Gyros, ass eent Symbol van der griechischer Stroossenkëchen, et ass eent Ässen, datt Traditoun, Goût an Geschicht an all Maufel vereent. Ähnlich dem Döner Kebab, ass den Gyros an Griechenland zu enger eegener Delikatess jiän. Den Begrëff „Gyros“ bedeit iwersatt „Krees“ an beschreift datt sech driihend Fleesch beim Grillen.
Hokt ass den Gyros net nëmmen an Griechenland een Klassiker, et ass een Genoss, deens du mat paar Zutaten an denger Këchen selwer zoubereeden kanns. An mengem Rezept van hokt beshreiwen ech dir wie’s du een gouden Gyros bei dir doheem an der Pann zoubereeden kanns.
Firwatt schmëscht et Doheem ëmmer annischt wie an der Vakanz?
Dachs ass et su, datt een an der Vakanz jiät ësst an et probéiert een et Doheem nozekooschen, an et schmëscht dann ganz annëcht.
- Datt kann an der Qualitéit van den Zutaten leien, dachs jiän fir typisch Menüer, frësch an lokal Zutaten verschafft. Die Zutaten, déi’s du hei am Buttik krëss, kannen absolut net mat deen frëschen, lokalen Zutaten mathaalen.
- D’Zoubereedung, een Gyros jiët traditonell aan engem Driehspiess gegrillt, watt eng ganz besonnig Konsistenz an Röstaromen mat sech brengt, déi doheem nëmmen schwéier noo ze maan sen.
- Du bas an der Vakanz, de Genoss, d’Geféil an der Vakanz ze sen, de Bléck op d’Miär, die entspannten Atmosphär, kannen de Goût van allem beanflossen an intensivéiren.
- Gewürzer, d‘Gewürzmëschungen sen dachs ganz speziell aafgestëmmt, an meestens frësch gemëscht an zimlich schwéier genau noo ze maan.
All datt mëcht den Gyros doheem zwar annëcht, äwer mat Léift zoubereet schmëcht en ëmmer na fantastisch!
Zutaten fir mein Geschnetzeltes no Gyros-Art
- Fleesch, traditionelle jiët Schwengefleesch fir den Gyros gehollt, aus der Schëller oder dem Genéck, datt Stéck ass saaftig mat bëssen Fett an suarigt fir deen typischen Goût an Zaartheet. Alternativ kanns du Poulet oder Lamm hualen. Beim Poulet jiff ech dir äwer rooden eng Mëschung aus Pollo fino mat Hogt (ausgebeente Pouletstrempelen) an Pouletfilet ze hualen, su krëss du een ähnlich saaftigen Gyros wie mam Schwéngefleesch.
- Olivenualeg, brengt goud Aromen ant Spill an suarigt datt sech Gewürzer gläichmässig verdeelen.
- Knuawelek, fir eng intensiv Würzigkeet.
- Gyros-Gewürzmëschung, déi aus Salz, Peffer, Oregnao, Thymian, Paprikapolwer, Majoran, Rosmarin, Korinandersoom, Cumin an Cayennepeffer besteht. Die genau Mëschung kanns du an menger hausgemaaten Gyrosgewürzmëschung noo kucken.
- Saaft van enger Zitroun, fir Frëschheet an Balance.
- Ënnen, dovaan eng fein gehackt fir mat an d’Marinade an eng anner an dënn Streifen
- Rugden Paprika
- Optional: een gouden Kappeszaloot an Tzatziki
- bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereeung
1. Fleesch marinéiren
- D’Fleesch schnégden ech an dënn Streifen
- d’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles ganz fein
An enger Schossel mëschen ech meng Gyrosgewürzmëschung mam Knuawelek, den Ënnen, den Olivenualeg an dem Zitrounensaaft.
Do dran leen ech d’Fleesch, vermëschen alle goud an loossen et zougedeckt am Frigo op mannst fir 2 Stonnen an der Marinade zéien. Am besten ass et natiirlech ëmmer iwert Nait.
2. D’Geschnetzeltes zoubereeden
- D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen.
- De Paprika wäschen ech grëndlich an schnégden en an graff Würfeln.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech d’Fleesch an Etappen aan, hualen et raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
Sollt zevill Ualeg an der Pann sen, entsuarigen ech een Deel.
An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se karameliséiren, dann mëschen ech den Paprika drënner an loossen datt Ganzt oneféier 5 Min. op mëttel Hëtzt brooden.
Dann mëschen ech d’Fleesch rem drënner, vermëschen alles goud an erhëtzen alles.
Traditionell jiët den Gyros ouni Paprika an mat Tzatziki an engem Pitabrugd zervéiert. D’Brugd kanns du opschnégden an et op datt gebrooden Fleesch leen fir ze erhëtzen, su hëllt Brugd o bëssen Saaft vam Fleesch op. D’Brugd jiët dann mat Tzatziki bestrasch, dann jiët d’Fleesch drop verdeelt, den Gyros kanns du dann na mat an dënn Scheiwen geschnidden Ënnen an Tomaten an Kappeszaloot garnéiren an su zervéiren.
Ech han mengt Geschnetzeltes op engem Risotto zervéiert, mat Péitersilich garnéiert, an Brugd an Kappeszaloot dobäi gereecht.
Tipps
- Schnégd dengt Fleesch su dënn wie miilisch – et jiët mi siier gar an et bleift saaftig
- Zitrounesaaft an der Marinade drigt dozou bäi d’Fleesch mëll an saftig ze maan, et hëleft d’Eiwäissstrukturen opzebrächen, wudurich d’Fleesch zart jiët. Ausserdeem ass Zitroun eng Zutaten déi den Goût verstiärikt an alles aafronnt.
Geschnetzeltes no Gyros-Art
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten20
Minuten12
StonnenZutaten
600 g Fleesch, traditionell Schwéngefleesch, alternativ Poulet oder Lamm, an dënn Streifen geschnidden.
2 Ënnen, dovaan 1 fein gehackt an die anner an dënn Streifen geschnidden
3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 EL bis 3 EL Gyros-Gewürzmëschung
Olivenualeg
Saaft van 1 Zitroun
2 Rugd Paprika, graff gewürfelt
optional: Kappeszaloot an Tzatziki
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger Schossel mëschen 2 EL bis 3 EL Olivenualeg, mam Zitrounensaaft dem gehackten Knauwelek, der gehackter Ënn an der Gyrosgewürzmëschung.
- Do dran leen ech d’Fleesch an vermëschen alles goud, su datt d’Marinade iwerall verdeelt ass. Zougedeckt setzen ech d’Fleesch op mannst 2 Stonnen an den Frigo, am besten iwert Nait.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech d’Fleesch an Etappen aan, hualen et raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
- Sollt zevill Ualeg an der Pann sen, entsuarigen ech een Deel.
- An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se karameliséiren, dann mëschen ech den Paprika drënner an loossen datt Ganzt oneféier 5 Min. op mëttel Hëtzt brooden.
- Dann mëschen ech d’Fleesch rem drënner, vermëschen alles goud an erhëtzen alles.
- Ech han mengt Geschnetzeltes op engem Risotto zervéiert, mat Péitersilich garnéiert, an Brugd an Kappeszaloot dobäi gereecht.