Spaghetti al pomodoro e basilico

Spaghetti al pomodoro e basilico ass d’Essenz van der italienischer Këchen: eent einfascht äwer köstlicht Rezept, datt die natiirlich Aromen van den Tomaten, dem Basilikum an Olivenualeg betount.

Wann een aan die italienisch Këchen denkt kommen engem ëmmer Spaghetti an den Sënn. Dobai muss et net ëmmer Spaghetti Bolognese sen, wie wir et dann mol mat engem ganz einfaschen vegetarischen Teller Pasta? Wie bei allen italienischen Rezepter weist o dëst Rezept, datt aus winigen Zutaten eent grussartigt Ässen entsteht. An Italien ass dësen Menü net nëmmen eent einfascht Ässen mais den Ausdrock van Kultur an Léift zum Detail.

De Basilikum

Bis viraan kuurzem ass de Basilikum just mat der mediterraner Këchen assoziéiert jänn: Pesto genovese oder Insalata caprese han sein herrlich frëschen Aroma an Mëtteleuropa populär gemaat. Ségt der Ausbreedung van der asiatischer Këchen, ganz besonnig der thailännischer Këchen wees en äwer, datt o do den Basilikum eent ganz beléift Krogt ass.

D’Zesaammensetzung van den ätherischen Ualger van deen verschiddenen Zorten Basilikum ass ganz ënnerscheedlich. Paar Grondkomponenten han sie äwer all gemeinsam – sie maan deen charakteristischen Aroma van dësem Krogt aus. Die bloumig, eukalyptusartig Frëschheet, deen aromatisch anisartigen Aroma an deen gréinen, grasigen Geroosch.

Am Goût ass den Basilikum liit batter an weist äwer gläichzégtig een liit séissen Aroma an eng gewëss Schiäreft op. Zu dësen gemeinsamen Komponenten gesellen sech je no Zort verschidden Geröscher, déi je no Aanbaugebiet, Genetik oder Klima an ënnerscheedlichen Konzentratiounen opkommen kannen.

  • Mat frëschem Basilikum soll een ganz virsichtig ëmgoen, opgrond van senger mëllen Bläder entstinn ganz siier Rëss oder Quetschungen, durich déi die flüchtig Aromen austrëdden kannen.
  • Durich ze kräftigt wäschen an lang matkooschen verléiert de Basilikum ganz vill Aromen.
  • Vam Basilkium kannen d’Bläder an Stiller, mat den Hänn zerrappt oder gehackt an mat verschafft jänn.
  • Vermëscht een den Basilikum mat bëssen Olivenualeg liesen sech d’Aromen am Fett an bleiwen su mi lang erhaalen.
  • Dofir jëtt den Basilkum meestens ganz frësch als Garnitur iwert een Menü gestreit oder nëmmen ganz kuurz mat gekooscht.

Gedrëchenten Basilkum kann an punkto Goût an Geroosch net mat deem frëschen mathaalen, en jëtt dem Ässen äwer een dezenten Aroma an kann o rischt zum Schluss kuurz matgekooscht jänn.

Eng Ausnahm bild deen indischen Basilikum (Tulsi) deen muss kuurz matgekooscht jänn fir datt en sein würzigen Aroma voll entfaalen kann.

Zutaten fir meng Spaghetti al pomodoro e basilico

1. Spaghetti

  • Die bekannsten Pastazort aus Italien, dënn am ronn, perfekt fir dës einfasch Tomatenzooss.

2. Tomaten

  • De Star van dësem Menü! Pass do drop op, zégdig an séiss Tomaten ze koofen – sie jänn dëser Zooss hiren onverwiässelbaren Goût. Am besten eegnen sech San Marzano oder Roma Tomaten.

3. Knuawléck

  • De Knuwléck jëtt dëser Zooss, sein herzaften Aroma

4. Olivenualeg

  • Hiiwiärtigen Olivenualeg brengt net nëmmen Goût, mais o Gesondheet op dein Teller.

5. Basilikum

  • Frësch Basilikumbläder suarigen fir deen onverwiässelbaren, goud rauschenden Aroma.

6. Optional: Pecorino oder Parmesan

  • Kiis as keng typisch Zutate an dësem Menü, mais en brengt eng zousätzlich würzig Komponent mat.

Zoubereedung

  • De Knuawléck schiälen ech an schnégden en an dënn Scheiwen
  • Tomaten iwerbréihen ech mat kooschendem Waasser, schiälen se an schnégden se an graff Würfelen.

An enger waarmer Pann oder Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt d’Halschent vam Olivenualeg, do drann brooden ech den Knuawléck aan. Den Knuawléck soll liit goldbrong jänn, äwer net verbrennen, soss jëtt en batter.

TIPP: Wanns du mi een mëllen Goût wëlls, kanns du den Knuawléck noom aanbrooden aus dem waarmen Ualeg raus hualen an entsuarigen.

Subal den Knuawléck goldbrong ass schëdden ech Tomaten dobäi. Tomaten ongeféier 15 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen, bis se zu enger deckflëssiger Zooss zerfällen. Ëmmer mol rem dran réiren. Schmaaschen an evtl. bëssen salzen.

TIPP: Du kanns Tomaten aus der Béchs hualen, falls du keng zégdig, frësch Tomaten fënns. Kuck äwer dann, datt se van gouder Qualitéit sen, an datt et San Marzano oder Roma Tomaten sen.

Während Zooss kooscht setzen ech eent Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op, loossen datt opkooschen an kooschen do dran Spaghetti no Packaaweisung al dente.

TIPP: D’Waasser kann su salzig sen wie Miärwaasser, rischt su kreien Nuddlen deen rischtigen Goût. Datt meest Salz land suwiesu am Aaffloss.

  • Den Basilikum zerappen ech mat den Hänn oder hacken en kleng, rischt just är ech ënnert Zooss mëschen.

Den Basilikum jëtt kuurz viraam Enn van der Kooschzéckt ënnert Zooss gemëscht. Schmaaschen.

Subal d’Nuddelen al dente sen, eng Tass Nuddelwaasser raus scheffen, Spaghetti aafschëdden an ënnert Zooss mëschen, bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden, fir Zooss liit ze verdënnen an mat den Nuddelen ze bannen.

Dann deen Rest vam Olivenualeg ënnermëschen an Nuddelen op Telleren verdeelen. Bëssen Peffer aus der Millen an evtl. frësch geriwene Pecorino oder Parmesan driwer verdeelen.

Mat paar ganzen Basilikumbläder garnéiren an zervéiren.

Zooss waart ëmmer op Nuddelen an net ëmgedrigt!

Tipp

Schmaasch deng Zooss, ech han mein hausgemaaten Pelati dofir geholt deen ass well gesalzen, ausserdeem brengt Nuddelwaasser an Spaghetti o na een Deel Salz mat. Tomaten aus der Béchs kannen o well gesalz sen, datt kanns du op der Beschreiwung noliäsen.

Varianten

Die italienisch Këchen ass Regional, all Regioun hat hir ganz eegen Rezpter fir dësen Menu ze kooschen. Neapel hëllt am léifsten San Marzano Tomaten, déi bei hinnen op vulkanischem Buadem waassen an ganz besonnig séiss an fleeschig sen. An Sizilien jänn jären Kaperen an Oliven ënnergemëscht fir dem Menü een salzigen, mediterranen Aroma ze jänn. Bei der toskanischer Variant jëtt jären bëssen wäissen Wéng ënnert Zooss gemëscht, fir den Goût na mi intensiv ze kreien.

Spaghetti al pomodoro e basilico

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Tomaten

  • 3 Ziiwen Knuawléck, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 120 ml Olivenualeg

  • 3 EL frëschen Basilikum, zerzupft oder gehackt

  • 500 g Spagetti

  • Salz

  • Optional: frësch geriwene Pecorino oder Parmesan

  • Fir Garnitur: frësch gemahlene Peffer an paar ganz Basilikumbläder

Zoubereedung

  • Tomaten iwerbréihen ech am kooschenden Waasser, schiälen se an schnégden se an graff Würfelen.
  • An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt d’Halschent vam Olivenualeg, do dran brooden ech den Knuawléck aan bis en liit goldbrong ass.
  • Als nächst schëdden ech Tomaten drop, an kooschen Zooss ongeféier 15 Min. bis se liit andéchst an Tomaten zerfällen. Schmaaschen an evtl. bëssen salzen.
  • Während Zooss kooscht setzen ech eent Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op an subal datt kooscht, kooschen ech d’Nuddelen no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzéckt scheffen ech eng Tass Nuddelwaasser raus.
  • De Basilikum zerzupfen ech graff mat den Hänn oder ech hacken en an mëschen en ënnert Zooss. Dann schëdden ech Nuddelen aaf an schëdden déi bei Zooss ant Dëppen, bëssen Nuddelwaasser drop schëdden, an kuurz erwiärmen.
  • Deen Rest Olivenualeg drënner mëschen an d’Nuddelen op Telleren verdeelen an mat frësch gemahlenem Peffer engem frëschen Blaad Basilikum an Optional bëssen Pecorino oder Parmesan garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*