Mediterran Kritharaki mat Randfleesch aus dem Schiäffchen

Kritharaki, o als Orzo oder Risoni bekannt, sen kleng räisförmig Nuddelen, déi an der mediterraner Këchen, besonnig an Griechenland eng zentral Roll spillen. Sie jiän dachs an Zoppen, engem Eintopf oder als Beilaag verschafft.

Mäin Menü van hokt ass inspiréiert van deem griechischen Giouvetsi. Giouvetsi ass eent beléift griechischt Ässen, datt an enger déiwer Tounform (Youvetsi) am Schiäffchen geschmoort jiët. Traditionelle jiët dësen Menü mat Lamm oder Randfleesch zoubereet an, an enger würziger Tomatenzooss gemellig geschmoort. Dëst Ässen ass besonnig aromatisch durich den Canelle, Neelcheskäpp, Lorbeerbkäder an anner Gewürzer, déi der griechischer Këchen hiren onverwiässelbaren Aroma jiän.

D’Youvetsi-Dëppen ass een Begrëff deen aus dem türkischen kënnt, „güveç“, watt allgemeng eent Dëppen aus Toun oder Keramik beszeechent. Dëst Dëppen ass oval oder ronn, hat een Deckel an späichert d’Hëtzt besonnig goud, ähnlich wie beim Réimertopf oder der fransiischer Cocotte.

Den Toun verdeelt d’Hëtzt gläichmässig an suarigt fir eng schounend Garung, datt d’Fleesch ganz besonnig zart mëcht. Well ech selwer äwer keent su eent speziellt Toundëppen han, han ech alternativ den Réimertopf ausgepackt an dësen Menü do dran gekooscht. Natiirlich kanns du dësen Menü o an enger Gossenpann oder Gossendëppen zoubereeden.

Randfleesch mat Kritharaki aus dem Réimertopf

  • Maximalen Goût mat minimalem Owand, aanbrooden, an den Réimertopf leen, waarden an dann erwaart dëch eent wonnerbart aromatischt Ässen.
  • Durich datt gemelligt Garen am zouenen Réimertopf jiët d’Fleesch botterzart, et bleift wonnerbar saaftig an et zerfällt bal vam selwen.
  • De Canelle, Neelcheskäpp, Lorbeer an Oregano jiän dësem Ässen een eenzigartigen mediterranen Aroma.

Zutaten an Zoubereedung

Datt wichtigst bei dësem Ässen ass, den Réimertopf ze wässeren. Op mannsst 30 Min. är ech en brausch leen ech en an kaalt Waasser. Den Toun späichert Fiitegkeet, déi während dem Garen gemellig fräigesatt jiët, su bleift d’Ässen saaftig an drëchent net aus.

Iwerdeems den Réimertopf am Waasser lékt, würzen ech den Randsgulasch mat Salz an Päffer an brooden en am waarmen Olivenualig all rondrëm kräftig aan.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Sträifen an de Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.

De Réimertopf hualen ech aus dem Waasser an leen d’Ënnen an den Knuawelek ënnen dran, do drop verdeelen ech d’Fleesch, de Canelle, d’Neelcheskäpp, Lorbeerblad, Oregano an na bëssen Salz an Päffer. Dann schëdden ech den Pelati drop vermëschen alles goud, ech kucken äwer datt d’Fleesch ganz an den Tomaten legt.

Als nächst leen ech den Deckel drop an setzen den Réimertopf an deen kaalen Schiäffchen, rischt dann driien ech d’Hëtzt op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt an loossen d’Fleesch 2 Stonnen schmoren.

No deen 2 Stonnen hualen ech Dëppen raus an mëschen Nuddelen drënner, do schëdden ech dann Bréit drop su datt alles goud bedeckt ass. Su setzen ech den Réimertopf dann rëm mat Deckel fir wegder 30 Min. an den Schiäffchen.

TIPP: Pass do drop op den Réimertopf net op eng kaal Granitplaque ze setzen, Dëppen kann soos baschten. Aus deem Grond jiët den Réimertopf o an deen kaalen Schiäffchen gesatt, gruuss Temperaturënnerscheeder verdrigt dëst Dëppen aus Toun net.

Subal d’Nuddelen d’Flëssigkeet absorbéiert han loossen ech datt Ganzt fir 5 Min. ruhen, an zervéiren et, garnéiert mat gehacktem Péitersilich.

Fazit

Dësen Menü ass su eent rischtig Séilenfouder. Durich datt langt schmooren am Réimertopf verbannen sech d’Aromen perfekt. De Canelle an d’Neelcheskäpp brengen eng angenehm Würzigkeet, d’Fleesch jiët botterzart an d’Kritharaki hualen Zooss perfekt op, su datt all Maufel een Genoss ass.

Et ass einfasch an der Zoubereedung, brausch äwer bëssen Zékt fir ze kooschen. Zékt déi sech lungt, du jiëss mat engem herzhaften, würzigen Menü belount, deen no Stonnen Aarbicht schmëcht.

Solls du dësen Menü nookooschen, loss mech an de Kommentare wossen wie et dir geschmaascht hat, an wanns du Frojien has, nëmmen hiär domatt!

Mediterran Kritharaki mat Randfleesch aus dem Schiäffchen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

20

Minuten
Schmooren

2

Stonnen

Zutaten

  • 600 g Rands- oder Lammgoulasch

  • Salz & Päffer

  • Olivenualig fir ze brooden

  • 1 deck Ënn, an dënn Sträifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 Lorbeerblaad

  • 1 Msp Canelle

  • 2 Neelcheskäpp

  • 1 TL Oregano

  • 400 ml Pelati

  • 250 g Kritharaki (Orzo-Nuddelen)

  • 500 ml Bréit

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Réimertopf leen ech op mannst fir eng goud halef Stonn an kaalt Waasser.
  • Iwerdeems erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualig an brooden do dran de Gloulasch kräftig aan, deen würzen ech mat Salz an Peffer.
  • De Réimertopf hualen ech aus dem Waasser an leen d’Ënnen an de Knuawelek ënnen dran, do drop leen ech d’Fleesch an verdeelen d’Gewürzer an evtl. na bëssen Salz an Päffer om Fleesch.
  • Als nächst schëdden ech de Pelati drop an vermëschen alles, ech kucken äwer datt d’Fleesch ganz an den Tomaten légt
  • Dann leen ech den Deckel op den Réimertopf an setzen Dëppen an deen kaalen Schiäffchen. D’Hëtzt driien ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt an lossen datt Ganz 2 Stonne schmoren.
  • No deen 2 Stonnen schëdden ech d’Orzo-Nuddelen dobäi, schëdden d’Bréit drop an vermëschen alles, passen äwer op datt alles mat der Bréit bedeckt ass.
  • Su setzen ech den Réimertopf mat Deckel dann na eng kéier fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis d’Nuddelen d’Flëssigkeet absorbéiert han.
  • Datt Ganzt loossen ech dann na fir 5 Min. ruhen an zervéieren et garnéiert mat gehacktem Péitersilich.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*