Zaarten Ragù di vitello

Ragù di vitello – ass die italienisch Äntwert op herzhaft Comfort Food. Eent Rezept an deem Kalefsfleesch eng ganz besonnig Roll spillt. Am Gegensatz zum bekannten Ragù alla Bolognese, deen ischter mat Rand oder Schweng zoubereet jëtt, hat dësen Ragù eng mëll an zaart Konsistenz.

Den Geroosch van Tomaten, Kreger an zaartem Kalefsfleesch durichzéiht datt ganzt Haus an versammelt die ganz Familjen aam Dësch, an dësem Ragù stëcht bëssen Gedold an vill Léift – d’Fleesch muss gemellig garen, fir datt et botterzart jëtt an sech mat den Aromen verbënnt.

An net ze vergeesen: Die best Zutaten, bëssen gouden Weng an Zekt ass d’Geheimniss van dësem Menü. Man dir also keng Suarigen wann et mol bëssen mi lang dauert, su schmëcht et am besten. Perfekt op Pasta oder als Begleedung zu Polenta hëllt dësen Menü dech mat op eng Réis an d’Stroossen an d’Këchen van Italien.

Zutaten fir mein Ragù di vitelleo

1. Kalefsfleesch

  • Dëst Fleesch ass besonnig zart an hat een mëllen Goût, ideal fir een liiten Ragù. Fir den Ragù di vitello eegent sech am besten eent Steck Fleesch aus der Schëller, well et beim schmoren saaftig an mëll bleift.

2. Ënnen

  • Ënnen sen eng Grondzutat van villen italienischen Zoossen, mat hiren natiirlich séissen Aroma ass sie d’Basis van dësem Ragù. Beim gemelligen aanbrooden entweckelt sie hirren herrlichen Aroma, deen der Zooss hiren autentischen Goût jëtt. D’Ënnen brengen ausserdeem eng angenehm mëll Textur an d’Zooss.

3. Knuawelek

  • De Knuawelek brengt eng dezent Schiäreft an een aromatischen Goût an den Ragù, en harmonéiert perfekt mat deen séissen Ënnen an deen saierlichen Tomaten an ronnt den Ragù aaf.

4. Olivenualeg

  • Een gouden extra virgin Olivenualeg ass een Muss an der italienischer Këchen an brengt mat sengem fruuchtig-, grasigen Aroma een authentischen Goût an dësen Menü. En jëtt dir d’Aanbrooden vam Fleesch, den Ënnen an dem Knuawelek gehollt an suarigt dofir datt sech d’Aromen optimal entfaalen kannen.

5. drëchene wäissen Weng

  • Wäissen Weng jëtt dachs an italineischen Schmormenüer verschafft, en brengt eng angenehm Saier an den Menü. Beim aafläschen hëleft en, datt d’Röstaromen van deen aangebroodenen Zutaten sech liesen an den Alkohol verdämpt während dem Kooschen, su datt die fruuchtig, liit saierlich Nuancen zereckbleiwen. Een drëchene wäissen Weng ass hei ideal, en erfrëscht den Ragù, ouni datt en séiss jëtt.

6. Miähl

  • D’Miähl suarigt fir d’Bindung van der Zooss, dodurich datt d’Miähl sech mam Fett an Weng vermëscht entsteht en cremig Zooss.

7. Pelati

  • D’Tomaten sen Basis van der Zooss an brengen eng liit Saier an fruuchtig Frëscheet. De Pelati suarigt fir die typisch rugd Faaref, sie sen reich aan Umami watt dësem Menü een kräftigen würzigen Aroma jëtt.

8. Salz & Peffer

  • Salz an Peffer gehiiren an all Menü an déinen dozou sämtlich Aromen ze hiäwen.

9. Italienisch Kregder

  • D’Kregder zéien während dem Schmoren durich deen ganzen Ragù an en krëtt dodurich sein charakteristischen italienischen Aroma.

10. Schmand

  • De Schmand ronnt datt Ganzt aaf an suarigt fir eng sämig Konsistenz.

Zoubereedung

  • D’Fleesch schnegden ech an Mongerecht Stecker an würzen et mat Salz an Peffer.
  • D’Ënnen schiälen ech halbéiren se an schnegden sen an dënn Streifen
  • De Kniawelek schiälen ech an hacken en fein.

An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Segt bis ech et brausch.

An deem selwischten Dëppen rem bëssen Olivenualeg erhëtzen an op niddrig bis mëttel Hëtzt d’Ënnen aanbrooden bis se karamelsiéren, subal déi sching goldbrong aangebrooden se mëschen ech den Knuawelek drënner an brooden deen kuurz mat aan. Wann deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat der Halschent vam wäissen Weng aaf an loossen deen komplett ankooschen, su datt sech om Buadem vam Dëppen rem Röstaromen bilden. Datt läschen ech dann mam rest Weng aaf, loosen et kuurz kooschen an mëschen d’Fleesch drënner.

Datt Ganzt stëppsen ech dann mam Miähl an an réisteren datt kuurz mat aan. Als nächst schëdden ech den Pelati drop an vermëschen alles goud mateneen an loossen den Ragù opkooschen. Würzen mat Salz, Peffer an deen italienischen Kregder.

Op niddriger Hëtzt lossen ech den Ragù mat Deckel fir ongeféier annerhalef Stonnen schmoren, dozwëschent mol eng kéier dran kucken an réiren.

No der annerhalwer Stonn mëschen ech den Schmand drënner an erhëtzen deen kuurz, schmaaschen an würzen evtl. na no.

Ech han mein Ragù op Penne zervéiert an frësch Baguette dobäi gereecht.

Tipps

  • D’Ënnen schnegden ech an Streifen an net an Halefronselen, sie han su eng anner Konsistenz.
    • Gedold beim schmoren, rischt su entweckelt den Ragù sein authentischen Goût an d’Fleesch jëtt botterzart.
    • De Weeng goud ankooschen loossen fir datt den Alkohol verdämpt. an just den Goût bleift.

      Zaarten Ragù di vitello

      Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
      Portiounen

      4

      Portiounen
      Virberreedungszéckt

      15

      Minuten
      Kooschzéckt

      1

      Stunde 

      30

      Minuten

      Zutaten

      • 800 g Kalefsfleesch, an mongerecht Stecker geschnidden

      • Olivenulaeg fir ze brooden

      • 4 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

      • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

      • 100 ml drëchne wäissen Weng

      • 2 EL Miähl

      • 500 g Pelati

      • Salz & Peffer

      • 2 TL gedrëchent italienisch Krégdermëschung

      • 125 ml Schmand

      Zoubereedung

      • D’Fleesch würzen ech mat Salz an Peffer.
      • An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Segt bis ech et brausch.
      • An deem selwischten Dëppen op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen do dran brooden bis se karameliséiert sen. Wabn deéi sching brong aangebrooden sen mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat der Halschent vam wäissen Weng aaf, deen lossen ech ganz ankooschen su datt sech rem Röstaromen om Buadem vam Dëppen bilden, datt läschen ech dann mam Rest vam Weng aaf an loossen deen 2 Min. kooschen.
      • Als nächst mëschen ech d’Fleesch drënner an stëppsen alles mam Miähl an, vermëschen et goud an réisteren datt kuurz mat aan.
      • Dann schëdden ech den Pelati drop an lossen den Ragù opkooschen, würzen mat Salz, Peffer an deen italienischen Krégder.
      • Mat Deckel an op niddriger Hëtzt lossen ech den Ragù ongeféier annerhalef Stonn schmoren. Dozëschent mol eng kéier an Dëppen kucken an dran réiren.
      • No der annerhalwer Stonnen schëdden ech den Schmand dobäi, erhëtzen alles kuurz, schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
      • Ech han mein Ragù op Penne zervéiert an frësch Baguette dobäi gereecht.

      Leave a Comment

      Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

      *