Orzopann mat Tomaten an Courgetten

Summer om Teller, Geschicht am Härz an een Hauch Zukunft am Goût, datt alles vereent dës Orzopann mat Tomaten an Courgetten. An dësem Artikel hualen ech dech mat op eng kleng Réis durich Zekt, Kultur an Wëssenschaft, datt Ganzt gewürzt mat engem Rezept, datt net nëmmen schmëcht, mee o Sënn mëcht.

Die kleng Gesicht van der klenger Pasta

Orzo, oder o Risoni, klengt italienisch, an datt ass et o. Et bedeit eigentlich „Gjäscht“, an bezeechent die kleng räisförmig Deegwaren aus Hartweizengriess. An o wann een den Orzo dachs fir Räisersatz hällt, ass et eng einfasch Pasta.

An Griechenland nennt een se „Kritharaki“ an der Türkei „arpa şehriye“, an Israel ass et „ptitim“ o als „Ben-Gurion-Räis, benannt, noom ischten Premierminister van Israel.

D’Form vam Orzo erënnert aan Räiskären, watt keen Zoufall ass. An Zekten, an deenen de Räis deier wor an schwéier ze kreien, han die mediterran Völker eng alternativ aus Hartweizengriess entweckelt. An der Levante, op deen griechischen Inselen an o an Süditalien ass Orzo zu enger perfekter Basis jiän fir herzhaft Ässen, sie ass nahrhaft, sie hat satt gemaat an wor aanpassungsfähig.

An aalen griechischen Diärefer zum Beispill wor een Eintopf aus Kritharaki, Tomaten an Lamm eent typischt Sonndesässen. An an Süditalien hat een Orzo an Zoppen oder gebaaschen mat Geméiss fond. Dës Ässen haaten net nëmmen een kulinarischen Reiz, mee woren o praktisch, winig Opwand, an vill Goût.

Gourgetten an Tomaten

Wann Courgetten an Tomaten zesaammen an enger Pann landen, entsteht pur Magie. Sie stammen allen 2 aus Mëttel- an Südamerika, an han am Loof van de Joerhonnerten hir Platz an deen europäischen Këchen fond.

  • Tomaten woren aafangs eng Zierplanz, ze faarwig, ze främm an angeblich gëftig.
  • Courgetten sen an Italien aus Kürbisgewächser geziicht jiän, an sen hokt den net mi aus eisen Këchen fortzedenken.

An Kombinatioun brengen sie eng wonnerbar Balance, die fruuchtig Säier van der Tomat, die mëll Frëschheet van der Courgette, een Dreamteam, besonnig am Zesaammenspill mat Olivenualig, Knuawelek an Krégder.

Irgendwann ass dann Orzopann enstannen

Et jiët keen offiziellen Datum wini dës Pann erfond jiän ass. Äwer irgendwu op dësem Globus hat sech wahrschnlich een gedeit, „Firwatt net alles an eng Pann schmäissen?“ Su entstinn Klassiker.

Eent einfascht Ässen mat winig Zutaten, winig Spoull, äwer vollem Goût. Genausu wie die mediterran Alldaagskëchen et jiären hat.

Firwatt fonktionéiert dëst Ässen

Hannert dem „Mmh“-Effekt stëcht bëssen mi wie nëmmen eent goud Bauschgeféihl. Hei sen paar Grënn firwatt dës Orzopann mat Tomaten an Courgetten su harmonisch ass.

Umami trëfft datt Séisst

Tomaten, besonnig wann se gekooscht jiän, sen räich aan Glutaminsäier, deem Hauptverantwortlichen fir den Umami-Goût. D’Courgetten dogeent brengen een mëllen séissen, liit batteren Goût mat. Dës Kombinatioun stimuléiert gläichzektig verschidden Rezeptoren déi fir den Goût verantwortlich sen, watt dësen Menü „ronn“ am Goût mëcht.

D’Stärke am Orzo

Orzo enthält, wie all anner Pasta, Stärke, déi während dem Kooschen an d’Waasser iwerjieet. Datt suarigt fir eng natiirlich Bindung, baal wie bei engem Risotto. Die crèmig Textur entsteht ganz ouni Schmand, een Plus fir all déi, déi op Laktose verzichten wëllen oder mussen.

Ballaststoffer an Mikronährstoffer

Courgetten an Tomaten sen räich aan Vitamin C, Kalium an sekundär Planzestoffer wie z.B. Lykopin. Deen iwerigens besser opgehollt jiët, wann Tomaten erhëtzt jiän. Ballaststoffer aus Geméiss an den Deegwaren hëllefen zousätzlich der Verdauung.

Aroma durich den Ualig

D’Aanbrooden am Olivenualig ass net nëmmen fir den Goût wichtig, Fett drigt de Goût an hëlleft, fettlieslisch Vitaminen (A, D, E an K) aus dem Geméiss opzehualen. Zur gläicher Zekt entstinn fein Röstaromen (Maillard-Reaktioun), déi den Goût na besser maan.

D’Orzopann hokt

Hokt ass d’Orzopann vill mi wie nëmmen een Geheimtipp aus Südeuropa. An Foodblogs an op Social Media tauchen sie an ëmmer neien Varianten op, vegan, glutenfräi (mat Räis oder Lënsennuddelen), mat Pesto oder Chili, als Meal-prep oder als eng einfasch Beilaag.

Eng Welt déi sech ëmmer mi siier drigt passt dësen einfasch Menü goud dran. Et ass liit, gesond, mëcht satt an schmëcht o ganz ouni Fleesch. Et ass eent perfekt Beispill fir die modern Këchen, traditiounsbewosst, an äwer flexibel.

Et ass also keen Wonner, datt Foodblogs, Pinterset an TikTok voll verschidden Varianten sen.

An d’Zukunft?

Su Ässen sen wahscheinlich Zukunft van eiser Ernährung. Firwatt? Sie vereenen alles, watt mir brauschen. Sie sen siier zoubereet, sie sen Regional, well Tomaten an Courgetten bei eis waassen. Sie sen saisonal, sie sen noohaltig, sie kannen individuell aangepasst jiän an sie schmaaschen richtig goud.

Fazit

D’Orzopann ass eent Ässen, datt mir weisst, datt Geschicht an Kultur op engem Teller zesaammen fannen. Sie steht fir einfasch Zutaten, mat enger gruusser Wirikung. Sie erzällt Geschichten, vam italienischen Këchendëch, van der Aanpassung van de Mënchen an hiren Ressourcen, van Gesondheet an van Zukunftsvisounen.

Sie ass eent Steck Alldaag, datt een mat paar Zutaten an jiät Wonnerbares ëmwandelen kann.

Orzopann mat Tomaten an Courgetten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

20

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • 250 g Orzo (Risoni)

  • 2 kleng Courgetten, gewürfelt oder an Scheiwen geschnidden

  • 300 g Kiischtentomaten

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • Olivenualig

  • Salz

  • Päffer

  • italienisch Krégdermëschung

  • 60 g Pecorino, frësch geriwen

Zoubereedung

  • An enger grusser Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen aan, bis se aafänken Faaref ze kreien an goud rauschen.
  • Zur gläicher Zekt setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op. loossen datt opkooschen an kooschen do dran d’Orzonuddelen no Packaaweisung al dente. (10-12 Min.)
  • Ënner meng aangebrooden Ënnen mëschen ech dann d’Courgetten drënner an brooden déi mat. bis o sie liit Faarf kreien.
  • TIPP aus menger Këchen: ech hualen mir ëmmer Zekt d’Ënnen an d’Geméiss ordentlich aanzebrooden, sie sollen Faaref kreien, su krëss du deen besten Goût.
  • Als nächst mëschen ech Tomaten an de Knuawelek drënner, schäffen 1 Tass Pastawaasser aus dem Dëppen an schëdden datt mat dobäi.
  • Datt loossen ech paar Min. kooschen, schmaaschen an wann mengt Pastawaasser genou gesalzen wor brausch ech nëmmen na Päffer an die italienisch Krégdermëschung.
  • D’Nuddelen schëdden ech aaf, fänken äwer na eng Tass Pastawaasser op. Déi mëschen ech dann ënnert mengt Geméiss, sollt datt Ganzt ze drëchen jiän schëdden ech na bëssen Pastawaasser dobäi.
  • Dann driien ech d’Plaque aus, an réiren de Pecorino drënner bie en geschmolz ass an eng cremig Zooss entstannen ass.
  • Ech schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.
  • TIPP aus menger Këchen: Pastawaasser an de Pecorino sen zimlich salzig, sollt ech na Salz brauschen, würzen ech rischt ganz zum Schluss mat Salz.
  • Eng anner Methoud fir Zoubereedung
  • Du britts dengt Geméiss, wie uawen beschriwen aan, mëschs Tomaten an de Knuawelek drënner an mëschs dann die ongekooscht Orzo drënner. Do drop schëdds du 500 ml Geméissbréit an noodeems et opgekooscht hat lisst du datt Ganzt op niddriger Hëtzt mat Deckel kooschen bis Pasta mëll ass. Dowëschent mol dran réiren an würzen. Zum Schluss dann de Pecorino ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*