Balsamicopoulet vam Blech

Wann ech aan Balsamicopoulet vam Blech denken, dann denken ech aan winig Aarbicht, an vill Goút, aan deen Moment, wann sech deen gouden Geroosch durich datt ganzt Haus zéiht.

Die kleng Réis durich d’Geschicht

Dëst Ässen ass keng joerhonnerten aal italienisch Traditioun. Et ass eent modernt Ässen, datt sech aus verschidden kulinarischen Deeler zesaammensetzt.

De Poulet wor well am aalen Roum bléiftent Fleesch, allerdings net an der Form wie mir et hokt kennen. Deemools ass d’Gefligel jiären mat séiss-sauren Zoossen kombinéiert jiän, dachs mat Dattelen, Wéng oder Essig.

D’Gromper ass hokt op baal kengem Blech mi fortzedenken. Geschicht van den Gromperen ass bekannt, noodeems sie am 16ten joerhonnert an Europa aankommen ass, hat sie sech iwert Joeren zu engem beléifsten Grondnahrungsmëttel entweckelt.

De Broccoli, hat tatsächlich eng aal Geschicht. Well d’Etrusker an spéider Rèimer han an der hoktigen Toskana aangebaut. An den USA ass en rischt am 20ten Joerhonnert, durich italienisch Anwanderer bekannt jiän.

D’Ässen vam Blech, also die Iddi, verschidden Zutaten op engem Blech ze kombinéiren an zesaammen ze garen, ass eng modern Entweckelung. Et ass die logisch Äntwert op eisen hektischen Alldaag. Alles an engem Schrëtt, winig Spoull, maximalen Goût. D’Popularitéit van „Sheet Pan Dinners“ ass an deen letztn Joeren regelrecht explodéiert.

Firwatt fonktionéiert dëst Rezept

Kooschen ass heinsdo wie Magie, äwer meestens reng Chemie, bei dësem Ässen kommen paar Saaschen beineen, déi Sënn erjiänn.

D’Maillard-Reaktioun

Wanns du de Poulet bei hiier Temperatur am Schiäffchien zoubereets. Passéiert jiät Wonnerbares. D’Protéinen an Zocker reagéiren mateneen an et bilden sech honnerten nei Aromastoffer. Datt sugenannten Maillard-Produkt suarigt fir die typisch brong Faarf an den intensiven Goût.

De Balsamico-Essig

Deen brengt direkt 2 Saaschen mat, Säier an Séiss. D’Säier suarigt dofir, datt d’Fleesch zaart bleift, während datt Séisst, besonnig an Kombinatioun mat Hunnig, während dem réisteren liit karameliséiert. Datt jiët dem Ässen eng déif, baal glaséiert Aromatik.

D’Gromper

Gromperen enthaalen vill Stärke, déi während dem Baaschen austrëtt an hëleft, datt se knusperig jiän. Besonnig wann een se kuurz blanchéiert oder am kaalen Waasser anweecht, fir su die Stärke, déi während dem schnégden austrëtt aafzewäschen.

De Broccoli

Broccoli ass eent sensibelt Geméiss. Während de Poulet an d’Gromperen 35-45 Min. brauschen, ass de Broccoli well no 15 Min. fiärdig. Wann een en om Blech mat baaschen wëll, rischt mi spéit dobäi leen.

Vam Improviséieren zum Verfeineren

Mengt ischt Ässen vam Blech wor mi aus der Nugd gebuaren wie aus Inspiratioun. Ech haat na Poulet, eng Handvoll Gromperen an o na Broccoli am Frigo. Keng Lost op eng Pann, an keng Zekt fir eng opwendig Zooss, Ech wor méid, hongrig an en bëssen genervt, jidfereen kennt su Deeg.

Alles op d’Blech, Ualig, Essig an Gewürzer driwer, ran an de Schiäffchien. Watt soll well passéieren?

Ségt der Zekt hat sech äwer bëssen jiät gedoen. Ech hualen mir Zekt de Poulet ze marinéiren, op mannst 1 Stonn am besten iwert Nait. Ech han verschidden Balsamico ausprobéiert an han mat Hunnig, Ahornsirup, Sojazoos an sugar mat bëssen Mostert experimentéiert. Irgendwann han ech da verstannen, de Broccoli rischt mi spéit dobäi leen oder sugar am léifsten sepparat zoubereeden. D’Mëschung Broccoli, Hunnig an Baslamico schmëcht mir perséinlich nämlich net su goud. Ech wärt an Zukunft de Broccoli o rem ganz klassich blanchéiren an dann liit an waarmer Botter waarem schwenken.

Ässen vam Blech

Ässen vam Blech sen Menüer déi o an Zukunft bestoen bleiwen.

  • Sie sen wandelbar. Am Platz vam Broccoli kanns du gréin Bungen, Brokkelcher, Choufleur oder Paprika hualen. Am Platz van den Gromperen kanns du Séissgromperen oder Kürbis hualen. Oder du mëchs eng komplett anner Marinade.
  • Et ass alles dran, Eiwäiss, komplex Kohlenhydrate, Ballasstoffer an sekundär Planzestoffer.
  • Et ass gemeinschaftlich. Et kann gedeelt jiän, mam Blech op den dech gestalt an jidfereen hëllt sech datt watt en wëll
  • Et ass siier zoubereet ouni guuss Kenntnisser iwert Kooschen.

An datt villäicht wichtigts aan dësem Ässen, et ass einfasch, éierlich, keng Allüren, keng iwerdriwen Show, eent waaremt an aromatischt Ässen. Genau datt, watt mir an eiser iwerdrigten Welt heinsdo brauschen.

Fazit

Dëst ass eent klengt Beispill, wie sech Traditioun an Modernt mateneen verbannen. Wie’s du aus einfaschen Zutaten eent rischtigt Soulfood zaubers. An wie wichtig et ass während dem Kooschen ze lausteren, op d’Zutaten, op Temperaturen, an op die eegen Erfahrungen. Solls du dëst Ässen ausprobéieren oder na eng kéier kooschen, dann denk draan. De Broccoli hat seng eegen Bedürfnisser. En verdéint sein Solooptrëtt, an du wärts miäriken, wie harmonisch sech datt Ganzt zesaammen fügt.

Balsamicopoulet vam Blech

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

40

Minuten
Marinéiren

1-12

Stonnen

Zutaten

  • 4 Pouletfilet oder Strempelen

  • 800 g Gromperen, festkooschend geschiält an, an Spalten geschnidden

  • 1 gruusen Broccoli, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 3 EL Balsamico-Essig

  • 2-3 EL Olivenualig

  • 1 EL Hunnig

  • 1 TL Dijon-Mostert

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 1 TL italienisch Krégdermëschung

  • Salz

  • Päffer

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech den Ualig, de Balsamico, den Hunnig, den Mostert, Ënnen, de Knuawelek suwie d’Krégder an d’Gewürzer.
  • De Poulet tuppen ech mat Këchenpapeier drëchen an leen en an eng platt Schossel, do driwer schëdden ech d’Marinade, passen do drop op datt sie iwerall am Fleesch verdeelt ass, an setzen datt Ganzt op mannst 1 Stonn, am besten iwert Nait zougedeckt an de Frigo.
  • D’Gromperen mëschen ech mat bëssen Olivenualig, Salz, Päffer an Krégder.
  • De Schiäffchien op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • D’Fleesch leen ech mat der Marinade op eent Blech an verdeelen d’Gromperen rondrëm. Su setzen ech datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchien an baaschen et fir ongeféier 40 Min.
  • Iwerdeems mëschen ech an enger Schossel de Broccoli mat bëssen Olivenualig, Salz, Päffer an bëssen Zitrounensaaft.
  • Ongeféier 15 Min. viraan Schluss van der Baaschzékt verdeelen ech de Broccoli om Blech, oder ech hualen eent zweit Blech an setzen datt mat an de Schiäffchien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*