Milanese trëfft Petto di pollo alla limone

Et jiän su Ässen die passéieren einfasch. Keen gruust nodenken, keen Plang. Et steht een an der Këchen, et hat een paar Zutaten, bëssen Appetit an na mi Furwatz. Su ass dëst Rezept entstannen, een klassicht „Cotoletta alla Milanese“, also een panéierten Schnitzel, mat der Zitrounenzooss vam „Petto di pollo alla limone“. Klengt wie een Widdersproosch, äwer om Teller ass et puren Zauber.

Deemools

Petto di pollo alla limone ass, annëcht wie vill Lekt denken, keent uraalt Baurenrezept, mee eent Kand aus den 50er Joeren. Noom 2ten Weltkréich, Europa wor verwüst, han d’Mënschen no Ässen gesoucht déi triisten, äwer o deen egdelen Portemonnie schounen. D’Industrialiséierung van der Gefligelhaltung hat de Poulet bezahlbar gemaat, an an Süditalien sen Zitrounen an de Gärt gewaass.

De Schnitzel Milanese ass dogeent vill mi aal. am 12ten Joerhonnert ass en van engem Benediktiner-Mönch als „goldig Kalefskotlett“ berschriwen jiän. Ob datt eng Aanspillung op die goldig Panade wor oder villäicht sugar op d’Blattgold datt van räichen Familjen jiären geholt jiän ass dir Festässen ze veredelen.

Jiäster an hokt

An den 70er Joeren ass d’Rezept vam Petto di pollo alla limone van italienischen Migranten mat an Amerika gehollt jiän. Do ass en siier zu engem Liebling van der italo-amerikanischer Këchen jiän. Allerdings mat paar Verännerungen, d’Zooss ass mat Schmand gemaat jiän. well die amerikanisch Botter annëcht geschmaascht hat. Prezzomolo (frëschen Péitersilich) ass durich gedrëchenten Oregano ersatt jiän, an well die amerikanisch Zitrounen keen Goût han ass Zocker drënner gemëscht jiän.

De Schnitzel Milanese hat sech net vill verännert, bei eis oder an der Wallonie ass well fréih mat Schwéng oder Poulet geschafft jiän, well Kalef einfasch ze deier wor. Su hat dëst Ässen ökonomisch Vernonft mat Genoss verbonnen. Een Ënnerscheed jiët et na an den Panaden, d’Originalrezept ass mat Panéiermiähl. Parmesan als Zutat fir ze panéieren ass eng modern oder regional Variatioun. Mat Parmesan panéiert erjiët allerdings eng herrlich würzig Krust.

Zwee Klassiker, een Teller

Ween sech bëssen an der italienischer Këchen auskennt, weess, den Schnitzel Milanese ass hellig. Dënn geklapptent Kalefsfleesch, mat panéiert an goldbrong am Botter oder Botterschmalz ausgebaaschen. Baussen goldbrong an bannen saaftig. Ganz einfasch an ganz elegant.

An dann kënnt dës Zooss dobäi. Zitrounen, wäissen Wéng, bëssen Bréit, bëssen Botter een Hauch Knuawelek. Liit, goud rauschend an frësch. An Süditalien jiët su Pouletfilet zervéiert, heinsdo o Kalef oder Fësch. Petto di pollo alla limone hat genau deen zaarten Zitrusgoût, deen een aan waarmen Deeg su jiären hat.

Fir die 2 Ässen su ze kombinéiren wor eigentlich net mein Plang, ech han einfasch mol probéiert. An zum Schluss han Mailand an Neapel op der Zong gedanzt.

Zutaten

Bei Rezepter wie dësen lungt et sech, bei der Qualitléit net ze sparen. Graad wel dës Ässen su simple sen, muss all Zutat glänzen.

1. De Poulet

Koofen ech meestens regional oder privat. Oder ech passen op de Label op. Label rouge kënnt aus Frankräich steht fir Fräilandhaltung, hii Fouderqualitéit, eng gemeelig Opzuucht. De Neuland-Label ass aus Däitschland an vertrëtt ähnlich Wiärter wie de Label rouge. Die 2 sen keng offiziell Bio-Labelen, schnégden äwer dachs vill besser aaf wie anner Bio-Labelen.

2. D’Panade

Firtischt driien ech d’Fleesch am Miähl an dann an enger Mëschung aus opgeschloenem Ei vermëscht mat Parmesan an bëssen Péitersilich.

3. D’Zitroun

Bio an onbehandelt. D’Schaale spillt mat, also keen Kompromëss bei der Hiärkonft.

4. De Wéng

Ech hualen meestens een drëchnen Riesling aus Lëtzebuerg. Fein, mineralisch, brengt heen d’Zooss an d’Gläichgewiit an en fonktionéiert o goud am Glas dobäi.

Traditioun trëfft Modern

Klassisch jiët den Schnitzel Milanese ouni Zooss zerviert. Bei eis äwer dachs mat enger Tomatenzooss. Die italienisch Këchen liäft vam Wandel. Wat hokt als „fusion“ zällt wor fréier datt, watt am Gaart oder om Maart ze fannen wor.

Dës Verbindung ass net nëmmen modern, mee o zimlich italienisch, winig goud Zutaten, kombinéiert mat Bauschgeféihl an Furwatz. Ob’s du deng Zooss mat wäissem Wéng oder nëmmen Zitroun mëchs, bleift ganz dengem Stil iwerloss.

Fazit

Dëst Ässen ass eng Bréck zwëschen Nord an Süd, zwëschen Traditioun an Nei, zwëschen Alldaag an Sonndig. Et ass einfasch, äwer net banal. Ech han einfasch eng Kombinatioun probéiert, van der ech hoffen datt se net als „Sakrileg“ angesehen jiët, mee ischter als raffinéiert Hommage.

Milanese trëfft Petto di pollo alla limone

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

20

Minuten
Kooschen

20

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • Salz & Päffer

  • Miähl

  • 3-4 Eier

  • 100 g Parmesan, frësch geriwen

  • 20 g Péitersilich

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Fir Zooss
  • 2 Bio-Zitrounen

  • 100 ml drëchnen wäissen Wéng

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 150 ml Houhnerbréit

  • gehackten Péitersilich

  • Salz & Päffer

  • Optional: 1 EL kaalen Botter

Zoubereedung

  • D’Schnitzelen schnégden ech op, äwer net ganz durich, su datt ech en wie eent Bousch opklappen kann. Do leen ech Baaschpapaier driwer am mam Fleeschhaamer klappen ech se liit platt. Déi würzen ech mat Salz an Päffer an loossen se kuurz ruhen.
  • Iwerdeems leen ech d’Miähl op een Teller. Op engem anneren Teller vermëschen ech d’Eier mam Parmesan, dem Péitersilich an bëssen Salz an Päffer.
  • Ech setzen dann well eng Pann op Plaque an erhetzen déi op mëttel bis hii Hëtzt. Do dran loossen ech den Botterschmalz schmëlzen.
  • D’Schnitzelen driien ech firtischt am Miähl, klappen datt liit aaf an driien se dann an der Ei-Parmesanmëschung, su leen ech d’Schnitzelen an die waarem Pann. Am besten eng beschicht Pann. Déi loossen ech dann mol brooden ouni draan wibbelen ze goen.
  • Subal se goldbrong sen driien ech d’Schnitzelen an brooden se van der annerer Sekt goldbrong aan. Pass do bëssen op an spill mat der Hëtzt. Subal d’Schnitzelen all rondrëm sching goldbrong sen hualen ech se raus an setzen se bei 150°C an deen waarmen Schiäffchen.
  • D’Pann loossen ech bëssen aafkéilen. Een Deel vam Fett entsuarigen ech.
  • D’Zitrounen schnégden ech an Scheiwen van ongefier 1 cm Déckt.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Zitrounenscheiwen van 2 Ségten aan, do mëschen ech dann de Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mam wäissen Wéng aaf. Deen loossen ech baal ganz ankooschen.
  • Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, driien Hëtzt rëm rop an loossen Zooss su lang reduzéiren bis se die gewënschten Konsistenz erreecht hat. Schmaaschen an würzen.
  • Optional: kanns du Zooss mat 1 EL kaaler Botter montéieren.
  • Zum Schluss mëschen ech na gehackten Péitersilich ënner Zooss.
  • D’Schnitzelen leen ech op Telleren, verdeelen d’Zitrounescheiwen driwer an bëssen van der Zooss.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*