Poulet mat Gromperen no griechisch Art

Goldjiäll Gromperen, déi die würzig Marinade opgehollt han, knusperig Pouletstécker, déi no Zitroun, Orgegano an Knuawelek rauschen. Fir déi die et jiären han, evtl. na paar Oliven an bëssen Feta. An su siier, féilt sech een vereenten Daag no engem Summerdaag aan.

Friwatt ass dëst Ässen hokt su beléift? An datt net nëmmen an Griechenland, mee weltwégt?

Een Hauch Mythos an der Pann.

O wann dësen Menü net su aal ass, ass die griechisch Këchen geprägt van Einfaschen an onkomplizéierten Zutaten. Gefligel wor deemools een Luxus, deen een sech net all Daag leesten konnt. Die aal Griechen han ischter Geessen, Schoof an Fësch gäss. Houhner sen vriaan allem fir d’Eier gehaalen jiän. Rischt ab der byzantinischer Zékt ass de Poulet an enger Gewüzrmarinade populär jiän, wahrscheinlich o durich den Anfloss aus Klengasien an deem arabischen Raum.

Gromperen sen rischt vill mi spéit dobäi kommen. Ab deem 18ten Joerhonnert han sie gemellig hir Platz an eisen Këchen fond. Am 20ten Joerhonnert, ass Poulet mat Gromperen an villen ländlichen Këchen zoubereet jiän. Zu der Zékt haaten well vill Häiser een eegene Schiäffchen an Houhner sen regelméissig geschliät jiän, ausserdeem wor zu deem Zéktpunkt d’Gromper well fest verankert an deen europäischen Këchen. Et ass eent Ässen datt net vill koost, et mëcht satt, an hat „das gewisse Etwas“, datt watt een hokt als „soul-food“ bezeechent jiff.

De Goût kënnt aus dem Gaart

Datt Best aan dësem Menü, et liäft van winigen, dofir äwer éierlichen Zutaten.

  • Olivenualig: kaal gepresst, nativ extra. En ass den Hauptbestandeel van der Marinade. En drigt den Goût an suarigt fir een goldigen Glanz op deem fiärdigen Ässen.
  • Zitrounen: frësch gepresst, suarigen sie fir die typisch Säier, déi d’Fleesch zaart maan an d’Gromperen beliäft.
  • Knuawelek an Ënnen: Herzhaft, rustikal, direkt, typisch mediterran.
  • Oregano: Han ech aus mengem Gaart an selwer gedrëchent. Den Doft vam Oregano ass wie eng Vakanz aan der Äigäis.
  • Gromperen: Festkooschend an aus regionalem Aanbau.
  • Poulet: An o beim Poulet passen ech drop op datt en regional ass. Am besten ass natiirlich Fleesch van engem deen privat schläit. D’Fleesch ass mi fest an mi aromatisch an du weess datt Déier eent goud Liäwen haat.

Kooschen mat Haltung

Noohaltigkeet fängt net beim Recycling aan, et fängt well an der Këchen aan. Hëlls du Zutaten aus der Regioun, mëchst du net nëmmen jiät fir d’Ëmwelt, mee o fir de Goût. Gromperen déi keng dausende Kilometer transportéiert jiän sen, schmaaschen vill besser an mi intensiv. Een Poulet deen gemellig an normal gruuss gezillt jiän ass, belount dech mat deem besten Goût. Bei eis waassen keng Oliven, mee o hei lungt sech een Bléck op datt wesentlicht, een Ualig aus biologischer Landwirtschaft enthält vill mi sekundär Planzestoffer.

De Schiäffchen schaffen loossen

D’Zoubereedung ass onkomplizéiert, äwer sie liäft van Gedold an gouden Aromen.

Marinéiren: Meng Marinade mësche ech aus Olivenulaig, Knuawelek, Zitrounensaaft, mediterran Krégder, Salz, Päffer an bëssen Mostert zesaammen. De Poulet dran leen an am besten iwert Näit durich zéien loosen. Hëlls du de Poulet dann aus der Marinade, jiët se net entsuarigt, mee o d’Gromperen an d’Ënnen jiän do dran geschwenkt.

Baaschen: Gromperen leen ech an eng gruuss feierfest From oder eent déift Blech, do drop leen ech de Poulet an baaschen datt Ganzt am waarmen Schiäffchen bei 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt. Zwëschen durich schëdden ech ëmmer mol rëm bëssen Houhnerbréit dobäi, fir datt alles saaftig bleift.

Verfeineren: Du kanns zum Schluss bëssen Feta iwert de Menü streien an paar Oliven driwer verdeelen an et mat frëschem Oregano garnéiren.

Den Doft, deen sech an denger Këchen verbreet ass onbezahlbar

Lokal an perséinlich

Su Menüer jiän an der Zukunft villäicht vill mi wichtig. An enger Zékt, an der vill Lekt no echten Aromen, éierlicher Hiärkonft an Ässkultur déi verbënnt séichen, brengt dësen Teller Poulet mat Gromperen mi op den Dësch wie nëmmen Kalorien. Et jiët ëm Erënnerungen, em Wiärtschätzung, ëmt Deelen mat anneren.

Griechischen Poulet mat Gromperen ass mi wie nëmmen eent Rezept. Et ass eng kulinairsch Réis durich d’Geschicht, Landschaft an Kultur. An erënnert do draan, wie einfasch goud Ässen sen kann, wann mir viirischteg aankoofen, mat Léift kooschen am mat Härz genéissen.

Poulet mat Gromperen no griechisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

20

Minuten
Marinéiren

12

Stonnen
Kooschen

60

Minuten

Zutaten

  • 1,5 kg Pouletfleesch, an Stécker geschnidden, Pilon oder ganz Strempelen

  • 1 kg Gromperen, festkooschender, gewäsch an gevéirelt

  • 2-3 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 0,5 L Houhnerbréit

  • Fir d’Marinade
  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 100 ml Olivenualig

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

  • 1 EL Mostert

  • 3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Päffer

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten van der Marinade, vermëschen ech mam Stabmixer.
  • De Poulet leen ech an dës Marinade an setzen en iwert Nait an de Frigo.
  • Den Daag drop hualen ech d’Fleesch aus der Marinade. D’Marinade réiren ech na eng kéier op, an dann leen ech d’Gromperen an d’Ënnen dran an vermëschen alles goud mateneen.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • An enger gruuser feierfester Form oder op engem déiwen Blech verdeelen ech d’Gromperen, su datt se net zevill openeen leien.
  • Do drop leen ech de Poulet an schëdden ongeféier d’Halschent van der Houhnerbréit dobäi.
  • Su setzen ech datt Ganzt fir eng Stonn an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich ëmmer mol rëm kucken an evtl. na bëssen Bréit no schëdden.

Notiz

  • All Schiäffchen baascht annëcht, sollt de Poulet an d’Gromperen ze donkel jiän, Sëlwerpapier driwer leen. Sollt et äwer net brong genou jiän 15 Min. viraan Schluss van der Baaschzékt de Schiäffchen op Ëmloft ëmstellen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*