Basilikumualeg ass een aromatischen Allrounder an der Këchen an jëtt villen Menüer een frëschen, mediterranen Goût. Well bei deen aalen Réimer ass den Basilikum als kiniklich Planz verliert jänn, watt sech an sengem Naam spéijelt. D’Wuort Basilikum leet sech aaf van deem griechischen Wuort „basilikós“ watt kiniklich bedeit.
Verwendung
Basilikumualeg kann villsegtig angesatt jänn – als Topping op engem Zaloot, en verfeinert Bruschetta oder en jëtt enger Pasta deen perfekten Goût. An Italien gehiiert dësen Ualeg zum Basiswürzmëttel an villen Këchen, äwer o an der mediterraner oder provenzalisches Këchen fënnt een ähnlich Varianten.
Zutaten fir mein Basilikumualeg
- frëschen Basilikum, donkelgréin an ouni Flecken, den Aroma soll kräftig sen, fir dem Ualeg sein typischen Goút ze jänn.
- Olivenualeg, kaal gepressten, hiiwiärtigen, nativen Olivenualeg verstiärikt den Basilikumaroma an brengt eng mëll fruuchtigkeet mat.
- Optional: bëssen Salz, et Intensiviert den Goût.
Zoubereedung
Et jänn mi Methouden wie een dësen Ualeg zoubereeden kann:
Methoud 1
- Basilikum virbereeden: Deen frëschen Basilikum kuurz ënnert kaalt Waasser haalen an viirsichtig dréchen rëselen.
- Ualeg erhëtzten: Den Olivenualeg gemellig op niddriiger Hëtzt op 50°C erwiärmen. Optional d’Salz mat drënner mëschen. Falls du keen Thermometer has, stell deng Plaque op die niddrigst Stuuf an looss den Ualeg su paar Min. drop stoen – den Ualeg soll net mi waarem wie 50°C jänn, well de Basilikum bei ze hiier Temperatur batter jänn kann.
- De Basilikum zéien loossen: De Basilikum an deen waarmen Ualeg leen an 1 Stonn bei 50°C zéien loossen. Heinsdo mol eng kéier dran réiren an Temperatur am Au behaalen.
- Mixen: De Baslikumualeg an een Mixer fëllen an fir 1 Min. bis 2 Min. mixen, dann durich eent Dousch passéiren an goud ausdrecken.
- Lagerung: De Ualeg an steril Fläschen fëllen an loftdicht verschléissen. Am Frigo ass den Ualeg su ongeféier 1 Woosch haltbar. Well en keng Konservéirungstoffer enthält verléiert en no der Woosch ganz sier aan Goût.
Methoud 2
- Basilikum virbereeden: Den frëschen Basilikum kuurz ënnert kaalt Waasser halen an virsischtig dréchen rëselen.
- Blanchéiren: Eent Dëppen mat Waasser opsetzen an den Basilikum do drann ongeféier 10 Sekonnen blanchéiren.
- Aafschrecken: de Basilikum direkt an Äiswaasser leen, goud aafdrëpsen loossen an virsichtig mat Këchenpapeier drëchen Tuppen.
- Ualeg mixen: Deen aafgedrëpsten Basilikum zesaammen mam Olivenualeg, an optional bëssen Salz, an een Blender fëllen an fir 1 Min. bis 2 Min. mixen, bis d’Mëschung eng liäwig gréin Faaref hat.
- Filteren: Den Ualeg durich eent Dousch passéiren an d‘Rester goud ausdrecken, fir den maximum aan Ualeg ze extrahiéren.
- Lagerung: Den Ualeg an steril Fläschen fëllen an loftdicht verschléissen. De Ualeg kann direkt verschafft jänn, am besten ass et äwer, en 24 Stonnen durich zéien ze loossen. De Basiikumualeg kann bis zu enger Woosch am Frigo gelagert jänn. Well en keng Konservéirungsstoffer enthält verléiert en no der Woosch ganz siier aan Goût.
Tipps
Bei deen 2 Methouden, hual frëschen Basilikum mat schingen glatten donkelgréine Bläder, Stiller kanns du mat verschaffen o déi han vill Aroma.
Bei der Methoud 1, krëtt den Baslikumualeg mi een kräftigen Aroma, äwer net eng su kräftig gréin Faaref.
Bei der Methoud 2, jëtt den Basilikum blanchéiert fir datt en net oxidéiert an dodurich brong jëtt, an su den Ualeg brong fiäreft am Platz gréin. En verléiert allerdings o bëssen Aroma, dofir nët mi lang wie 10 Sekonnen blanchéiren an direkt an d’Äiswaasser leen. Dodruich krëtt en eng kräftig gréin Faaref.
Varianten & Verwendungsarten
D’Italiener notzen dësen Ualeg dachs fir d’Verfeineren vam „Insalata Caprese“.
An der Provence jëtt na zousätzlich Thymian oder Rosmarin mat verschafft, fir dem Ualeg su een komplexeren Aroma ze jänn.
D’Spanier verfeineren dësen Ualeg na mat Knuawelek an zervéiren en bei enger Paella oder bei hiren Tapas.
Basilikumualeg
Schwierigkeit: einfaschZutaten
80 g frëschen Basilikum
250 ml gouden Olivenualeg
optional: bëssen Salz
Zoubereedung
- Fir die 2 Methouden, den Basilikum kuurz ënner flëissendem kaalen Waasser wäschen an viirsichtig dréchen rëselen.
- Methoud 1
- Den Olivenualeg op Plaque setzen an gemellig op 50°C erhëtzen. Optional: Salz mat drënner mëschen.
- Mam Thermometer Temperatur am Au behaalen, de Ualeg soll net iwert 50°C erhëtzt jänn.
- De Basilkum dran leen an 1 Stonn bei 50°C zéien loossen.
- An een Blender fëllen an fir 1 Min. bis 2 Min. mixen.
- Durich eent Dousch passéieren an fest ausdrecken.
- Methoud 2
- Eent Dëppen mat Waasser opsetzen an opkooschen loossen.
- De Basilikum fir 10 Sekonnen blanchéiren an direkt am Äiswaasser aafschrecken, op Këchenpapeier aafdrëpsen loossen an viirsichtig drëchen Tuppen.
- Mam Ualeg, an optional: bessen Salz, an den Blender fëllen an fir 1 Min. bis 2 Min. mixen.
- Durich eent Dousch passéiren an fest ausdrecken.
- Fir die 2 Methouden, den Ualeg an steril Fläschen fëllen an fest verschléissen, su ass en am Frigo bis zu enger Woosch haltbar, dono verléiert en ganz siier aan Aroma.