D’Schingheet van der regionaler an saisonaler Këchen légt an hirrer Villfalt an Authentizitéit. Hokt präsentéiren ech dir een vitaminräichen Wanter-Zaloot, deen net nëmmen knackig an frësch, mais o voll gesond Inhaltsstoffer ass. Mat Zutaten wie rugden Rommelen, Muurten, Boskop-Äppel, Cornichon an Chicorée kombinéiert dës Zaloot eng harmonisch Balance aus séiss, erdig an liit batter. Meng puristisch italienisch Vinägrett aus Rugdemwéngessig, Knuawelek, Schalotten an Olivenualeg ënnerstëtzt d’Aromen van sämtlichen Zutaten, ouni dominant ze sen.
Rugd Rommelen sen well an der „Antik“ als Heelplanz geschätzt jiän. Dës Zaloot ass eng Hommage an dës Traditioun, gemaat mat frëschen Zuaten van Doheem. Perfekt als Entrée, als liit Mëttigässen oder als Beilaag!
Zutaten fir meng vitaminräich Wanter-Zaloot.
Fir Zaloot
- Rugdewéngessig, fruuchtig-sauer, mat liit herben Nuancen. Den Rugdenwéngessig hat eng donkelrugd Faaref an jiët aus fermentéiertem rugden Wéng produzéiert. En reegt Verdauung aan an brengt Frëschheet an all Menü.
- Olivenualeg, fruuchtig an liit nossig, mat engem Hauch van Peffer am Aafjiang. En ass goldig jiäll bis liit gréin, aafhängig vam Urspong an der Aart van den Oliven.
- Knuawelek, intensiv würzig an aromatisch, mat enger liiter Schiäreft, en wirikt antibakteriell an stiärikt d’Immunsystem.
- Peffer & Salz
- Schalotten, mëll an séisslich mat enger dezenter Schiäreft. D’Schalotten sen räich aan Antioxidantien an Schwefelverbindungen, déi d‘Kardiovaskulär System stiäriken.
- Evtl, bëssen Zitrounensaaft fir aafzeschmaaschen
Fir d’Vinägrette
- Rugd Rommelen, erdig séiss, mat enger liit mineralicher Nuance. Rii ass se fest an noom Kooschen zart an mëll. Rugd Rommelen sen räich aan Folsäure, Kalium an Betain, datt Liäwer ënnerstëtzt. Fir dës Zaloot kanns du Rommelen kooschen oder se rii loossen an dann raspelen.
- Muurten, séiss an knackig mat enger liiter Würzigkeet. Deen hiien Gehalt aan Beta Karotin jiët zu Vitamin A ëmgewandelt, watt goud fir d’Auen ass an d’Imunsystem stiärikt.
- Boskop-Äppel, Äppel enthaalen vill Ballasstoffer an Pektin, datt Verdauung fördert, sie sen räich aan Vitamin C an Antioxidantien.
- Cornichon, mëll, erfrëschend an liit wässerig. Sie enthaalen vill Waasser an han eng knackig Textur. Sie sen kalorienaarem an räich aan Vitamin K suwie Kalium.
Fir Garnitur
- Chicorée, liit batter, mat enger zaarter knackiger Textur. De Chicorée ass räich aan Inulin, engem Präbiotikum, datt Daaremgesondheet ënnerstëtzt, suwie Ballasstoffer an Vitamin C.
- gehackten Péitersilich
Zoubereedung
Die rugd Rommelen kooschen ech an loossen se komplett auskéilen, datt am besten well een Daag virdraan maan, oder du gräifs op die virgegarten am Buttik zeréck.
- De Knuawelek an d’Schalotten schiälen ech an hacken se fein.
An enger Schossel mëschen ech den Rugdewéngessig mam Salz, Peffer an Knuawelek, do drop schëdden ech no an no, an ënnerstännigem réiren den Olivenualeg, su datt eng liit Emulsioun entsteht. Dann mëschen ech rischt d’Schalotten drënner an lossen Vinägrette bëssen stoen fir datt sech d’Aromen verbannen kannen.
- Rommelen schiälen ech an schnégden se an kleng Würfel
- D’Muurten schiälen ech an raspelen se op der Këchenreif.
- D‘Cornichon schiälen ech an ech halbéiren se längs, entkären se an schnéden se an dënn Halefronselen. (o,5cm)
- D’Äppel schiälen an schnégden se an Würfel.
D’Cornichon salzen ech liit an loossen so ongeféier 30 Min. durichzéien, dann wäschen ech se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an loossen se goud aafdrëpsen.
An enger gruusser Schossel mëschen ech die rugd Rommelen, mat den Muuten, den Äppel an de Cornichon.
Do drop schëdden ech d’Vinägrette an vermëschen alles goud mateneen. Zaloot schmaaschen an evtl. na nowürzen an mat Zitrounensaaft aafschmaaschen.
Vam Chicorée hualen ech die baussigt Bläder raaf, halbéiren en längs an schnégden den Stronk raus. Wanns du deen battern Goût vam Chcorée jiären hass, kanns du den Stronk dran lossen an mat verschaffen. De Chicorée schnégden ech an dënn Streifen, wäschen en grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser an lossen en goud aafdrëpsen.
De Chicorée han ech dann an déif Telleren geleit an do drop meng Zaloot. Garnéiert han ech datt Ganzt mat gehacktem Péitersilich an mat fëscher Baguette zervéiert.
Tipps
- Die rugd Rommelen op frësch oder gekooscht, am besten mat Händschen verschaffen, fir su rugd Flecken ze vermeiden. Wëlls du frësch Rommelen verschaffen, dann raspel se kleng.
- Schmaasch d’Vinägrette, wann den Zaloot gemëscht ass verdrigt sie na bëssen Zitrounensaaft.
- Fir ze vermeiden datt d’Äppel oxidéiren, bëssen Zitrounensaaft driwer verdeelen oder se direkt iwert der Zaloot schnégden an mëschen.
Varianten
Du kanns die italienisch Vinägrette durich eng Mëschung aus Äppelessig, Sonnenblouenualeg an bëssen Hunnig ersetzen. Genausu kanns du angeleiten rugd Ënnen hualen an d’Vinägrette mat frëschem Dill an Meerettich verfeineren.
Am Platz vam Chicoree kanns du o Radicchio hualen.
Eng Vinägrette aus Walnossualeg, Dijonmostert an einfaschen Essig ass o miilisch, fir bëssen Crunch kanns du dann na gehackten Walnëss ënnermëschen.
Vitaminräich Wanter-Zaloot
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
MinutenZutaten
- Fir d’Vinägrette
100 ml Rugdenwéngessig
200 ml Olivenualeg
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1,5 TL Salz
0,5 TL Peffer
2 Schalotten, fein gehackt
evtl. bëssen Zitrounensaaft fir aafzeschmaaschen
- Fir Zaloot
2 deck rugd Rommelen, gekooscht, geschiält an kleng gewürfelt
2-3 mëttelgruuss Muurten, geschiält an fein geraspelt
0,5 Cornichon, geschiält, längs halbéiert, entkärt, an dënn Scheiwen geschnidden (0,5 cm)
1,5 bis 2 Boskop-Äppel, geschiält an gewürfelt
- Fir Garnitur
2-3 Chicorée, längs halbéiert, an dënn Streifen geschnidden
gehackten Péitersilich
Zoubereedung
- Fir d’Vinägrette
- An enger Schossel mëschen ech den Rugdewéngessig mam Salz, Peffer an Knuawelek, do drop schëdden ech no an no, an ënnerstännigem réiren den Olivenualeg, su datt eng liit Emulsioun entsteht. Dann mëschen ech rischt d’Schalotten drënner an lossen Vinägrette bëssen stoen fir datt sech d’Aromen verbannen kannen.
- Fir Zaloot
- Die geschnidden Cornichon salzen ech liit an loossen se ongeféier 30 Min. durichzéien, dann wäschen ech se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an lossen se goud aafdëpsen.
- An enger grusser Schossel mëschen ech die rugd Rommelsn, d’Muurten, d’Cornichon an d’Äppel.
- Do schëdden ech d’Vinägrett drop an vermëschen alles goud.
- Schmaaschen, evtl. na mat Peffer an Salz nowürzen an mat Zitrounensaaft aafschmaaschen.
- Fir d’Garnitur
- De Chicorée leen ech an déif Telleren, do drop leen ech d’Zaloot, an streien na bëssen gehackten Péiterilich driwer.
- Mat frëscher Baguette zervéiren.