Dës Gehackesbroot-Pann ass die onkomplizéiert Versioun van engem klassischen Gehacktesbroot, ouni langt Formen an Baaschen, äwer mat deem selwischten herzhaften Goût. Perfekt wann et mol eng kéier siier goen muss ouni op Qualitéit an Genoss ze verzichten.
Dëst Rezept vereent gebroodent Gehacktes mat Gromperen, Pelati, Parmesan, bëssen Schmand, Gewürzer an Krégder. Inspiréiert van mediterranen Aromen an der einfascher „Hausmannskost“ ass dësen Menü net nëmmen köstlich, mais o ganz onkomplizéiert an der Zoubereedung. Een Menü deen perfekt an deen heinsdo stressigen Alldaag passt.
Een Hauch Mëttelmiär op dengem Teller
D’Wuurzelen van dësem Menü fënnt een an der italienischer Këchen, wu frësch Zutaten an harmonisch Gewürzer ëmmer am Mëttelpunkt stinn. Pelati-Tomaten brengt deen natiirlich sonnengeräiften séissen Aroma, Oregano an Basilkum liweren deen typischen Mëttelmiär-Touch, an de Parmesan ronnt alles mat denger crèmiger Würzigkeet aaf.
Ech wollt dësen Klassiker äwer nei interpretéiren: net als Broot an mat Gromperen, déi dëse Menü mi rustikal maan, an bëssen Schmand fir extra Crèmigkeet.
Firwatt dësen Menü?
- Einfasch: Et kann alles an enger Pann zoubereet jiän, et as winig Spoul.
- Flexibel: Du kanns dëst Rezept ganz dengem Goût aanpassen, mat Paprika, Courgetten oder sugar Séissgromperen.
- Geféihl: Herzhaft an en mëcht satt, ausserdeem wiäremt en van bannen.
Zutaten
- Gehacktes, datt ass Herzstéck van dësem Menü! Gehacktes, op Rand oder gemëscht, suarigt datt fir een kräftigen, herzhaften Goût. Gehacktes lisst sech liit würzen an brengt eng angenehm Textur an dësen Menü.
- Gromperen, Dës rustikal Knoll suarigen dofir datts du satt jiës, an sie jiän der Pann een erdigen Goût. Ausserdeem sen sie perfekt fir die crèmig Zooss opzehualen.
- Pelati, natiirlech hualen ech mäin Pelati aus sonnengeräiften San Marzano-Tomaten. Sie sen an der italienischer Këchen eng Geheimwaff, sie han een natiirlich séissen an fruuchtig-sauren Goût, deen dëst Ässen ausbalancéiert. Zerdréckt oder püréiert bilden sie d’Basis van der Zooss.
- Ënnen, déi sen een aromatischen Muss! Ënnen jiän der Gehacktesbrootpann een liit séissen an zwibbelischen Aroma, deen perfekt mat den Tomaten harmonéiert.
- Knuawelek, fir den mediterranen Kick! De Knuawelek brengt eng dezent Würzigkeet an suarigt fir eng aromatisch Zooss.
- Olivenualeg, een hiiwiärtigen Olivenualeg ass d’Grondlaag fir all mediterrant Ässen. En jiët Goût, suarigt dofir datt Ënnen brong karameliséiren an en jiët der Zooss eng sching Konsistenz.
- Basilikum an Oregano, die typisch Krégder aus der Mëttelmiärkëchen! De Basilikum brengt Frëscheet, während den Oregano fir Würzigkeet suarigt. Zesaammen maan sie dës Zooss onverwiässelbar mediterran.
- Schmand, de Schmand ronnt alles aaf an surarigt fir eent harmonischt Gesamtbild an Goût.
- Salz an Peffer, d’Klassiker ënnert den Aromen, et soll net gespaart jiän domatt, äwer trotz allem ëmmer zwëschdurich schmaaschen, fir deen natiirlichen Goût van den anneren Zutaten ze erhaalen.
- Parmesan, d’Kréinung van dësem Ässen! De Parmesan brengt eeng kräftig, nossig Würzigkeet, déi die mediterran Aromen perfekt ergänzt.
Zoubereedung
- D’Ënnen schiälen ech an hacken se fein.
- De Knuawelek jiët geschiält an fein gehackt.
- D’Gromperen schiälen ech, schnégden se an Scheiwen van ongeféier 1cm Déckt an leen se an kaalt Waasser bis ech se brausch.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen kënnt Gehacktes dobäi, datt broden ech aan bis et durich gar ass.
Iwerdeems d’Fleesch am brooden ass, schëdden ech d’Gromperen aaf an lossen se goud aafdrëpsen.
Alternativ kann du deng Gromperen o separat virkooschen, dann Gromperen äwer rischt zum Schluss drënner mëschen just fir ze wiärmen.
D’Gromperen mëschen ech ënnert Gehacktes an schëdden den Pelati drop. Datt würzen ech mat Salz an Peffer an loossen Zooss eng kéier opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an mat Deckel lossen ech datt Ganzt ongféier 30 Min. kooschen.
No der halwer Stonn hualen ech den Deckel raaf, kontrolléieren op d’Gromperen mëll sen. Dann schëdden den Schmand dobäi, schmaaschen an würzen mam Oregano an Basilikum, ouni Deckel lossen ech datt Ganz na fir ongeféier 15 Min. kooschen su kann Zooss reduzéieren. Während der Zéckt mëschen ech den geriwene Parmesan drënner an loossen deen an der Zooss schmëlzen. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.
Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich oder frëschen Basilikum driwer streien. Leider han ech keen frëschen Basilikum am Buttik krii, su datt ech op deen gedrëchenten han mussen zeréckgräifen.
Tipps
- Sparsam mam Schmand, winiger ass hei mi, d’Tomaten sollen an der Zoss d’Hauptroll spillen.
- Variatiounen, experimentéier, tausch d’Gromperen durich Pasta oder Reis, mësch Geméiss drënner wie Muurten, Courgetten oder Paprika.
Dësen Menü ass eent Beispill. wie’s du aus winigen Zutaten jiät wonnerbares zauberen kanns an datt no vill mi Opwand schmëcht, wie et tatsächlich brausch. Wat fir eng Zutaten jiff’s du an dëst Rezept maan, fir doraus dein ganz perséinlichen Favorit ze maan? Schreif mir an den Kommentaren oder deel den Kreatioun ënnert dem #beijosiane. Ech freien mech drop!
Rustikal Gehacktesbroot-Pann
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten45
MinutenZutaten
1 deck Ënn, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Olivenualig fir ze brooden
500 g Gehacktes, am besten ongewürzt
500 g Gromperen, geschiält an deck Scheiwen geschnidden
400 g Pelati (Tomate pelée)
100 ml Schmand
1 TL gedrëchenten Basilikum oder 2-3 Äst frëschen. Paar Bläder fir Garnitur haalen.
1 TL gedrëchenten Oregano
Salz & Peffer, no Goût
50 g Parmesan
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen kënnt Gehacktes dobäi, datt broden ech aan bis et durich gar ass.
- D’Gromperen mëschen ech ënnert Gehacktes an schëdden den Pelati drop. Datt würzen ech mat Salz an Peffer an loossen Zooss eng kéier opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an mat Deckel lossen ech datt Ganzt ongféier 30 Min. kooschen.
- No der halwer Stonn hualen ech den Deckel raaf, kontrolléieren op d’Gromperen mëll sen. Dann schëdden den Schmand dobäi, schmaaschen an würzen mam Oregano an Basilikum, ouni Deckel lossen ech datt Ganz na fir ongeféier 15 Min. kooschen su kann Zooss reduzéieren. Während der Zéckt mëschen ech den geriwene Parmesan drënner an loossen deen an der Zooss schmëlzen. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.
- Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich oder frëschen Basilikum driwer streien.
Leider han ech keen frëschen Basilikum am Buttik krii, su datt ech op deen gedrëchenten han mussen zeréckgräifen.