam Paprikapolwer an dem wäissen Wéng krëtt alles een Krégderaroma deen die anner Aromen Ënnerstëtzt ouni se ze iwerdecken.

5. Bréit

  • D’Bréit am besten eng Gefligel- oder Kalefsbréit, sie brengt den Fleescharoma ant Zooss. Des Basis brengt Substanz an harmonéiert perfekt mat den intensiven Aromen vam Paprika.

6. Salz

  • Salz suarigt dofir d’Aromen ze hiäwen an ze verstiäriken. Pass do drop op Zooss richt ze salzen noodeems d’Bréit gekooscht hat, d’Bréit ass well gesalz an du kanns su den Salzgehalt besser kontrolléiren.

7. Optional: Botter fir ze montéiren

  • Botter jëtt zum Schluss ënnert Zooss geréiert fir se ze bannen. Dofir soll Botter zimlich kaal sen an kleng gewürfelt, wivill Botter genau dran kënnt hängt ëmmer vam eegene Goût an van der Konsistenz aaf. Hei ensteht eng Emulsioun, Zooss duraref net kooschen an o dono wann den Botter bis ënergeréiert ass Zooss just na waarem haalen, Emulsioun, kann sech soss zersetzen an Zooss geségt an schmëcht dann net mi wirklich goud.
  • D’Originalzooss jëtt mat Botter montéiert, well mir datt äwer o ze delikat ass, han ech se mat bëssen Maizeena gebonnen.

Ech han na zousätzlich:

  • Knuawléck
  • Peffer
  • kleng gewürfelt Paprikawürfel
  • Pelati

an Zooss gemëscht

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck han ech geschiält an fein gehackt. De Paprika han ech gewäsch, entkärt an a kleng Würfel geschnidden.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen, bis se aafänken Faaref ze kreien. Déi salzen ech liit.

An enger annerer warrmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter an brooden do dran op mëttel Hëtzt den Paprika, bis all Flëssikeet déi auszéiht verdonst ass an den Paprika aafänkt Faaref ze kreien.

Subal d’Ënnen liit Faaref han mëschen ech den Knuawléck an den Paprikapolwer drënner. Hei dobäi stoen bleiwen, de Paprika verbrennt ganz siier an jett dann batter. Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf, leen den Bouquet garni mat dran an loossen den Wéng bis op Halschent reduzéiren.

INFO: Beim Paprikapolwer kanns du ganz maan wie’s du denks, mat winig, z.B. 1 TL jëtt Zooss hell rugd, an mat mi z.B. 1 EL krëtt Zooss mi eng kräftig rugd Faaref!

Dann schëdden ech d’Bréit drop, loossen Zooss kuurz opkooschen an op niddriger Hëtzt ongeféier 5 Min. kooschen.

Zooss jëtt dann durich eng Passette geschott, zeréck ant Dëppen an OPTIONAL: mat kaaler Botter montéiert.

Noodeems ech Zooss durich d’Passette geschott han mëschen ech die gebrooden Paprikawürfelen drënner an den Pelati. Su loossen ech Zooss na ongeféier 15 Min. op niddriger Hëtzt kooschen fir datt d’Aromen sech vebannen. Schmaaschen an würzen evtl. mat Salz an Peffer no.

An enger klenger Schossel mëschen ech bëssen Mazieena mat paar EL Zooss bis den Maizeena sech ganz opgeliest hat, datt schëdden ech ënnert Zooss, vermëschen alles goud su datt Zooss eng liit Bindung krëtt.

Ech han Poulet kleng geschnidden, deen gebrooden an ënnert Zooss gemëscht, dobäi han ech Salzgromperen gekooscht.

Tipps

Dachs jëtt dës Zooss na mat Sauer Rahm verfeinert, sie mëcht Zoss cremig an suarigt fir een angenehm säierlichen Goût, deen d’Schiäreft vam Paprika an datt Séisst van den Ënnen ausgläicht. Besonnig an der ungarischer Këchen ass d’Kombinatioun van Paprika an sauer Rahm typisch.

Loss der Zéckt beim aanbrooden van den Ënnen an dem Paprika, du jës su mat deem besten Aroma belount.

Sauce Hongroise

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Rezept noom August Escoffier

Zutaten

  • 1 Ënn, kleng gehackt

  • bëssen Botter fir ze brooden

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 1 TL bis 1 EL Paprikapolwer

  • 1 Bouquet garni

  • 200 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Bréit, am besten Gefligel oder Kalef

  • 500 ml Pelati

  • 2 Paprika, kleng gewürfelt (jäll an rugd)

  • Salz an Peffer

  • Optional: Wanns du Zooss mat Botter montéieren wëlls, 100 g kaalen Botter, gewürfelt,

  • oder 1-2 EL Maizeena

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter an brooden do dran d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien. Déi salzen ech liit.
  • An enger annerer waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botter an brooden do dran de Paprika, bis die ganz Flëssigkeet déi austrëtt vedonst ass an den Paprika aafänkt Faaref ze kreien.
  • Subal d’Ënnen liit Faaref han, mëschen ech den Knuawléck an den Paprikapolwer drënner, goud vermëschen an mam wäisse Wéng aafläschen, den Bouquet garni dran leen an den Wéng bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Dann schëdden ech d’Bréit drop, loossen Zooss kuurz opkooschen an op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss ongeféier 5 Min. kooschen.
  • Zooss schëdden ech durich eng Passette an zeréck ant Dëppen.
  • Optional: Zooss mam Botter montéiren.
  • Nodeems ech Zooss passéiert han mëschen ech deen gebroodene Paprika an den Pelati drënner. Zooss loossen ech su ongféier 15 Min. op niddriger Hëtzt kooschen fir datt d’Aromen sech verbannen. Schmaaschen an würzen evtl. mat Salz an Peffer no.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech den Maizeena mat paar EL Zooss bis en sech ganz opgeliesst hat, datt schëdden ech ant Zooss ir se liit ze bannen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*