gläser, orange, zitrone, knoblauch, schalotten

D’Welt vam Essig

Firwatt soll ech mäin Krégder- oder Fruuchtessig selwer ansetzen? Am Buttik jëtt et jo suvill sching Fläschen an eng Gruss Auswiäll. Et jiänn äwer goud Grënn den Essig selwer ze maan. Een van de besten du wees watt dran as. Villäicht has du o Iddi op eng ganz besonnesch Mëschung déis du net ze koofen kress. An et mëscht natiirlech Spass, eppes watt’s du selwer hiärgestallt has, ze probéieren oder ze verschenken.

Kéil an donkel gelagert kanns du verschidden Zorten bis zu engem Joer haalen. O hei as opzepassen watt fir een Essig gehollt jett. Een gouden wäisse Wéngessig, Sherryessig, oder Äppelessig sen die Best fir die verschidden Krégderessig hiärzestellen. Pas o dodrop op datt den Saieraandeel am Essig op mannst 5% hat.

Essig selwer maan as eng goud Miileschkeet, Aromen van Krégder anzefänken an haltbar ze maan. Essig as eent sauert Würz- a Konservéirungsmëttel, datt durich Fermentation van alkoholartigen Flëssigkeeten mat Essigsäurebakterien hiärgestallt jëtt.

Anleen an Essig verlängert net nëmmen Halbarkeet van de Liäwensmëttel mais o de Geschmaasch. Anleen an Essig as eng einfasch an eng aal Methoud Liäwensmëttle länger haltbar ze maan. 

Ween jiären Zaloot esst, hat o jiären bëssen Aafwiässlung. Een goude Ualeg, oder een feinen Essig schmëscht jidferenegem.


Fläschen an Gläser

Du kanns dein Essig an Fläschen oder Gläser aaffëllen, watt ganz wischtisch as, se mussen richtisch proper sen. Am besten viram Gebrausch auskooschen.


Orangenessig

orange, flasche, rosmarin, zitrone
Orangenessig
  • Zesten van 3 goug gewäschene Bioorangen
  • Saaft van 3 Orangen
  • 1 Rosmarinast
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Zesten an eng proper Fläsch, am besten eng déi vridraan asugekooscht jiän as, anfëllen.

Rosmarin mat ant Fläsch maan.

Saaft van den Orangen an Saaft van der Zitroun dobäi jiänn.

Mam wäisse Wéngessig opfëllen an den Essig 2 Woschen an enger donkler kéiler Platz durich zéien loossen. 


Den Orangenessig passt goud bei Zalooten, äwer o an verschidden Zoossen kann een mat Orangenessig schaffen.


Drauwenessig

  • 250 g goud gewäschen Drauwen
  • 2 gepressten Ziiwen Knuawléck
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder Weckglas. (750 ml – 1 L)


Drauwen goud drëchnen an halbéieren.

Knuaweléck mat den Drauwen an eng proper Fläsch anfëllen.

Saaft van der Zitroun dobäi schedden, an d’Fläsch mam wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Woschen am Frigo durich zéien lossen, an siier opbrauschen.


Drauwenessig jëtt vill geholt vir Marinaden oder Zoossen fir Fleesch ze maan. Goud schmescht en o an verschidden Dressing fir Zalooten


Salbeiessig

flasche, salbei, knoblauch, zitrone
Salbeiessig
  • 1 Botte Salbei
  • 5 Ziiwen gepressten Knuawléck
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder Weckglas. (750 ml – 1 L)


Salbei wäschen, an der Zalooteschläider goud drëchnen.

Knuaweléck mam Salbei an eng proper Fläsch anfëllen.

Saaft van der Zitroun an den wäisse Wéngessig ant Fläsch fëllen.

2 Woschen op enger donker kéiler Platz durich zéien loossen.


De Salbeiessig passt goud bei Zalooten, an die verschidden Vinägretten, Geméiss, Nudelen, Gromperen. E kann an Marinaden mat verschafft jiänn. An e passt goud an Zoossen, an deene mi fettigt Fleesch geschmoort jëtt.


Basilikumessig

Basilikumessig
  • 1 Botte Basilikum
  • 8 Ziiwen Knuawléck
  • 0.5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Basilikum wäschen, an der Zalooteschläider goud drëchnen.

Knuaweléck schiälen, an mam Basilikum an eng proper Fläsch fëllen.

Wäisse Wéngessig drop schedden an 2 Wooschen op enger donkler kéiler Platz durich zéien loossen.


Mat Basilkumessig kann een Zalooten, Eintopf oder angeleiten Geméiss verfeineren.


Estragonessig

  • 3 Estragonäst
  • 2 Ziiwen Knuawléck
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0.5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Estragon wäschen an der Zalootenschläider goud dréchnen.

Knuaweléck schiälen an mam Estragon an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Saaft van der Zitroun an wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Woschen am Frigo durich zéien lossen an siier verschaffen.

Fir den Essig mi lang haltbar ze maan, kann een en no deen 2 Wooschen durich eent Dousch passéieren, an eng frësch proper Fläsch aaffëllen.


Den Estragonessig würzt all Zaloot mat engem mëllen Saiergeschmaasch. Et kann een o hualen vir verschidden Zoossen aafzeronnen.


Erdbiäressig

  • 250 g gewäschen an an Scheiwen geschnidden Erdbiär
  • 1 Thymianast
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


D’Erdbiär mam Thymian an eng proper Fläsch fëllen.

Mat dem Zitrounensaaft an dem wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Wooschen op enger donkler kéiler Platz durich zéien loossen.


Erbeeressig jëtt all Summerzaloot eng erfrëschend Nout. Oder all frësch gekooschten Zopp een efrëschend fruuchtigen Geschmaasch.


Hambiäressig

  • 250 g Hambiär
  • 1 Basilikumast
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Hambiär proper maan, an d’Halschent van de Friischten mat enger Forschett liit zerdrécken, die anner Halschent ganz loossen.

Hambiär mam Basilikum an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Zitrounsaaft an dem wäisse Wéngessig opfëllen.

Op enger donkler, kéiler Platz 2 Wooschen durich zéien loossen.


Den Hambiäressig brengt deen séissen Aroma van de Friischten an deen sauren Geschmaasch van engem gouden Essig zesaammen. En jëtt Zalooten wie, Chicoree, Andéiven oder Mausiierchen een ganz besonneschen Geschmaasch.


Zitrounenessig

  • Zeste van 1 Biozitroun
  • 3 Äst Zitrounenthymian (alternativ, Zitrounengras oder Zitrounenmelisse)
  • Saaft van 1 Zitroun
  • 0.5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Zitrounenzeste mat dem Zitrounenthymian an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Zitrounsaaft an dem wäisse Wéngessig opfëllen,

Op enger donkler kéiler Platz 2 Wooschen durich zéien loossen. 


Zitrounenessig schmaascht goud an Vinägretten fir Icebergzaloot, normalen Zaloot… Et kann een äwer o Fësch an Lamm domatt aafronnen.


Schwarz- an Rugdgrischelessig (Johannisbeere)

  • 150 g Schwarzgrischelen
  • 150 g Rugdgrischelen
  • 1 Ast Zitrounenthymian (alternativ Zitrounengras oder Zitrounenmelisse)
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


D’Schwarzgrischelen an die Rugdgrischelen aafsträifen, goud wäschen an drëschnen.

Zesaammen mat dem Zitrounenthymian an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Zitrounsaaft an dem wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Woschen op enger donkler kéiler Platz zéien loossen.


Mam Grischelessig krett all Zaloot eng erfrëschend fruuchtig Nout.


Holunderessig

  • 250 g Holunder
  • 1 Ast Majoran
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauchst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Holunder aafsträifen, wäschen an goud drëchen. D’Halschent van de Friischten liit mat enger Forschett zerddrecken, die anner Halschent ganz loossen.

Zesaammen mam Majoran an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Zitrounsaaft an dem wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Wooschen op enger donkler kéiler Platz durich zéien lossen.


Du kanns natiirlech o mat Holunderbléien dein Essig maan, dofir brachst du:

  • 20 g drëschen Bléien
  • 0,5 L wäisse Wéngessig.

Alles an eng proper Fläsch fëllen an 2 Wooschen durich zéien loossen.

Dono durich eent Dousch passéieren an frësch aaffëllen.


Een Essig deen net nëmmen goud rëscht, mais deen all Zaloot an all saierlech Zooss een gouden Geschmaasch jëtt.


Lorbeeressig

  • 1 frëschen Lorbeerast
  • 1 Ziif Knuawléck
  • 1 Thymianast
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 0,5 L wäisse Wéngessig

zousätzlich brauschst du eng proper Fläsch oder eent Weckglas. (750 ml – 1 L)


Loorbeerast, wäschen an goud drëschnen, mat der geschiälter Ziif Knuaweléck an dem Thymian an eng proper Fläsch fëllen.

Mam Zitrounsaaft dem wäisse Wéngessig opfëllen.

2 Wooschen op enger donkler kéiler Platz durich zéien loossen.


Desen aromatischen Essig as besonnësch goud fir Wëld oder Randfleesch anzebeetzen. Oder fir deftig Zoppen mat Bungen an Lënsen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*