Jiët et jiät besseres, wie eent waaremt Frühstück, datt satt mëcht? Mengt Bauernfrühstück ass genau datt rischtigt fir een gemütlichen Muajen oder eent siiert Owesässen, wann den Honger gruuss ass. Gebrooden Gromperen, Speckwürfel oder wie bei mir Wiischtercher, Ënnen an Eier, eng Kombinatioun déi ëmmer fonktionéiert.
Dëst Ässen hat sein Ursprong an der traditioneller ländlicher Këchen. Eent Ässen datt gedeit wor fir de Baueren déi vam Feld kommen eent nahrhaft an herzhaft Ässen ze zervéiren. Hokt ass et eent deftigt Frühstück no enger durichzechert Nait, een herzhaften Brunch oder eent siiert Owesässen.

Zutaten an Zoubereedung
Die perfekt Gromper mat Biss ass natiirlich eng festkooschend, déi jiän geschiält an a gläichgruuss Stécker geschnidden. Du kanns se liit virkooschen, ech brooden se jiären rii am waarmen Botterschmalz. Natiirlich passen hei o Rest Gromperen vam Daag virdraan. Dofir erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt eng Pann an loossen den Botterschmalz do dran schmëlzen, d’Gromperen schëdden ech dann an d‘Pann an brooden se all rondrëm aan. Dann driien ech d’Hëtzt raaf an ënner gelentlichem réiren loossen ech se su lang brooden bis se mëll sen. Würzen se mat bëssen Salz.
Iwerdeems d’Gromperen brooden schiälen ech eng Ënn an schnégden déi an dënn Sträifen, déi mëschen ech ënnert d’Gromperen an brooden se mat.

D’Wiischtercher schnégden ech an dënn Ronselen an mëschen se mat ënnert d’Gromperen. Alles loossen ech op niddriger Hëtzt brooden bis d’Gromperen mëll sen an d’Ënnen goud rauschen.

Wann ech Speck hualen brooden ech deen separat en enger warmer Pann, äwer ouni datt ech Fett dobäi maan. Subal deen knusperig ass, schëdden ech deen mam ausgetroddene Fett iwert d’Gromperen an vermëschen alles goud mateneen.
An enger Schossel schloen ech d’Eier op an würzen se mat Salz an Päffer, schëdden déi iwert d’Gromperen an vermëschen alles kuurz su datt d’Ei sech iwerall verdeelt, dann loossen ech d’Ei op niddirger Hëtzt stocken, leen evtl. een Deckel op Pann, passen äwer op datt d’Ei net ze drëchen jiët.

Mengt Bauernfrühstück verdeelen ech dann op Telleren, an well et bei mir keent Frühstück wor ass et een Komb Zaloot dobäi jiän. Datt Ganzt han ech dann na mat gehacktem Péitersilich garnéiert an zervéiert.

Watt ass su goud aan dësem Ässen ?
- Siier an einfasch, een perfekten Menü wann et siier goen muss!
- Dësen Menü mëcht satt an en ass nahrhaft, d’Gromperen liweren Energie, d’Eier an d’Fleesch brengen Proteinen.
- Eng goud Restverwiärtung, Gromperen vam Daag virdraan, een Rest Speck deen am Frigo van engem Eck an deen anneren geréckelt jiët, Rester van Geméiss…

Tipps aus menger Këchen
Fir eng extra würzig Variant, kanns du eng frësch Chilischot an evtl. bëssen Cumin ënnermëschen. An am Platz van den Wiischtercher oder dem Speck kanns du o Leberkäs hualen. Fir eng Low-Carb-Versioun béiden sech Séissgromperen aan. Ausserdeem kanns du verschidden Zorten Geméiss drënner mëschen wie z.B. Courgetten, Brockelcher, Paprika, Broccoli…Oder mat deen verschiddensten Geméisszorten eng Vegetarisch Versioun zoubereeden.
Wie ëss du dengt Bauernfrühstück am léifsten?
Loss mech wossen ob’s du datt noogekooscht has! Watt has du drënner gemëscht, post deng Foto ënner dem #beijosiane, ech sen gespannt op deng Kreatioun!
Bauernfrühstück
Schwierigkeit: einfasch2
PortiounenZutaten
400 g Gromperen festkooschend, an gläichgruuss Stecker geschnidden
Botterschmalz fir ze brooden
2 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden
4 Wiischtercher an Ronselen geschnidden oder 200 g gewürfelten Speck
4 Eier
Salz & Päffer
gehackten Péitersilich oder Bratzelen fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann op mëttel bis hii Hëtzt loossen ech den Botterschmalz schmëlzen, dann schëdden ech d’Gromperen dran an brooden déi all rondrëm aan. Driien Hëtzt dann raaf an ënner gleentlichem réiren loossen ech d’Gromperen su lang brooden bis se mëlle sen. Wüzen mat bëssen Salz
- Subal ech d’Ënn an dënn Straifen geschnidden han mëschen ech déi drënner an brooden déi mat.
- Als nächst mëschen ech die geschnidden Wiischtercher drënner an loossen alles su lang brooden bis et goud rëcht an d’Gromperen mëll sen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.
- Wann ech Speck hualen, brooden ech deen ouni Fett an enger separater Pann knusperig, deen schëdden ech dann mam ausgetroddene Fett iwert d’Gromperen.
- Dann schloen ech d’Eier op, déi würzen ech mat Salz an Päffer, an schëdden déi iwert meng Mëschung an der Pann, réiren eng kéier drann datt sech alles goud verdeelt an loossen d’Ei dann stocken, leen evtl. een Deckel drop, passen äwer op, datt d’Ei net ze drëchen jiët.
- Mat gehacktem Péitersilich oder Bratzelen garnéiert zervéiren.
- Gouden Appetit!