Hei han ech zwee Rezepter fir all, déi op eent würzigt an aromatischt Ässen stinn! D’Kombinatioun aus Broccoli, Gromperen, Courgetten an Muurten jiët durich die aromtatisch Knuaweleksbotter perfekt aafgeronnt. Ob als Hauptplat oder Beilaag, dëst Ässen beweist wie villségtig an lecker vegetarisch Këchen sen kann.
Oder du bereeds eng Kombiatioun aus saaftigen Chickenwings an Knauweleksbotter zou, een Snack deen zum perfekten Highlight op enger Party, engem gemütlichen Owend oder einfasch als köstlich Belounung no engem langen Daag kann jiän.
Zutaten fir meng Knuaweleksbotter
- Botter
Botter ass d’Basis van der Glasur, déi fir een crèmigen, vollen Goût suarigt. Sie verbënnt sämtlich Aromen an mëcht alles besonnig saaftig.
- Knuawelek
Fein gehackten, frëschen Knuawelek ass den Star an dësem Rezept. Sein intensiven, würzigen Aroma brengt een herrlichen Goût an den Botter, ouni dominant ze sen.
Den Geroosch van frësch gebroodener Botter an Knuawelek verwandelt deng Këchen an kleng Genoss-Oase.
- Zitrounensaaft
Paar Sprutzen Zitrounensaaft ënnert den Botter gemëscht brengen eng angenehm Frëschheet an balancéiren die räich Aromen aus.
- Frësch Krégder
Een Hauch van gehacktem Péitersilich oder Bratzelen suairgt fir een frëschen Faarefakzent an hiäft zousätzlich d’Aromen.
Marinade
- Salz & Peffer
Die klassisch Gewürzer, déi onverzichtbar sen, fir alles harmonisch aafzeronnen.
- Paprikapolwer
Dëst Gewürz brengt net nëmmen eng liit Schiäreft, mais suarigt o beim Fleesch fir eng appetitlich goldig Faaref. Hëlls du gereechert Paprikapolwer krëss du zousätzlich na een liiten Reecheraroma.
Fir extra Schiäreft kanns du natiirlech o na Chilifocken ënnermëschen. An wanns du mi op deen mediterranen Goût stehs, dann hual Thymian, Rosmarin an Oregano.
- Olivenualeg
Een hiwiärtigen extra virgin Olivenualeg, brengt Fruuchtigkeet an suarigt datt Gewürz aam Geméiss oder Fleesch pëchen bleift.
Vegetarisch
- Gromperen
Gromperen sen Basis van dësem Rezept, sie maan satt. Festkooschend sen hei ideal sie bahaalen hir Form an jiän äwer zart, Deen natiirlichen erdigen Goût harmonéiert wonnerbar mam Knuaweleksbotter.
- Broccoli
Broccoli brengt een liit nossigen mëllen Goût. D’Ruusen hualen den Knuaweleksbotter goud op, während de Stronk liiten Biss behält.
- Courgetten
Courgetten sen mëll am Goût an han eng zart, bal crèmig Konsistenz van se bis gegart sen. Sie suarigen fir eng sching Balance an dësem Ässen.
- Muurten
Muurten brengen een angenehmen séissen Aroma, sie behaalen beim Kooschen oder Réisteren hir Form an béiden een schingen Kontrast an Faaref an Textur.
Mat Fleesch
- Chickenwings
Sie sen Hauptzutat van dësem Rezept, sie eegnen sech perfekt, fir sämtlich Aromen opzehualen.
Egal, ob als Snack fir een gemütlichen Fernsehowend, als Partyhit op engem Buffet oder als leckeren Fingerfood fir eent Treffen mat Frënn, dës Wings passen ëmmer!
Zoubereedung
Marinade
- An enger klenger Schossel mëschen ech mir d’Salz, Peffer, Paprikapolwer an den Olivenualeg.
Maan ech Geméiss
- Grompeen wäschen ech an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 0,5cm Déckt.
- De Broccoli zerdeelen ech an Ruusen, de Stronk schiälen ech an schnégden en an Stäbercher, wäschen alles grëndlich an loossen en goud aafdrëpsen.
- Courgetten wäschen ech, halbéiren se längs an schnégden se an Halefscheiwen van ongeféier 0,5 cm Déckt.
- D’Muurten schälen ech an schnégden se an Stäbercher.
De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.
An enger Schossel mëschen ech firtischt Gromperen mat 1 EL Marinade, déi verdeelen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an setzen se fir 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
Iwerdeems mëschen ech datt annert Geméiss mam Rest van der Marinade, no deen 10 Min. vermëschen ech alles mat den Gromperen an loossen alles ongeféier 35 Min. baaschen, zwëschendurich mol eng kéier dran réiren.
Maan ech Fleesch
An enger Schossel mëschen ech Chickenwings mat der Marinade an loossen se op mannst 2 Stonnen am Frigo durichzéien.
De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.
Op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech leen ech Chickenwings su datt se net opneen leien. Su setzen ech d’Wings ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen, no deen 30 Min. driien ech d’Wings an loossen se dann na eng kéier 15 Min. brooden.
Ech han hei lo Chickenwings gehollt, goud passen äwer o Spareribs.
Alternativ, kanns du d’Geméiss oder d’Wings o am Airfryer oder an enger Pann goldbrong brooden.
De Knuawelksbotter
Während Geméiss oder d’Fleesch am Schiäfchen steht erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt den Botter, wann en aafänkt mat spruddelen mëschen ech den Knuawelek an den Péitersilich drënner, nëmmen kuurz brooden loossen, van der Plaque zéien an den Zitrounsaaft drënner mëschen.
Datt fiärdigt Geméiss oder die färdig Chickenwings leen ech an eng gruuss Schossel an schëdden de Knuaweleksbotter driwer, goud vermëschen su datt alles vollstännig iwerzuijen ass.
Dëst Knuaweleksbotter Geméiss oder – Chickenwings sen fir mech eent richtigt Comfort Food. Sie erënneren aan entspannte Mëttiger oder Owender mat Familjien an Frënn, an ech sen sëcher datt wärt o bei dir fir Begeesterung suarigen. D’Rezept kanns du ganz dengem Goût aanpassen an verfeineren, ausserdeem brauchst du keng ausgefallen Këchenmaschinen oder exotisch Zutaten, die meest dovaan hast du bestëmmt an denger Spënchen stoen. Mat mengem Rezept zaubers du ganz siier een herrlichen Snack.
Zervéier dengt Geméiss oder deng Wings mat engem Dip, enger frëscher Zaloot oder Baguette. Fir deen absolut Knuawelek-Fan, empfeelen ech meng Ranchzooss, goud passt äwer o mäin Avocado-Dip oder meng Andalouse.
Waaremen Knuaweleksbotter
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen30
Minuten45
MinutenZutaten
- Marinade
2 TL Salz
1,5 TL Peffer
1,5 TL Paprikapolwer
60-80 ml Olivenualeg (3-4EL)
- Maan ech Geméiss
400 g Gromperen, festkooschend an Scheiwen geschnidden
250 g Broccoli, an Ruusen zerdeelt, den Stronk geschiält an a Stäbercher geschnidden.
200 g Courgetten, an Halefscheiwen geschnidden
200 g Muurten, geschiält an a Stäbercher geschnidden
- Maan ech Fleesch
1 kg Chickenwings oder Spareribs
- De Knuweleksbotter
100 g Botter
5 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 EL Péitersilich, gehackt
1 EL Zitrounensaaft
Zoubereedung
- An enger klenger Schossel mëschen ech mir d’Salz, Peffer, Paprikapolwer an den Olivenualeg
- De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft fir.
- Maan ech Geméiss
- Gromperen mëschen ech mat 1 EL Marinade an verdeelen se op eent mat Baschpapeier ausgeleitent Blech, su setzen ech se fir ongeféier 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- Datt annert Geméiss vermëschen ech mat der Rest Marinade an no deen 10 Min. vermëschen ech d’Geméiss mat den Gromprern an loossen alles ongeflier 35 Min. baaschen. Dozwëschtent eng kéier mëschen.
- Maan ech Fleesch
- An enger Schossel mëschen ech Chickenwings mat der Marinade an loossen se op mannst 2 Stonnen am Frigo durichzéien.
- Op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech leen ech Chickenwings su datt se net opneen leien. Su setzen ech d’Wings ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen, no deen 30 Min. driien ech d’Wings an loossen se dann na eng kéier 15 Min. brooden.
- De Knuaweleksbotter
- Während alles am Schiäfchen steht erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt den Botter, wann en aafänkt mat spruddelen mëschen ech den Knuawelek an den Péitersilich drënner, nëmmen kuurz brooden loossen, van der Plaque zéien an den Zitrounsaaft drënner mëschen.
- Datt fiärdigt Geméiss oder die färdig Chickenwings leen ech an eng gruuss Schossel an schëdden de Knuaweleksbotter driwer, goud vermëschen su datt alles vollstännig iwerzuijen sen.