Rice & Beans klengt firtischt mol zimlich einfasch an simple, ass et o, an äwer o net. An der Einfascheet stecht vill Flexibilitéit. An villen Kulturen op der ganzer Welt ass d’Kombinatioun van Kären an Hülsenfiischten eent Grondnahrungsmëttel, well et net deier ass an Sënn erjiët. Räis liwert Kohlenhydrate, Bungen brengen Protein, Ballaststoffer an Textur. Zesaammen ergänzen sie sech perfekt.

Een kuurzen Bleck zereck
Natiirlich lisst sech Rice & Beans net op een genauen Datum festleen. Vill mi ass et d’Ergebnis van joerdausendlanger Landwirtschaftlicher Evoltutioun an kultureller Vermëschung. Räis wor an Asien die zentral Kulturplanz, Bungen, an hir verschidden Arten, sen an Latengamerika segt prähistorischer Zekt bekannt. Mat der Kolonosisatioun han sech Räis an Bungen iwert die ganz Welt verdeelt, an iwerall han sech ähnlich Kombinatiounen gebild.
An der Karibik an an Deeler van Latengamerika ass Rice & Beans zu engem festen Menü an der Alldaagskëchen jiän. Do han sech indigen, afrikanisch an europäisch Anflëss verbonnen, Gewürzer, Konservéierungstechniken an Kooschmethouden han sech vermëscht. An den USA ass Rice & beans Deel van der Soulfood- an Südstaatenkëchen, simple Zutaten, maximalen Goût.
D’Iddi Kären mat Hülsenfiischten ze kombinéiren, ass global, vam indischen Dal mat Räis iwer äthiopisch Kombinatiounen bis zu mediterranen Lënsenmenüer.
Wie hat sech dëst Ässen iwert Zekt viraan entweckelt
Fréier wor Rice & Beans dachs puristisch, Räis, Bungen villäicht paar Ënnen an eent Lorbeerblaad. Mam Handel sen ëmmer mi Zutaten verfügbar jiän, Gewürzer, Ualig… Mat der Globaliséirung sen Bungen an de Béchsen, Tomatenprodukter an anner Zorten Ualig mat an d’Spill kommen. D’Ässen wor siier zoubereet an iwerall konnt et gekooscht jiän.
An deen letzten Joerzéinten han 2 Trends datt klassischt Rice & Beans beanflosst
- Regionaliséierung an Autentizitéit. Doheem an der eegener Këchen besënnt een sech op die traditionell Varianten, schwarz Bungen an Kuba, rugd Bungen an der dominikainischer Këchen, Pinto-Bungen an Mexiko, su reckelen die lokal Zoubereedungsarten rem an den Zentrum.
- Spëtzenkäch an Food-Blogger han dëst Ässen nei interpretéiert, gereechert Aromen, fermentéiert Zutaten an datt bewosst Spillen mat den Texturen.
Fir deen modernen Koosch ass Rice & Beans ideal, well et sech liit virbereeden lisst, an die perfekt Restverwiärtung ass. Bungen aus der Béchs oder dem Glas maan daat Ganzt an 20 bis 30 Min. fiärdig fir den Dësch.
Firwatt mat Paprika an Tomaten?
Paprika an Tomaten sen keng zoufällig Beigaben, sie brengen genau datt, watt vill Rice & Beans Versiounen brauschen.
- Paprika liwert een séisse Goüt an wann se gemellig gebrooden jiän eng mëll Textur. Gereechert oder gegrillt jiët de Paprika een déiwen Aroma, frësch Paprika suarigt fir Biss an Frëschheet.
- Kiischtentomaten sen Geschmaachsbommen, intensiv Säier, natiilrich Séissheet an wann se kuurz geschmoort jiän, platzen sie an jiän hir fruuchtig Zooss aaf, sie bënnt den Räis an ëmspillt d’Bungen.
Zesaammen suarigen sie fir een goud ausbalancéierten Menü: Déi deen ischter erdigen, kräftigen Bungen eng liit Säier an Frëschheet gegeniwerstellt, an deen séissen Paprika die stärkehaltig Grondlaag vam Räis ergänzt.

Firwatt fonktionéiert dësen Menü
Kooschphysik an Ernährung sen ëmmer do, o wann ech nëmmen „einfasch“ kooschen
- Räis an Bungen liweren zesaammen eent Vollstännigt Aminosäierprofil. Fir Lekt déi sech planzlich ernähren, ass dës Kombi eng klassisch Methoud fir Proteinqualitéit ze verbesseren.
- De Räis liwert eng angenehm liit pëschig Textur, während d’Bungen liit Biss brengen. De Paprika an Tomaten ergänzen datt Ganzt an suarigen fir eent dynamischt Mondgeféihl
- Réisters du d’Ënnen an de Paprika aan kommen durich d’Maillardreaktioun na Röstaromen dobäi, déi deen ganzen Menü aromatiséiren an op een anneren Level hiäwen.
- Tomaten brengen well Säier mat an d’Spill, de Goût van „Umami“ jiët do durich na verstiärikt. Eng kleng Sprutz Essig oder Zitrounensaaft zum Schluss hiäft den Goût an eng kéier. D’Säier suarigt dofir datt Aromastoffer „opjinn“.
- Een Läffel gouden Ualig oder eent Steck Botter transportéiren die fettlieslich Aromastoffer an suarigt dofir datt een satt jiët. Sugar een klengen Schlupp Olivenualig kuurz viraam Schluss ënnergemëscht verännert d‘Aromen.
Meng Methoud
Virbereedung ass alles, datt heescht ech hacken Ënnen, hacken Knuawelek, deen kanns du natiirlich o pressen. Dann wäschen ech de Paprika, entkären en an schnégden en an kleng Würfel. D’Bungen schëdden ech op eng Passette an wäschen se grëndlich ënner kaalem Waasser aaf, su datt Konservéirungsflëssigkeet komplett fort ass. De Räis wäschen ech an kaalem Waasser bis d’Waasser kloer ass.
Kiischtentomaten halbéiren ech an setzen se bei 200°C fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchien.
Den Aroma opbauen, datt heescht, an enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig, do dran brooden ech d’Ënnen bis se Faaref kreien. Datt hëllt bëssen Zekt an aansproosch brengt äwer deen meesten Aroma. Wann déi bis die richtig Faaref han mëschen ech de Paprika an de Knuawelek drënner an brooden alles op mëttel bis hii Hëtzt viraan, bis de Paprika nat liit Biss hat.
Dann mëschen ech de Räis drënner, réisteren deen kuurz mat aan, an schëdden d’Bréit drop. D’Hëtzt driien ech raaf an mat Deckel loossen ech datt Ganzt kooschen bis de Räis d’Flëssigkeet absorbéiert hat. Würzen mat Salz, Päffer, Paprikapolwer, Cumin an italienischen Krégder.
Als nächst mëschen ech Tomaten mam ausgetroddene Saaft an d’Bungen drënner, erhëtzen alles, schmaaschen an würzen evtl. na no. Mat Deckel erhëtzen ech alles, hei kanns du lo fir na mi Frëschheet bëssen Balsamico oder Zitrounensaaft ënnermëschen.
Viraam zervéiren mëschen ech dann gehackten Péitersilich drënner.
Fir all Fleeschliebhaber
- Mat Chorizo oder enger gereecherter Wuuscht, déi firtischt aanbrooden, raus hualen an, an deem Fett, an mat deen Röstaromen deen Rest wie uawen beschriwen zoubereeden. D’Wuuscht mat den Tomaten ënnermëschen.

Rice & Beans ass eent Komfortässen, et wiäremt, et mëcht satt an et erzällt Geschichten, van Migartioun, vam Alldaag, van Improvisatioun. Fir den Hobbykoosch ass et eng Übung an Balance: Séiss vs. Säier, Textur vs. Mëll, Fett vs. Frëschheet. An et verzeiht! Zevill Salz? De Räis hëllt datt op. Ze deckflëssig? Waasser oder Bréit retten datt. Ze dënnflëssig? Bëssen mi lang kooschen loossen.
Ech kooschen su eent Ässen wann ech Rester verwiärten well. Raïs, Ënnen an Knuwelek han ech ëmmer am Haus. Tomaten stungen well die ganz Woosch bei mir op der Këchen, an de Paprika am Frigo hat o well besser Deeg gesehen. Et ass eent Ässen, datts du ganz dengem Goût aanpassen kanns, du wëlls keen Paprika, mësch Courgetten, Muurten oder eent annert Geméiss drënner. Du wëlls keng Tomaten, mësch Maïs drënner an spill mat Zitroun oder Essig. Am Platz van der Bréit kanns du o Kokosmëlich hualen, dann mat Curry an mi orientalischen Gewürzer würzen.
Rice & Beans
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten40
MinutenZutaten
200 g Kiischtentomaten, halbéiert
Olivenualig fir ze brooden
2 Ënnen, gehackt
2 rugd Paprika, kleng gewürfelt
3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
1 TL séisst Paprikapolwer
Salz
Päffer
0,5 TL Cumin
1 TL italienisch Krégdermëschung
250 g Langkärenräis
500 ml Bréit
240 g Kidneybungen, grëndlich aafgewäsch
Optional Saaft van 0,5 Zitroun oder 1 EL Balsamico
Fir Garnitur: 2 EL Péitersilich, gehackt
Zoubereedung
- De Schiäffchien wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir. Kiischtomaten leen ech an eng feierfest Form, verdeelen ongeféier 1 EL Olivenualig driwer an setze se fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchien.
- An enger waamer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen aan bis se Faaref kreien. Dann mëschen ech de Paprika an de Knuawelek drënner an op mëttel bis hii Hëtzt brooden ech deen su lang bis en na liit Biss hat.
- Als nächst mëschen ech den Räis drënner an réisteren deen kuurz mat aan, dann schëdden ech d’Bréit drop, mëschen d’Gewürzer drënner an op niddiriger Hëtzt mat Deckel loossen ech datt Ganzt kooschen bis den Räis die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat.
- Dann mëschen ech Tomaten an d’Bungen drënner, vermëschen alles goud an erhëtzen et. Optional kanns du Rice & Beans dann na mat Zitrounensaaft oder Balsamico aafschmaaschen.
- Viraam zervéiren mëschen ech na deen gehackten Péitersilich drënner.