Karameliséiert Ënnen mat Balsamico an Hunnig

Ob jäll, wäiss oder rugd, als kleng an aromatisch Schalott oder ganz jung als Frühlingszwibbel: Rond ëm den Globus an well ségt tausenden Joeren jëtt, ass d’Ënn an eisem Ässen eng wichtig Doft- an Goût- Grondlaag!

Ënnen gehiiren zu deem älsten Kulturgeméiss op dëser Welt an han eng lang Geschicht, déi bis an d’Antik reecht. Well am aalen Ägypten sen sie als Symbol fir d’Iwegkeet veréiert jänn.

Hokt hualen ech die bescheiden Ënn an jänn hir mam karameliséiren een onverwiässelbaren séissen Goût zesaammen mat bëssen Balsamico an Hunnig krëtt dëst Geméiss eng ganz nei Dimensioun.

Karameliséiert Ënnen ass datt Beispill van Umami – sie sen séiss an herzhaft zugläich. Datt Best dodraan: Sie sen universell ansetzbar, ob als Topping op Burgeren, am Sandwich, zu Steaks, su Kiiss oder einfasch als lecker Beilaag – sie passen zu ganz villen Menüer.

Mat Balsamico an Hunnig jëtt deen séissen Goût van der Ënn na verstiärikt, an d’Säier vam Essig balancéiert alles aus.

Zutaten fir meng karameliséiert Ënnen mat Balsamico an Hunnig

1. Kleng rugd Ënnen

  • Am Vergläich van der Faaref van den Ënnen lisst sech op den Goût schléissen: Die Jäll sen am schiärefsten, die wäiss Ënnen am mëllsten an die Rugd am aromatischsten. Dësen séissen Goût kënnt während deem gemelligen Karameliséiren wonnerbar zur Geltung, well d’Ënnen beim erhëtzen Zocker fräi setzen, deen dann karameliséiert an een déiwen komplexen séissen Aroma entsteht. Ausserdeem han die rugd Ënnen mi eng sching Faaref watt sie o visuell mi appetilich mëcht. Die jäll Ënnen sen allerdings o eng goud Wiall, wanns du bëssen mi een scharfen Goût han wëlls.

2. Olivenualeg

  • Pass do drop eent hiiwärtigen Ualeg ze hualen su krëss du deen besten Goût. Den Olivenualeg hat een feinen fruuchtigen Goût, deen dëst Ässen wonnerbar ergänzt. En suarigt dofir datt d’Ënnen gläichmässig erhëtzen ouni datt se aanbrennen, ausserdeem hëleft en datt d’Ënnen besser karameliséiren. Den Olivenauleg suarigt dofir, datt d’Aromen sech goud mateneen verbannen.

3. Hunnig

  • Hunnig hat je no Zort ënnerscheedlich Aromen, déi dëst Ässen na komplexer maan kannen. Well den Hunnig mi fiit ass wie den Zocker, kreien d’Ënnen mi eng mëll Textur an sie bleiwen mi saaftig. Den Hunnig ass mi séiss wie den Zocker, mi wie 1 bis 1,5 EL brauchst du net ze hualen. Pass beim Hunnig dorop op datt en net ze waarem jëtt, bei ze stariker Hëtzt verännert den Hunnig sein Goût an jëtt batter. Alternativ kanns du o 1 EL Zocker hualen, dann äwer am besten deen brongen, deen brengt na mi Aroma mat wie deen wäissen. (1El Zocker ass mi wie 1EL Hunnig)

4. Balsamico-Essig

  • Balsamico di Modena ass hei den Klassiker. Den Balsamico hat een wonnerbaren séiss-sauren Goût, deen eng perfekt Balance zum séissen Aroma van der Ënn passt. Während dem karameliséiren jänn d’Ënnen séiss, den Balsamico brengt eng würzig Säier mat déi dëst Ässen aafronnt. Den Balsamico reduzéiert beim Kooschen an jëtt déckflëssig, wat der Ënn na mi Goût an een gewëssen Glanz jëtt. Wanns du mi eng starik Säier wëlls kanns du wäissen Balsamico hualen, deen ass manner séiss dofir äwer mi intensiv am Goût.

5. Wäissen Wéng

  • Deen wäissen Wéng brengt een frëschen, liit säierlichen Aroma mat, deen datt Séisst van den Ënnen an deen intensiven Goût vam Balsamico ausbalancéiert. Dës Säier hëleft datt se net ze séiss schmaaschen.

6. Salz an Peffer

  • Den Duo fir datt alles deen richtigen Goût krëtt. Salz ass deen gruussen Vertsiäriker an hëleft dobäi, die natiilrech Aromen van der Ënn an vam Balsamico ze hiäwen. Salz balancéiert datt Séisst van der Ënn an d’Säier vam Essig aus an suarigt datt alles harmonisch ass an net langweilig schmëscht.
  • De Peffer brengt eng liit Schiäreft, déi deen séiss sauren Komponenten an dësem Ässen gegensteieren. Deen pefferigen Goût ronnt d’Ënnen aaf an verstiärikt datt Séisst an d’Würzigkeet vam Balsamico. Frësch gemahlene Peffer suarigt fir deen richtiegn Peffergoût, intensiv an aromatisch. Ech hualen ëmmer jären deen faarwigen Peffer.

7. Optional: Frësch Krégder oder gedrëchent Krégder

  • Z.B. Thymian oder Rosmarin, sie brengen na zousätzlichen Aroma mat. Frësch Krégder wie Thymian oder Rosmarin brengen erdig, aromatsich Nuancen, déi zousätzlichen Goût mat brengen. Thymian hat een liiten Zitrounenaroma, déi wonnerbar mam Balsmico harmonéiert, während den Rosmarin een liit holzigen, pefferigen Goût beisteiert, deen dëst Ässen na mi würzig mëcht.

D’Kombinatioun van dësen Zutaten suarigt fir eent Ässen, datt séiss, würzig, fruuchtig an erdig zugläich ass an sech wonnerbar als Beilaag, oder kleng geschnidden als Topping fir die verschiddenst Ässen aanbéid. Sie ergänzen sech net nëmmen am Goût mais o an hirer Textur – d’Ënnen bleiwen zaart an karameliséiert, während den Balsamico datt Ganzt mat enger blänkischer, köstlicher Schicht vereent.

Zoubereedung

  • D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an Halschenten. Wanns du se als Topping fir op een Hamburger oder op engem Broot hëlls kanns du se op der Mandoline an dënn Ronselen schnégden.
  • De Schiäffchen wiärmen echo p 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger Schossel mëschen ech 1 EL Olivenualeg, den Hunnig, den wäissen Wéng an de Balsamico bis den Hunnig sech ganz opgelieest hat.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg. D’Ënnen brooden ech do dran mat der geschniddener Ségt no ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann pinselen ech se mat der Balsamico-Mëschung an, an würzen mat Salz an Peffer. D’Ënnen setzen ech dann fir 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

INFO: Bei deen an Ronselen geschniddenen Ënnen brauchst du den Schiäffchen net.

No deen 20 Min. hualen ech se raus an driien se ëmm, déi Ségt pinselen ech o mat er Balsamico-Mëschung an, an würzen mat Salz an Peffer, dann setzen ech d’Ënnen fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 10 Min. pinselen ech d’Ënnen na eng kéier an, streien lo o die gedrëchent Krégder driwer an setzen se na eng kéier fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Wann ech frësch Krégder hualen streien ech se rischt viraam zervéiren als Garnitur driwer.

Tipps

  • Pass do drop op, datts du beim aan brooden d’Hëtzt netz e hii drigs, rischt durich datt gemelligt aanbrooden entwécklen d’Ënnen hiren Umami-Goût.
  • Tipps geent Tringen beim Ënnenschiälen jänn et der dausende – an sie hëlefen net wirklich. Dauerhaft Hëlef ass do wahrscheinlich Gentechnik. Mat der Hëlef kënnt een datt dofir verantwortlicht Aroma „deaktivéiren“, sollt dodurich äwer hiren eenzigartigen Aroma verluaren goen, kräischen ech léiwer beim Ënnen schnégden.
  • De Goût van dësen Ënnen ass wie eng Explosioun am Mond, séiss, sauer, würzig een richtigen Genoss!

Varianten

  1. An Italien jänn karameliséiert Ënnen dachs mat Balsamico di Modena gemaat, engem besonnig hiiwiärtigen Balsamico-Essig, deen den Ënnen een komplexen Goût jëtt.
  2. An der fransiischer Këchen jänn karameliséiert Ënnen mat rugdem Wéng gemaat, watt den Ënnen een eleganten Touch jëtt.
  3. An an Spanien jänn dës Ënnen na zousätzlich mat gereechtem Paprikapolwer gewürzt, watt hinnen een liiten Rauch-Aroma jëtt.

Karameliséiert Ënnen mat Balsamico an Hunnig

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 12 kleng rugd Ënnen, halbéiert

  • Olivenualeg

  • 1 EL Hunnig

  • 6 EL Balsamico

  • 2 EL wäisse Wéng

  • Salz & Peffer

  • Optional: Frësch oder gedrëchent Krëgder

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger Schossel mëschen ech den Hunnig mam Balsamico, wäissen Wéng an 1 EL Olivenualeg.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen mat der geschniddener Ségt no ënnen aan. Subal sie aafänken Faaref ze kreien pinselen ech sem mat der Balsamico-Mëschung an, an würzen se met Salz an Peffer. Su setzen ech datt Ganzt fir oongeféier 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • No deen 20 Min. hualen ech d’Ënnen raus an driien se ëm, déi Sègt pinselen ech o mat der Balsamico-Mëschung an an würzen mat Salz an Peffer, datt setzen ech dann fir ongeféier 10 Min. zeéck an den Schiäffchen.
  • No deen 10 Min. hualen ech d’Ënnen raus an pinselen se na eng kéier an, lo streien ech dann gedrëchent Krégder driwer an setzen se dann rëm fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Wann ech frësch Krégder hualen, streien ech se rischt viraam zervéiren fir Garnitur driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*