Die italienisch Vinägrette ass einfasch, villségtig an voll Aroma. Eent puristischt Rezept, datt einfasch Zutaten vereent fir su deen besten Goût raus ze kreien. D’Mëschung aus hiiwiätigem Olivenualeg, Rugdewéngessig, frëschem Knuawelek, gehackten Schalotten een Hauch Zitrounensaaft an well has du die italienisch Liäwensfreid angefongen. Well am antiken Roum wossten Lekt Essig an Olivenauleg ze notzen, an bis hokt hat sech dës Traditioun an een onverzichtbaren Bestandeel van der italienischer kulinarik entwéckelt.
Egal, ob’s du dës Vinägrett fir eng Zaloot hëlls, ob’s du geréistert Geméiss domatt verfeiners oder Fleesch marinéiers – dës Vinägrett hëllt dech mat op eng kulinarisch Réis an Italien.
Zutaten fir meng italienisch Vinägrette
- Rugdenwéngessig, een Essig aus fermentéirtem rugden Wéng mat enger angenehmer Säier an eng liit fruuchtigen Goût. En brengt die nigdig Säier an een Zaloot an betount deen frëschen Goût. Ausserdeem hëleft den Rugdenwéngessig d’Aromen vam Knuawelek an den Schalotten ze hiäwen. En wirikt als natiirlicht Konservéirungsmëttel.
- Knuawelek, graf gehackt fir eng dezent Schiäreft. Et mëcht iwrigens een Ënnerscheed ob’s du den Knuawelek schnégs oder press. Genausu ass et een Ënnerscheed am Goût ob en graff geschnidden an Scheiwen geschnidden oder ganz fein gehackt ass. Watt en mi kleng an fein gehackt, geriwen oder gepresst ass wat den Goût mi intensiv jiët. An dëser Vinägrette mixen ech mat mam Püréierstaaf, su datt sech den Goût durich die ganz Vinägrette zéiht.
- Salz, verstiärikt die natiirlich Aromen van allen Zutaten, et balancéiert datt Séisst an datt Sauert aus. Kuck am buttik fir eent rengt Salz ze koofen, datt normaalt Tafelsalz ass meestens vermëscht mat Zousätz fir datt et net zesaammen pëcht.
- schwarze Peffer, frësch gemahlene schwarze Peffer hat een intensiven, liit scharefen Goût mat engem waarmen Aroma. De Peffer suarigt fir een liiten pefferigen Finish
- Olivenualeg, een hiiwiärtigen, kaalgepressten Olivenualeg ass d’Basis fir dës Vinägrette. En hat een fruuchtigen, liit grasigen Goût an kann van mëll bis intensiv variéiren.
- Schalotten, d’Schalotten sen mi mëll an séiss wie die gewéinlich Ënnen, sie jiän fein gehackt an dann ënnert Vinägrette gemëscht. Fir mëch ëmmer die besten Wiäll fir all Vinägrette.
- Optional Zitrounensaaft, frësch gepressten Zitrounensaaft brengt zousätzlich Frëscheet an Zitrusaroma an d’Vinäigrette. D’Zitrounsaaft brengt eng angenehm herzhaft Frëscheet an d’Zalooten.
All Zutat hat hir spezifisch Aufgab: den Olivenualeg suarigt fir eng liit Emulsioun, den Essig brengt Frëscheet an Kontrast, d’Schalotten an den Knuawelek brengen deen séissen, würzigen Goût, während d’Salz an den Peffer sämtlich Aromen hiäft an ënnerstëtzt. Den Optionalen Zitrounensaaft ronnt datt Ganzt mat zousätzlicher Frëscheet aaf. Zesaammen schaffen sie eng harmonisch Balance, déi all Zaloot vereedelt ouni ze dominéiren an ausserdeem nahrhaft an gesond ass.
Zoubereedung
- De Knuawelek, schiälen ech an hacken en graff.
- D’Schalotten schiälen ech an hacken se fein.
An enger Schossel vermëschen ech den Rugdenwéngessig mam Knuawelek, Salz an Peffer.
No an no, an ënner stängiem réiren schëdden ech den Olivenualeg dobäi su datt eng liit Emulsioun entsteht.
Ech mëschen meng Vinägretten ëmmer mam Stabmixer, du kanns datt natiirlech o mam Schniibiäsem maan oder wann et siier goen muss alles an eent Glas mat Deckel fëllen an kräftig rëselen. Dann allerdings den Knuawelek fein hacken.
Als nächst mëschen ech d’Schalotten drënner, schmaaschen an verfeineren d’Vinägrett na mat bëssen Zitrounensaaft.
An engem loftdicht zouenen Glas oder Dëppechen an den Frigo stellen an ënnerhalb van 2 bis 3 Deeg verschaffen.
Tipps
- Wëlls du d’Schalotten mi mëll am Goût han kanns du se kuurz am kooschenden Waasser blanchéiren, befris du se kleng hacks
- Loss d’Vinägrett nodeems se färdig ass 5 Min. bis 10 Min. ruhen, fir datt sech d’Aromen vollstännig entfaalen kannen.
Italienisch Vinägrette
Schwierigkeit: einfaschZutaten
100 ml Rugdenwéngessig
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1,5 TL Salz
1 TL Peffer
200 ml Olivenualeg
optional: bëssen Zitrounensaaft
Zoubereedung
- An enger Schossel vermëschen ech den Rugdenwéngessig mam Knuawelek, Salz an Peffer.
- Ech mëschen meng Vinägretten ëmmer mam Stabmixer, du kanns datt natiirlech o mam Schniibiäsem maan oder wann et siier goen muss alles an eent Glas mat Deckel fëllen an kräftig rëselen. Dann allerdings den Knuawelek fein hacken.
- Als nächst mëschen ech d’Schalotten drënner, schmaaschen an verfeineren d’Vinägrett na mat bëssen Zitrounensaaft.
- Loossen Vinägrette dann 10 Min. stoen fir datt sech d’Aromen verbannen kanne.
- An engem loftdicht zouenen Glas oder Dëppechen an den Frigo stellen an ënnerhalb van 2 bis 3 Deeg verschaffen.