Rustikalen Eintopf

Warem, herzhaft an een Hauch van Traditioun op all Teller- mengt Rezept van hokt vereent deen mëllen Biss van Brokkelcher, d’Würzigkeet van klengen Bouletten an deen mëllen Goût van Gromperen an Poretten. Een Menü deen déif an der europäischer „Hausmannskost“ verwuurzelt ass an et ass eng Hommage aan die einfasch, nahrhaft Zutaten. Well am Mëttelalter woren Brokkelcher eent beléift Wantergeméiss, während d’Gromperen an d’Poretten aus dem Gaart oder vam Feld op den Dëcher van de Bauren geland sen.

Die eenzel Zutaten ergänzen sech perfekt: Die würzige Bouletten jiän durich deen nossigen Aroma van den Brokkelcher ausgeglasch, Gromperen an d’Poretten suarigen fir eng mëll Basis, während Gewürzer datt Ganzt aafronnen. D’Bréit verbënnt alles zu enger harmonischer Eenheet.

Zutaten fir mein rustikalen Eintopf

Fir d‘Bouletten

  • Randsgehacktes, würzig an herzhaft, besonnig an Kombinatioun mat den Gewürzer. Alternativ kanns du natiirlech o gemëschtent Gehacktes hualen.
  • Eier, fir Bindung vam Gehacktes
  • Panéiermiähl, suarigt dofir datt Fiitegkeet am Fleesch bleift an suarigt fir eng goud Konsistenz van den Bouletten
  • bëssen Olivenualeg, datt mëschen ech ëmmer ma ënnert rengt Randsgehacktes, durich Panéiermiähl datt den Ualeg ophëllt bleift su mi Fiitechkeet an der Boulette
  • Dijonmostert, aromatisch an scharef, mat enger dezenter Säier
  • Ënnen, den Klassiker an der Këchen an, an all herzhaften Menü ze fannen
  • Knawelek, brengt dir richtig würzigkeet an d’Boulette
  • gehackten Péitersilich, fir een liiten Krégderaroma
  • Salz, Peffer an Paprikapolwer, sie ronnen datt Ganzt aaf an gläichen d’Aromen aus.
  • Miähl, fir d’Bouletten viraam brooden dran ze driien, suarigt fir en liit Bindung van der Bréit

Fir den Eintopf

  • Botterschmalz fir ze brooden.
  • Brokkelcher, eent Wantergeméiss mat engem liit nossigen an mëll-batteren Goût, deen besonnig aromatisch jiët wann gemellig geschmort jiët.
  • Zitrounsaaft, all Geméiss datt beim brooden Zocker entweckelt verdrigt ëmmer bëssen Säier.
  • Gromperen, d’Gromperen hualen mat hirem neutralen Goût sämtlich Aromen goud op
  • Poretten, d’Porette brengt een angenehmen, zwibelischen, liit séisslichen Goût an dësen Menü
  • Bréit, durich d’Fleesch an dësem Eintopf béid sech natiirlich eng Fleeschbréit aan, alternativ kanns du äwer o op eng Geméissbréit zereckgräifen.
  • Salz & Peffer
  • bëssen Muskot, waarem, liit séisslich-würzig eent Gewürz datt goud bei d’Gromperen an d’Brokkelcher passt.

Zoubereedung

  • Van den Brokkelcher schnégden ech den Stronk raaf, hualen die baussigt Bläder raaf an wäschen se ënner fléissendem kaalen Waasser.
  • Gromperen schälen ech han halbéiren se oder deemno wie déck datt se sen schnégden ech se an véirel.
  • D’Poretten halbéiren ech längs, schnégden se an dënn Halefronselen an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser.
  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles ganz fein.

An enger Schossel mëschen ech d’Gehacktes, mat den Eier, dem Panéiermiähl, dem Olivenualeg, dem Péitersilich, den Ënnen, dem Knuawelek, dem Mostert an den Gewürzer.

Doraus formen ech kleng Bouletten an driien se am Miähl.

An engem waarmen Gossendëppen brooden ech op mëttel bis hii Hëtzt d’Bouletten rondrëm sching brong bis se durich gar sen, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

An deem selwischten Dëppen brooden ech op mëttel Hëtzt Brokkelcher bis se Faaref kreien, ech würzen se mat Salz an Peffer an subal se bëssen Faaref aangehollt han läschen ech se mam Zitrounensaaft aaf, deen loossen ech ganz ankooschen.

Als nächst leen ech d’Bouletten rem zeréck an d’Pann, verdeelen d’Gromperen driwer. Dann schëdden ech d’Bréit drop, würzen mat Salz an Peffer an verdeelen Poretten huawen drop.

Dann leen ech den Deckel drop, an op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt ongeféier 45 Min. bis 1 Stonn kooschen bis d’Gromperen an d’Brokkelcher mëll sen. Zwëschendurich mol eng kéier mëschen, kucken op d’Gromperen an Brokkelcher mëll sen an kontroléiren op na Flëssigkeet dran ass, soss na bëssen Bréit nooschëdden.

Tipps

  • Wëlls du datt Brokkelcher bëssen mi Biss behaalen, dann koosch se sepparat am Salzwaasser bëssfest an mëch se rischt 10 Min, viraan Schluss ënnert den Eintopf.
  • Wanns du bëssen mi een crèmigen Eintopf wëlls kanns du zousätzlich, 10 Min. viraan Schluss van der Kooschzékt bëssen Schmand ënnermëschen.

Rustikalen Eintopf

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

20

Minuten
Kooschzékt

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir d’Bouletten
  • 500 g Randsgehacktes

  • 1 Ei

  • 2 EL bis 3 El Panéiermiähl

  • 2 EL bis 3 EL Olivenualeg

  • 1 Ënn fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 2 TL Dijonmostert

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 2 EL gehackten Péitersilich

  • 1 EL Miähl

  • Fir den Eintopf
  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 300 g Brokkelcher, de Sronk aafgeschnidden an die bausigt Bläder raafgeholt

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 300 g Gromperen, geschiält, halbéiert oder gevéirelt

  • 1 Porette, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 250 ml Bréit

  • Salz & Peffer

  • bëssen Muskot

Zoubereedung

  • Gehacktes leen ech an eng Schossel an mëschen et mat dem Ei, dem Panéiermiähl, Olivenualeg, Ënnen, Knuawelek, Dijonmostert, Péitersilich, Salz, Peffer an Paprikapolwer. Subal alles goud mateneen vermëscht ass formen ech kleng Bouletten an driien déi am Miähl.
  • An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Bouletten goldbrong aan. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Brokkelcher aan bis se aafänken Faaref ze kreien, würzen se liit mat Salz an Peffer.
  • Subal déi Faaref han läschen ech se mam Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen.
  • Als nächst leen ech d’Bouletten rem dobäi an verdeelen d’Gromperen uawen drop.
  • Dann schëdden ech d’Bréit drop an würzen mat Salz, Peffer an bëssen Muskot.
  • Uawen driwer verdeelen ech d’Poretten, leen dann den Deckel drop an op niddriger Hëtzt loossen ech den Eintopf ongeféier 45 Min. bis 1 Stonn kooschen.
  • Zwëschendurich réiren ech dran an kontrolléiren op d’Gromperen an d’Brokkelcher mëll sen. Sollt ze winig Flëssigekeet dran sen schëdden ech na bëssen Bréit no.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*