Rustikal Fleeschpann

Et jiän su Deeg, wu een net genau wees watt een kooschen soll, et soll siier goen, net vill Spoul hannerloossen an äwer goud schmaaschen. Do ass dës rustikal Fleeschpann genau datt rischtigt. Hogt mat kuurz gebroodenem Fleesch, Ënnen, Kooschelen an Kiischtentomaten, fir deen besten Goût suarigt meng italienisch Krégdermëschung, Salz, Peffer, Paprikapolwer an bëssen Zitrounensaaft.

Firwatt ech dëst Ässen su jiären han?

Et ass siier an einfasch zouzebreeden, et ass flexibel an lisst sech genau aan dein Goût aanpassen. Et vereent saaftigt Fleesch, frëscht Geméiss an die typisch Aromen déi ech jiären han. An du brauchs keng ausgefallen Zutaten oder gruussartig Kooschkenntnisser.

Zutaten fir meng rustikal Fleeschpann

  • Fleesch, du kanns datt Fleesch hualen, watt dir am besten schmëscht. Ech han Pouletfilet gehollt. Et ass moojer an hëllt d‘Gewürzer o an kuurzer Zékt op. Et ass eng ausgezeechent Proteinquell an jiët dem Ässen Substanz, ouni et ze schwéier oder ze fettig ze maan.
  • Kiischtentomaten, Kiischtentomaten sen mi séiss an mi aromatisch wie die gruuss Tomaten. Wann sie während dem brooden opplatzen jiän sie hiren natiilrich séiss-sauren Aroma aaf, déi eng perfekt Balance zum herzhaften Poulet an den Kooschelen brengt. Ausserdeem brengen sie Faaref an Frëschheet an d’Spill.
  • Ënnen, d’Ënnen sen Herzstéck van villen Ässen, sie schaafen eng séiss an karamellartig Basis. An dësem Rezept ënnerstëtzen sie d’Aromen vam Knuawelek an van den Kooschelen an jiän dem Ässen een liiten séissen Aroma.
  • Kooschelen, d’Kooschelen brengen een erdigen, herzhaften Aroma an dëst Ässen, déi wonnerbar mat dem Knuawelek an den Tomaten harmonéiert. Kooscheln hualen den Goût vam Olivenulalig an den Gewürzer op an ronnen alles aaf.
  • Zitrounensaaft, den Zitrounensaaft brengt Frëschheet an eng liit Säier, en hiäft sämtlich Aromen an intensivéiert se.
  • Knuawelek, de Knuawelek mëcht einfasch alles besser, et jiët deen besten Aroma. Seng Würzigkeet hiäft sämtlich Aromen, ouni se ze iwerdecken.
  • Olivenualig, Olivenualig brengt net nëmmen een onverwiässelbaren Goût, mais en ass o räich aan gesonden Fettesäiren. Natiirlech ëmmer een hiiwiärtigen nativen Olivenualig hualen, de Goût vam Ualig spillt an dësem Ässen eng wichtig Roll.
  • Gewürzer, Salz, Peffer an Paprikapolwer. D’Salz hiäft den Goût, de Peffer brengt eng liit Schiäreft an den Paprikapolwer suarigt fir eng mëll Würzigkeet déi deen séissen Aroma van den Tomaten ënnerstäicht.
  • Krégder, italienisch Krégdermëschung fir en bëssen mediterranen Goût an mengt Ässen ze kreien, ausserdeem passen dës Krégder wonnerbar zum Fleesch, Tomaten, Ënnen an Kooschelen. Frëschen gehackten Péitersilich brengt dëst Ässen zum strahlen an berngt een angenehmen Finish. En béid ausserdeem een Kontrast zu deen intensiven an herzhaften Aromen.

Zoubereedung

D’Fleesch schnégden ech an Würfelen. An enger Schossel mëschen ech bësse Olivenualig, de Saaft van enger halwer Zitroun, Salz, Peffer, Paprikapolwer an die italienisch Krégder. Dës Mëschung schëdden ech iwert d’Fleesch an lossen et ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéien. Marinéiers du et jiären mi lang, dann zougedeckt an den Frigo stellen.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an schnégden se an dënn Sträifen. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein. D’Kooschelen botzen ech mat enger mëller Biischt an schnégden se an dënn Scheiwen. Tomaten wäschen ech, du kanns se halbéiren, ech han se ganz geloss.

An enger waaremer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden d’Fleesch do dran all rondrëm brong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan bis se Faaref kreien, dann mëschen ech d’Kooschelen drënner an brooden déi mat bis d‘Flëssigkeet déi austrëtt verkooscht ass, datt würzen ech mat Salz an Peffer.

Als nächst mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen kommen Tomaten well dobaï, subal die ischt aafänken mat platzen mëschen ech d’Fleesch drënner an wiärmen alles.

Zum Schluss kënnt dann na den Péitersilich dobäi. Op Telleren verdeelen an mat der gewënschter Beilaag zervéiren. Datt kann Baguette sen, een gouden Komp Zaloot oder wie bei mir gequellten Gromperen.

Tipps fir Variatiounen

Eent Ässen datt fir die siier Feierwowendkëchen fonktionéiert. Ouni gruussen Opwand has du am Nu eent köstlicht Ässen zoubereet. Datt Besonnigt ass, du kanns dÂromen ganz dengem Goût aanpassen. Lost op scharef, mësch bëssen Chili mat drënner. Die italienisch Marinad ass net su dengt, mësch eng Marinad aus gläichen Deeler Sojazooss, Mirin an Reisessig, am Wok gebrooden, evtl. na bëssen Ingwer an mat Reis an su has du am Nu eent asiatischt Ässen!

Rustikal Fleeschpann

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

2

Portiounen
Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 400 g Fleesch, an kleng Würfel geschnidden

  • Olivenualig, fir d’Marinad an fir ze brooden

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Salz an Peffer, no Goût

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL – 2 TL italienisch Krégdermëschung

  • 1 deck Ënn, an dënn Sträifen geschnidden

  • 150 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 200 g Kiischtentomaten

  • 2 EL Péitersilich, gehackt

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech bësse Olivenualig, de Saaft van enger halwer Zitroun, Salz, Peffer, Paprikapolwer an die italienisch Krégder. Dës Mëschung schëdden ech iwert d’Fleesch an lossen et ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durichzéihen. Marinéiers du et jiären mi lang, dann zougedeckt an den Frigo stellen.
  • An enger waaremer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden d’Fleesch do dran all rondrëm brong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan bis se Faaref kreien, dann mëschen ech d’Kooschelen drënner an brooden déi mat bis d‘Flëssigkeet déi austrëtt verkooscht ass, datt würzen ech mat Salz an Peffer.
  • Als nächst mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen kommen Tomaten well dobaï, subal die ischt aafänken mat platzen mëschen ech d’Fleesch drënner an wiärmen alles.
  • Zum Schluss kënnt dann na den Péitersilich dobäi. Op Telleren verdeelen an mat der gewënschter Beilaag zervéiren. Datt kann Baguette sen, een gouden Komp Zaloot oder wie bei mir gequellten Gromperen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*