Mein Pouletsandwich am Fladenbrugd mat Balsamicotomaten an Mozzarella verbënnt Frëscheet an eng onkomplizéiert Zoubereedung. Dëst Ässen verkörpert d’Essenz van der italienischer Këchen – einfach an voller Aroma, mat engem klengen Anfloss aus dem mëttleren Osten, ideal fir eent entspannt Ässen.
Fladenbrugd
Has du gewosst, datt d’Fladenbrugd seng Wuurzelen an der Antik hat an van villen Kulturen van Italien bis an den mëttleren Osten eng Hauptroll spillt?
Geschicht an Ursprong
Fladenbrugd gehiiert zu den älsten Brugdzorten op dëser Welt. Et hat sein Ursprong an der Antike an ass van Kulturen am Mëttleren Osten, Nordafrika, Südeuropa an Asien entwéckelt jänn. Historisch gesehen wor et ganz einfasch zouzebreeden an perfekt fir nomadisch Kulturen, well et als Ässen an als Besteck gedéint hat. Et jëtt aangehollt datt Fladenbrugd ségt iwer 14000 Joer gebaaschen jëtt – et ass well an der Steenzékt gebaaschen jänn.
- Die ischt Fladenbrugd woren ongesäiert. Mat der Entdeckung vam Sauerdeeg an der Hefe han vill Kulturen aagefongen gesäiert Varianten ze entwéckelen.
Opbau an Zoubereedung
Fladenbrugd ass eent dënnt, platt Brugd, datt aus winigen Grondzutaten besteht – Miähl, Wasser, Salz an evtl. Sauerdeeg oder Hefe. Et jëtt an engem Uawen gebaasch, ob enger waarmer Plaque oder an enger Pann gebrooden. Je no Regioun ënnerscheeden sech die verschidden Zoubereedungsarten.
- mat Hefe, jëtt et eent fluffigt an mëllt, typisch fir datt türkischt oder griechischt Fladenbrugd.
- ouni Hefe, platt an liit ziih, wie datt indischt Naan oder arbabisch Pita.
Varianten
- Türkischt Fladenbrugd: mëll, dachs mat Sesam oder Schwarzkümmel bestreit. Ideal fir Döner an Sandwiches.
- Arabisch Pita: Dënn, dachs mat enger “Täsch” fir ze fëllen. Perfekt fir Hummus an Falafel.
- Indischt Naan: Traditionell am Tandoor-Uawen gebaasch, dachs mat Botter an Knuawelek verfeinert.
- Italienisch Foccacia: Dëck an aromatisch, mat Olivenualeg, Kregder oder engem anneren Belaag verfeinert.
- Mexikanisch Tortilla: eng dënn Variant aus Mais- oder Weesenmiähl.
Kulinarisch Bedeitung
D’Fladenbrugd ass eent Multitalent. Et kann als Beilaag, Hauptbestandeel oder Basis fir vill verschidden Menüer gehollt jänn. Et passt zu Zoppen, gegrilltem Fleesch oder Geméiss, äwer o zu séissem Gebeets.
Symbolik an Kultur
D’Fladenbrugd symboliséiert an villen Kulturen Gemeinschaft an Gastfrëndschaft. Et jëtt dachs gedeelt an, an d’Mëtt vam Dësch geleit, su datt jidfereen goud draan kënnt an sech zervéiren kann. Et jänn Regiounen do ass d’Fladenbrugd hellig an jëtt nie verschwend.
Mat sengem universellen Charakter verbënnt d’Fladenbrugd d’Këchen aus der ganzer Welt an ass well ségt dausende Joeren een Favorit.
Zutaten fir mein würzigen Pouletsandwich am Fladenbrugd
- Fladenbrugd: locker an mëll, déint et als Basis, fir die ganz Aromen opzehualen. Ideal ass hei eent türkischt Fladenbrugd.
- Pouletfilet: proteinreich an zart, perfekt fir die mediterran Aromen an Gewürzer opzehualen.
- Mozzarella: cremigen Kiiss, deen den Goût ausbalancéiert. Frëschen Büffelmozzarella ass hei die besten Wiäll.
- Tomaten oder Kiischtentomaten: saaftig an séiss sen sie die perfekt Balance fir deen intensiven Goût vam Balsamico.
- Balsamico-Essig: jëtt den Tomaten een séiss-sauren Kick an verstiärikt hirren natiirlich séissen Aroma.
- Olivenualeg: mediterranen Klassiker fir Goût an Konsistenz.
- Knuawelek: fir deen intensiven Goût.
- Ënnen: fir na een zousätzlichen aromatischen Twist.
- Salz an Peffer: een Muss, fir sämtlich Aromen ze betounen.
- Zitrounensaaft: fir Marinade vam Poulet, Zitrounensaaft wirikt als “Fleeschzartmacher”, sie brëscht Proteinen op, watt d’Fleesch mi saaftig mëcht.
- Oregano: eent typischt Krogt an der mediterraner Këchen mat engem liit herben, würzigen Aroma.
- Paprikapolwer: en brengt net nëmmen Goût, en suarigt o beim brooden fir eng appetitlich, goldbrong Faaref.
Zoubereedung
De Poulet schnégden ech an Streifen an leen en an eng Schossel, ech mëschen en mat Zitrounensaaft, Salz, Peffer, Oregnao, Paprikapolwer an bëssen Olivenualeg. Su lossen ech en zougedeckt op mannst 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien, am besten iwert Nait am Frigo. Breets du dein Poulet well Moies vir, dann o an den Frigo stellen, mi lang wie 30 Min. soll en net bei Raumtemperatur stoen bleiwen.
- D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen.
- De Knuawelek jëtt geschiällt, zerdreckt an dann fein gehackt.
- Tomaten schnégden ech an aaschtel, hëlls du Kiischtentomaten, déi halbéiren.
- De Mozzarella schnégden ech an dënn Scheiwen.
- D’Fladenbrugd schnegden ech op.
De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong aan. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.
An der selwischter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt, wann et nigdisch ass na bëssen Olivenualeg, an brooden do drann d’Ënnen aan an loossen se karameliséiren.
Subal d’Ënnen sching brong gebrooden sen mëschen ech den Knuawelek drënner an wann deen aafänk mat rauschen schëdden ech Tomaten dobäi, brooden alles kuurz aan an würzen mat Salz an Peffer.
Dann schëdden ech den Balsamico dobäi an loossen deen liit reduzéiren bis eng cremig Zooss entstannen ass.
Op deem ënnischten Deel vam Fladenbrugd leen ech paar Scheiwen Mozzarella, do drop leen ech deen gebroodene Poulet an om Poulet verdeelen ech meng gebrooden Tomaten, ech schléissen mat enger Schicht Mozzarella aaf an klappen Fladenbrugd zou.
Die färdig Sandwiches setzen ech op eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Blech an setzen se fir ongeféier 15 Min. bis 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss geschmolz an alles waarem ass.
Tipps
- Bereet dir sämtlich Zutaten vir, befirs du aafänks mat Kooschen.
- D’Ënnen entweckelen hiren séissen Goût just duricht gemelligt brooden bei mëttel Hëtzt, et brausch bëssen Zékt, mais du jëss mat engem wonnerbaaren Goût belount.
Würzigen Pouletsandwich am Fladenbrugd
Schwierigkeit: einfasch2
Portiounen20
Minuten20
MinutenZutaten
2 Fladenbrugd
2 Pouletfilet, an Streifen geschnidden
Olivenualeg
Salz & Peffer
1 TL Oregano
1 TL Paprikapolwer
Saaft van 0,5 Zitroun
1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
3-4 Tomaten, an aaschtel geschnidden
2 EL Balsamicoessig
200 g Mozzarella, an dënn Scheiwen geschnidden
Zoubereedung
- De Poulet leen ech zesaammen mam Salz, Peffer, Oregano, Paprikapolwer, Zitrounensaaft an bëssen Olivenualeg an eng Schossel an vermëschen alles goud mateneen, zougedeckt lossen ech en fir 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong aan. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.
- An der selwischter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt, wann nigdig, na bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen an loossen se karamelsiéiren.
- Subal d’Ënnen sching brong gebrooden se, mëschen ech den Knuawelek drënner, wann deen aafänkt mat rauschen schëdden ech Tomaten dobäi an brooden alles kuurz aan an würzen mat Salz an Peffer.
- Als nächst schëdden ech den Balsamico drop an lossen deen liit reduzéiren bis eng cremig Zooss entstannen ass.
- D’Fladenbrugd schnégden ech op an leen op deen ënnischten Deel paar Scheiwen Mozzarella, do drop leen ech den Poulet an om Poulet verdeelen ech die gebrooden Tomaten, ech schléissen mat enger Schicht Mozzarella aaf an klappen d’Fladenbrugd zou.
- Die fiärdig Sandwiches setzen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an setzen se fir ongeféier 15 Min. bis 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis alles waarem ass, an den Kiiss geschmolz.