Pouletwrap mat Sumach-Ënnen

Mein Pouletwrap mat enger Knuawelek-Joghurt-Marinade, gegrilltem Geméiss, Sumach-Ënnen an engem Joghurt-Dip, klengt bëssen wie einfaschen Streetfood, schmëcht äwer no Geschicht, Gewürzhandel, Kulturkontakt an modernem Genoss. Et ass eng kleng Zektréis aus kulinarischen Brecken zwëschen Vergangenheet, der Géigenwaart an sugar mat engem klengen Bleck an d’Zukunft.

De Bleck zereck: Van wu kënnt die Iddi vam gefëllten Brugd?

D’Geschicht vam Wrap, oder besser gesoot vam gefëllten Brugd, reecht wegt zereck. Lang befir et „Wraps“ bei modernen Fast-Food-Ketten jiän sen, han d’Mënschen well Fleesch, Geméiss an Zoossen an mëllt Brugd geleit.

  • Am aalen Mesopotamien sen well viraan iwer 4000 Joer Fledenbrugd gebaasch jiän, déi een als „Besteckt“ genotzt hat. Fleesch oder Geméiss ass einfasch an d’Brugd geleit jiän an datt ass direkt mat gäss jiän, praktisch an eent goud Transportmëttel.
  • An Anatolien an am Nohen Osten hat sech dës Traditioun viraan entweckelt, aus einfaschem Brugd ass Lahmacun, Dürüm, Döner mat Brugd jiän.
  • Am Mëttelalter sen iwert Segdenstrooss nei Gewürzer dobäi kommen, su wor dann nët nëmmen Brudg an Fleesch do, mee o opreegend Aromen die z.B. Sumach.

D’Iddi ass su aal wie d’Zivilisatioun selwer, Brugd als Teller an Besteck an engem ze notzen, noohaltig, nahrhaft an genial.

Sumach, die rugd Säier aus der Antik

Eent Zentraalt Element van dësem Rezept sen Sumach-Ënnen. Sumach ass eent Gewürz, datt an villen Këchen aus dem östlichen Mëttelmiärraum eng ganz besonnig Roll spillt.

  • Historisch: Well die aal Réimer notzen Sumach, befir d’Zitrounen an Europa bekannt jiän sen. Datt zu Polwer verschafftent Gewürz aus deen gedrëchenten rugden Biär vam Sumachgewächs jiän dem Ässen säierlich, erfrëschend Nuancen, ähnlich wie Zitroun äwer bëssen mi erdig.
  • Am Nohen Osten ass Sumach bis hokt eng onverzichtbar Zutat an Ënnen-Zalooten, op gegrilltem Fleesch, am Räis oder als Deel van der Gewürzmëschung „Za’atar“
  • De Goût vam Sumach ass säirlich, fruuchtig an frësch, déi perfekt mat gegrilltem Fleesch harmonéiert. Et balancéiert d’Fett, hiäft d’Aromen an lisst d’Ässen mi liit wiriken.

An genau fonktionéiren Sumach-Ënnen su goud an dësem Wrap, sie sen net nëmmen eng Beilaag, sie sen de Kontrast deen alles ausgläicht.

De Poulet-Joghurt-Knuawelek an eng aal Technik

Meng Mariande mat geriwenem Knuawelek, griwenen Ënnen, Joghurt, Salz, Päffer, Cayenne an Olivenualig ass eng mi moderen Variant van enger aaler Technik.

  • Well an Persiien an Indien hat een d’Fleesch an Joghurt angeleit. De Grond: Joghurt enthält Mëlichäierbakterien an Enzymer, déi d’Fleesch zaart maan.
  • Knuawelek an Ënnen sen well segt Joerdausenden net nëmmen Aromaspender, mee o „natiirlich Konservéirungsmëttel“. An aalen Schrëften jiët de Knuawelek dachs als „Medizin“ bezeechent, well en antibakteriell Stoffer enthält.
  • Cayenne an Päffer brengen schiäreft, déi an villen Këchen net nëmmen als Gewüzt genotz jiän, mee op Appetitaanregend sen.

Hokt wossen mir, Joghurtmarinaden fonktionéiren wëssenschaftlich su goud, well d’Mëclihsäierbakterien d’Eiwäissstrukturen am Fleesch liit opbrächen. D’Flesch jiët dodurich mi saaftig, bleift äwer stabil genou, fir während dem Grillen net auserneen ze fällen.

Gegrilltent Geméiss

Paprika an Courgetten sen an der klassich osmanischer oder arabischer Këchen net „aal“ mee ischter eent Geméiss aus der neier Zekt.

  • Paprika ass mat Christoph Kolumbus am 16ten Joerhonnert aus Südamerika kommen an hat sech iwert Ungarn bis an deen Nohen Osten ausgebreet.
  • Courgetten ass eng Ziichtung aus der Neizekt, ursprünglich aus Italien, hat sie sech längst iwert deen ganzen Mëttelmiärraum verbreet hat.

Die 2 Geméisszorten harmonéiren perfekt mat der orientalischer Aromatik. Durch d’Grillen entstinn Röstaromen, die sugenannten Maillard-Reaktioun, bei der Zocker an Aminosäiren nei komplex Goûter bilden. Dofir ass gegrilltent Geméiss su beléift, séiss, een liiten reecher Aroma an herzhaft zugläich.

Këchenwëssenschaft

Dësen Wrap besteht aus enger Balance van verschiddenen Goûten:

  1. Umami, Poulet, Knuawelek an Ënneen brengen die herzhaft Basis.
  2. Säier, Joghurt, Sumach, evtl. na bëssen Zitrounensaaft oder Essig balancéiren d’Fett.
  3. Séiss, gegrillten Paprika an Courgetten liweren karameliséiert Séissheet.
  4. Schiäreft, Cayenne an Päffer brengen dësen Kick.
  5. Frëschheet, Péitersilich, evtl. Mënz ronnen datt Ganzt aaf.

An an mi wichtig: Textur.

  • Mëllt Brugd
  • Crèmigen Dip
  • Saaftigt Fleesch
  • Knackig Ënnen
  • Zaart Geméiss

Zesaammenspill van mëll, knackig, crèmig an bissfest maan datt Ganzt zu engem Erliäfnis am Mond.

Vam Stroossenstand an d’Gourmetkëchen

  • Streetfood: Zu Berlin, London oder New York fënns du Foodtrucks, déi genau su eng Wraps als Fusioun-Kreatiounen aanbéiden.
  • Gesond: Joghurt, gegrilltent Geméiss an Poulet, datt Ganzt ass relativ liit, proteinräich an passt an die modern Ernährungsweis.
  • Gewürzer: Dank internationalem Handel sen Sumach, Schwarzkümmel, Kampot-Päffer hokt mi liit verfügbar, fréiher wor datt Luxus.

An hei kënnt Zukunft an d’Spill. Et jiän uraal Traditiounen mat modernen Zutaten an Wossen kombinéiert.

Kampot-Päffer, bëssen Luxus an der Marinade

Kampot-Päffer aus Kambodscha ass keent alldäglicht Gewürz. Kampot-Päffer zällt als een van deen besten Päfferen op dëser Welt mat geschützten geographischen Angaben (g.g.A.) Ech han deen geschenkt krii, an et ass wirklich een Riesenënnerscheed op deen normalen schwarzen Päffer deen een hei am Buttik ze koofen krëtt.

  • De Goût ass fruchtig, bloumig, mat enger feiner Schiäreft, déi sech gemellig opbaut.
  • Kampot wor well am 19ten Joerhonnert een Zentrum vam Päfferhandel. Während der Khmer-Zekt wor en baal ganz verschwonnen, an feiert hokt een gruussen Come-back.
  • An dësem Ässen brengt en genau die rischtig Balance, en hiäft de Goût vam Knuawelek, ergänzt den Sumac an jiët der Marinade deen herzhaften Goût.

Zukunft

An watt passéiert als nächst? Su Ässen entweckelen sech viraan, wu genau d’Réis äwer hin jieet wees na keen genau. Villäicht jiän su Ässen Deel van enger neier Traditioun bei der sech aal Rezepter wegderentweckelen, an dobäi äwer ëmmer na d’Wuurzelen respektéirt jiän. Dësen Poulewrap ass dofir eent goud Beispill, en verbënnt anatolisch Traditioun (Sumach-Ënnen), mat persich-indischer Traditioun (Joghurt-Marinade), mediterranem Anfloss (gegrillte Paprika an Courgetten) an engem edelen Gewürz aus Kambodscha (Kampot-Päffer)

Fazit

Een Wrap ass mi wie nëmmen Fast-Food. En ass Kulturgeschicht fir dran ze bäissen.

  • Traditioun: aal Techniken & Gewürzer
  • Modernt: liit Zutaten, Streetfood-Trend
  • Luxus: Kampot-Päffer als Kréinung

An du kanns en ganz einfasch Doheem zoubereeden.

Pouletwrap mat Sumach-Ënnen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

30

Minuten

Zutaten

  • Fir de Poulet
  • 600 Poulet, an dënn Sträifen geschnidden

  • 3 EL griechischen Joghurt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein zerriwen

  • 1 kleng Ënn, fein zerriwen

  • 1 EL Olivenualig

  • 0,5 TL Cayennepäffer

  • 1 TL frësch gemahlene Kampot-Päffer, alternativ: schwarze Päffer

  • Salz

  • Fir d’Geméiss
  • 2 rugd Paprika, an dënn Sträifen geschnidden

  • 1 Courgette, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 1 EL Olivenualig

  • Salz

  • Päffer

  • Fir Sumach-Ënnen
  • 2 Ënnen, op der Mandoline an dënn Halefronselen schnegden

  • 0,5 TL Salz

  • 1 TL Sumach

  • 1 TL Granatappelzaroup, alternativ: Balsamicoessig

  • 1 Handvoll Péitersilich, fein gehackt

  • Fir den Dip
  • 200 g Griechischen Joghurt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein zerriwen

  • 1 TL Olivenualig

  • 0,5 TL Schwarzkümmel, liit angeréistert

  • Salz

  • Päffer

  • Ausserdem
  • 4 Wraps oder Fladenbrugd

  • Zalootenbläder

Zoubereedung

  • Fir d’Fleesch
  • D’Fleesch mat sämtlichen Zutaten vermëschen an op mannst 2 Stonnen am Frigo durich zéihen loossen, am besten iwert Naït.
  • Fir Sumach-Ënnen
  • Die geschnidden Ënnen mat bëssen Salz vermëschen liit durich kniädden an bëssen durich zéihen loossen. dann de Sumac, de Granatappelzaroup an de Péitersilich drënner mëschen.
  • TIPP aus menger Këchen: dës Ënnen eegnen sech iwerigens o goud als Zaloot oder ënnert eng anner Zaloot gemëscht.
  • Fir den Dip
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen, an an de Frigo stellen bis en gebrauscht jiët.
  • D’Geméiss brooden
  • An enger waarmer Pann op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Olivenualig erhëtzen an d’Geméiss do dran brooden bis et Faaref krëtt, mat Salz an Päffer würzen.
  • D’Fleesch brooden
  • An enger waarmer Pann oder om Grill d’Fleesch brooden bis et liit brong ass
  • De Wrap bauen
  • D’Fladenbrugd an enger drëchner Pann liit erhëtzen, den Dip drop schmiären an paar Zalootenbläder drop leen. Do drop datt gebroodent Fleesch leen, dann Grillgeméiss an op d’Geméiss Sumach-Ënnen verdeelen. Evtl. na bëssen Dip driwer verdeelen an fest anrullen.
  • Bei mir sen et Gromperen aus dem Schiäffchien dobäi jiän.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*