Eent van mengem Rezepter, déi durich August Escoffier inspiréiert sen, eng Paprikacrèmezopp, déi mat Crème de riz gekooscht jiët. Eent Rezept datt net nëmmen einfasch gekooscht jiët mee et erzällt, erënnert an verbënnt,
Hokt hualen ech dech firtischt mat an d’Vergangenheet, do wu dës Zopp die ischt Spuoren hannerloss hat, wie se hokt na ëmmer Lekt begeesteren, an wie mir villäicht nei Varianten an eisen Këchen entdecken. Zwëschendurich werfen ech äwer o een klenge Bleck op d’Wëssenschaft, déi erklärt, firwatt graad su Ässen wonnerbar fonktionéiren.

Die historisch Spuoren
Fänken mir am Aafank aan, oder zumindest do wu een die ischt Wuurzelen fannen kann.
De Paprika selwer kënnt ursprünglich aus Mëttel- an Südamerika. D’Spanier han dëst Geméiss am spéiden 15ten Joerhonnert mat an Europa breit. Firtischt natiirlich mat Skepsis bekuckt, well, watt de Bauer net kennt… Wie datt äwer dachs mat neien Zutaten passéiert, han sie no an no hiren festen Platz an eisen Këchen fond, besonnnig an de Këchen van Spanien, Ungarn an om Balkan.
Frankräich, datt Land mat deen feinen Zoossen an deen eleganten Reduktiounen, hat sech domatt schwéier gedoen. Do wor et ischter die fein Paprika-Variant, déi als „Poivron“ vam Maart an d’Kooschdëppen gewandert sen. An du ass August Escoffier kommen, de Kinik van de Käch. Heen wor et deen die klassisch fransiisch Këchen systematiséiert an d’Ässen su verfeinert hat, datt et bis hokt als Grondsteen zällt. Seng Iddi, d’Zoppen an Crèmen mat Crème de riz – eng Art feint Räismiähl- ze bannen, wor revolutionär. Dës Methoud erjiët eng onverglächlich Textur, sämig, ouni datt schwéiert van engem Roux oder Schmand.
Den Ënnerscheed zwëschen Paprika an poivron ass:
- Paprika bei eis, kann alles heeschen, d’Schoten (rii, gekooscht, gefëllt), Polwer (van mëll bis scharef) oder die ganz Planz aan sech.
- Poivron bezeechent nëmmen d’Fruucht, die gruuss mëll Schoten, déi mir hokt an deen verschiddene Faarwen am Buttik ze koofen kreien. D’Gewürzpolwer heescht am fransiischen genau wie bei eis Paprika.
An däitschen Rezepter heescht et dachs „eine rote Paprika in Streifen schneiden“ domatt ass Paprikaschot gemengt. An fransiischen Rezepter dogeent „ajouter un poivron“ datt ass Paprikaschot, wann äwer do steht „une pincée de paprika“ dann ass datt gemahlent d’Gewürz gemengt.
D’Entweckelung iwert Zekt
Am 19ten Joerhonnert, an deen feinen Paräiser Këchen sen su Crèmezoppen als elegant Entrée zervéiert jiän. Lekt van der Haute Cuisine han Perfektioun erwaard, an dës Zopp mat der sämig, crèmiger Konsistenz hat Androck gemaat. Ausserdeem wor Paprika deemols na Luxus, eng kleng Iwerraschung om Teller.
Während dem 20ten Joerhonnert ass de Paprika een alldäglichen Begleeder an eisen Këchen jiän. D’Geméiss hat hiren Weeg an eis Këchen fond, an wor net mi nëmmen fir den Adel. An Ungarn, mat engem kräftigen, würzigen Aroma, an Däitschland ass dës Zopp jiären mat Schmand verfeinert jiän, an a Spanien ass een Hauch Knuawelek an Olivenualig dobäi kommen.
Hokt liäwen mir an enger Welt, an der die kulinarisch Grenzen fléissend sen. Fooblogs, Social Media an Fusion Kitchen hann dës Zopp op eng ganz nei Bühn gehiäft. Sie kann scharef oder mëll sen, genausu kann sie vegan interpretéiert sen (mat Hafermëlich am platz Mëlich oder Schmand) Die Idii dës Zopp mat Crème de riz ze kooschen hat deen Virdeel, sie ass glutenfräi, liit an trotzdeem crèmig.

De Bleck op d’Wëssenschaft
- De Paprika an seng Aromen: De Paprika enthält Capsaicin (an deen scharefen Zorten) an Capsaicinoide. Dës bannen aan eis „Schmerzrezeptoren“ datt brennen watt mie spirren, wann mir scharef ässen. Hei jiët äwer die séiss Paprika verschafft, et jieet net ëm d’Schiäreft mee mi em d’Aromastoffer wie Carotinoide. Déi sen fettlieslich, datt heescht, rischt wann de Paprika am Ualig gebrooden jiët entfaalt heen sein vollen Aroma an d’Faarf jiët mi intensiv
- Crème de riz als Bindemëttel: Räisstärke hat eng besonnig Eegenschaft, sie quellt bei Hëtzt, ouni d’Zopp schwéier wiriken ze loossen. Während Weessenmähl dachs een liiten Miählgoût hannerlisst, bleift d’Räismiähl neutral. Zur glächer Zekt suarigt dës Stärke fir eng crèmig Konsistenz. Am Mond féihlt et sech baal luxuriös aan, well d’Flëssigkeet gläichmässig iwert Zong gleet.
- Balance vam Séissen an Umami: Paprika hat van Natur aus een séissen Aroma, zesaammen mat der Crème de riz an bëssen Geméissbréit ensteht eent Zesaammenspill datt een wonnerbaren herzhaften Goût enstoen lisst.
- Faaref: Rugd- an Orangetéin reegen den Appetit aan. Obwohl meng Zopp nemmen een liiten Rosatoun hat wirikt datt. Ässen ass o ëmmer Kappsaasch, befir mir et schmaaschen, kucken mir.
Meng perséinlich Erfahrung
Wie ech dës läst dës Zopp gekooscht han, wor et su een Daag wu den Hiärest well aant Dir geklappt hat. Grojien Himmel, bëssen Reen, genau datt rischtigt fir eent Dëppen voll Wiäremt.
Ech han Paprika gemellig aangebrooden bis se mëll woren, an liit Faaref krii han. Dës Röstaromen, liit séisslich ass d’Fundament van dëser Zopp. Mat bëssen Bréit aafgeläscht an reduzéiren gelosss, dann han ech alles mat der Crème de riz vermëscht. Van enger wässseriger Bréit hat sech alles an crèmiger Zopp verwandelt. Ech han geschmaascht, an et wor een van deen Momenter wu een dann d’Auen zou mëcht en genéisst wie die schlotzig Zopp sech op der Zong aanféihlt.



Wuhin jieet Réis?
Natiirlich kann een lo soen, eng Zopp ass eng Zopp, An watt genau Zukunft brengt wees keen.
- Fermentéiert Zutaten, ween weess villächt erliäwen mir Paprikacrèmezoppen mat fermnetéiertem Geméiss, Chili oder Miso. Datt brengt na mi Umami an Komplexitéit.
- Plant-Based: Vill Lekt séichen no vegan alternativen. Eng Paprikacrémezopp ass dofir perfekt, bëssen Nosspurée fir na mi Goût an su krëtt een eng ganz nei Variant.
- Food-Pairing: D’Zukunft an der Gastronomie jiët ëmmer mi digital. Algorithmen berechnen, watt fir eng Aromen besonnig goud zesaammen passen. Paprika harmonéiert net nëmmen goud mat Ënnen an Knuawelek, mee o mat Schokola an Kaffi.

Een Fazit voll Wiäremt
Dës Zopp schmëscht no mi, et ass bëssen mi wie nëmmen Paprika mat Räis. Sie schmëcht no Geschicht, no Handwiärik an no klengen wëssenschaftlichen Wonneren, no Miilischkeeten déi na viraan eis leien. Villächt ass datt den Zauber van dëser Zopp, et ass einfasch an äwer elegant, vertraut an op fir neies.
An aam Enn bleift datt Geféihl datt all Mënsch kennt: d’Wiäremt van enger Zopp, déi den Bausch fëllt, d’Hänn wiäremt an irgendwie d’Welt bëssen mi sching mëcht.
Paprikacrèmezopp
Schwierigkeit: einfasch1.5
LiterZutaten
- Crème de riz
1 L Mëlich
1 Ënn
2 Neelcheskäpp
1 Lorbeerblaad
2 Péitersilichstiller
1 Thymianast
8 g Salz
3 EL (+/- 60g) Räismiähl, an bëssen kaaler Mëlich opgeliesst
- Fir Zopp
3 rugd Paprika, kleng gewürfelt
1 TL Paprikapolwer
500 ml Bréit
Salz
Päffer
Als Garnitur passt: Croûtons, Vermicelle, Pasta, Räis.
Zoubereedung
- Fir d’Crème de riz
- De Raïs mahlen ech an enger Kaffismillen zu Miähl an liesen en an paar EL kaaler Mëlich op.
- Deen Rest Mëlich fëllen ech an eent Dëppen, leen d’Ënn, d’Gewürzer an d’Kreger dran an erhëtzen se.
- Kuurz viraam Kooschen schëdden ech datt opgeliesten Räismiähl dran an ënner stännigem réiren lossen ech alles opkooschen. Püréiren alles mam Stabmixer an schëdden crème de riz durich eng Passette.
- Datt hei ass lo die ganz klassisch Methoude eng crème de riz zouzebreeden. D’Zopp kann äwer o ganz einfasch mat deem opgeliesten Räismiähl gebonnen jiän, datt kann an kaaler Mëlich, kaaler Bréit oder kaalem Waasser sen.
- Fir Zopp
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran de Paprika bis een liit Faarfe krëtt, do drenner mëschen ech dann Paprikapolwer an réisteren datt kuurz mat aan.
- Als nächst läschen ech datt Ganzt mat der Bréit aaf, an loossen déi bis op Halschent reduzéiren. Schmaaschen an würzen evtl. mat Päffer an Salz no.
- Wëlls du just mat Bréit kooschen, dann 1 bis 1,5 Liter Bréit hualen an déi zu engem drëttel reduzéiren loossen. Dann Zopp bannen, püréiren an passéieren.
- Deen gebroodene Paprika mëschen ech mat der Bréit ënnert meng crème de riz, erhëtzen alles an püréiren d’Zopp. Déi schëdden ech dann na eng kéier durich eng Passette, fir su eng glatt Zopp ze kreien.