Ech han eng Këchen-Wuuricht, déi ech mir net mi aafgewiännen ze widderhualen. Wann irgendeen seet „Datt jieet äwer o mi siier“, jiët et meestens mi schlecht. Besonnig bei der Ënnenzopp. All kéier, wann ech gesehen oder an engem Rezept liäsen, d’Ënnen op hiier Hëtzt brong brooden, Waasser drop schëdden an dann stolz een Cube dran werfen, dann stiäreft irgendwu eent klengt Steck fransiisch Bistro-Séil.
Mat der Schull wor ech eng kéier den Rungis-Maart bei Paräis besichtigen. Rungis as deen griisten Gruusmaart fir frësch Liäwensmëttel op der Welt, an do han ech Moies viraan der Besichtigung eng kräftig Ënnenzopp krii. Fir mech wor et eent Frühstück fir d’Lékt déi do schaffen wahrscheinlich Mëttig oder Owesässen. Rungis as 1969 opgemaat jiänn, fir deen aalen Maart zu Paräis, „Les Halles“, ze ersetzen. De Maart as an verschidden Sektiounen ënnerdeelt, déi sech op verschidden Aarten van Liäwensmëttel spezialiséiert han. Dozou gehiiren ënner annerem Fleeschhallen, Fëschhallen, Geméishallen an eng Sektioun fir frësch Bloumen.
Den Zougang zum Rungis-Maart as an der Regel just fir Léckt aus der Liäwensmëttelbranch, wie Händler, Restaurateuren, Gruushändler…, et as äwer miilech Féihrungen ze bouschen an su een Abléck an dësen beandrockende Maart ze erhalen.
Soupe à l’oignon ass keent fancy Intsagram-Ässen. Sie ass brong, onspektakulär, rëcht no Ënnen an sie brausch Zekt. Sie ass de Geegendeel van der „Aafkierzungs-Këchen“. Jiët sie gekooscht, entscheed een sech bewosst geent Cube an Polwer an geent eent siiert Ässen.

Alldaagskëchen mat Geschicht
D’Ënnenzopp ass wie su vill Alldaagsässen eent Kand datt an der Nugd entstannen ass. Ënnen han net vill koost, sie woren haltbar an iwerall hat een sie ze koofen krii. An Frankräich genausu wie an Italien oder Mëtteleuropa. Iwerall wu mat winigen Zutaten vill Goût erreecht wollt jiän, sen Ënnen am Dëppen geland.
Die berühmt fransiisch Versioun, déi mir hokt kennen, ass net an engem Stärerestaurant entstannen, mee an klengen Wirtschaften an Bistroen. Sie wor Ässen fir Aarbichter an Naitslekt, fir all, déi jiät waarmes séichen. Brugd dobai, heinsdo Kiiss uawendrop an fiärdig.
Kuckt een iwer Frankräich raus, miärikt een siier. Dësen Prinzip ass universell. An Italien jiët et zuppa di cipolle, dachs mat Olivenualig an heinsdo mat engem Hauch frësch Tomaten. An Éisterräich an Süddäitschland ass Kümmel drënner gemëscht jiän, an am Osten fënnt een Varianten mat Paprika oder liiten reecher Nunacen. D’Technik bleift die selwischt, Ënnen gemellig brooden bis se brong sen. Flëssigkeet dobäi an Zekt wiriken loossen.
Watt sech verännert hat, sen Zutaten an Gedold. Fréiher haat keen een Cube. De Goût ass aus der Zoubereedung kommen, Geméiss, Hëtzt an Zekt. Hokt jiët genau datt ersatt, an dann wonnert een sech wann alles „flaasch“ schmëcht.
Astellung zu den Zutaten
Ech soen et direkt, an meng Ënnenzopp kennt keen Cube oder Polwer, naist aus der Bechs an keen kënstlichen Verbesserer fir de Goût. Ënnenzopp ass eigentlich eng Übung wie een deen besten Goût aus winigen Zutaten raus krëtt. Koofen ech mir den Goût, verfehlen ech dësen Punkt.
Eent goud Ässen fänkt meestens mat engem gouden Schnatt Botter oder engem gouden Ualig aan. Ënnen, Weng, Waasser oder hausgemaaten Bréit, Gewürzer an mi brausch et net. Deen Rest passéiert am Dëppen. Goud Zutaten bedeit hei net Luxus, mee Frëschheet. Fest, aromatisch Ënnen. Botter mat Goût. Eent Brugd, daat dësen Naam verdéint. An Zekt. Goût entsteht hei net durich Zousatzstoffer, mee durich kontrolléiert Hëtzt an Gedold. Ween datt eng kéier verstannen hat, kooscht automatisch besser.
An menger Këchen
Ech fänken domatt aan, datt ech Ënnen schiälen, vill Ënnen an vill Tringen. Déi halbéiren ech längs, schnegden d’Wuurzel raus an dann schnegden ech se an dënn Sträifen, datt maan ech alles op der Hand, et ass net schlëmm wann mol die deck Sträifen drënner sen. An datt wor et well mam geschnibbels.

An engem waarmer Dëppen loossen ech een gouden Schnatt Botter bei mëttel Hëtzt schmëlzen, subal deen waarem ass, schëdden ech die geschnidden Ënnen an Dëppen an loossen déi op niddirg bis mëttel Hëtzt brooden bis se brong sen. An wanns du denks lo sen se brong genou dann looss se na bëssen brooden, sie kannen su brong jiän wie Kastanien. An datt alles op niddirg bis mëttel Hëtzt, su entsteht deen séissen Zwibbelaroma. Datt brausch seng Zekt, dobäi ëmmer mol rëm dran réihren an d’Röstaromen vam Buadem loosskratzen.

Han d’Ënnen die gewënschten Faaref erreecht salzen ech se liit an driien d’Hëtzt bëssen rop, dann läschen ech se mat wäissem Weng aaf an loossen deen ankooschen. Als nächst een Lorbeerblad dran leen an d’Flëssigkeet drop schëdden, datt ass am normalen eng kräftig Randsbréit, du kanns äwer o Waasser oder eng Geméissbréit hualen. Gemellig kooschen loossen, an mat Salz an Päffer aafschmaaschen.
Optional kanns du d’Zopp dann an feierfest Schösselcher fëllen, Brugd drop leen an Kiiss driwer streien, deen ënnert de Grill stellen bis de Kiiss geschmolz ass an liit blubbert.
Ech han Kiisstoasten eenzel zoubereet an bëssen Kiiss an d’Zopp gestreit. Dofir han ech bëssen Botter op Scheiwen Brugd geschmiärt, Kiiss drop dann mat enger annerer Scheif zouklappen an am waarmen Schiäffchien su lang baaschen bis de Kiiss schmëlzt. .

Firwatt fonktionéiert datt?
De Schlëssel hei ass d’Maillard-Reaktioun. Zwëschen 120 °C an 150 °C reagéieren Zocker an Aminosäier an den Ënnen an bilden honnerten nei Aromastoffer. Datt dauert, ween d’Hëtzt rop drigt, verbrennt den Zocker, befir sech dës komplex Aromen bilden kannen.
Beim salzen kanns du selwer entscheeden wie’s du et mëchs. . D’Salz am Aafank zéiht durich d’Osmose d’Waasser aus den Zellen. D’Ënnen „schweesen“ mi starik, jiän mi siier mëll an fällen zesaammen. D’Fiitegkeet suarigt dofir, datt d’Ënnen aafangs ischter schmooren wie brooden, datt erjiët:
- manner hart Röstaromen
- een besseren karameligen Goût
- am ganzen mi een harmonischen Goût
Salz du d’Ënnen rischt mi spéit, bleift mi Waasser an den Ënnen, sie brooden mi drëchen, watt mi intensiv Röstaromen brengt.
Well manner Flëssigkeet aus den Ënnen zéiht, muss du:
- mi dachs réihren
- d’Hëtzt mi genau kontrolléiren
Wini datts du deng Ënnen salz ass deng Entscheedung, ech han die 2 Varianten well probéiert, d’Salz am Aafank brengt een déiwen, warmen Ënnengoût. Fir mi Herzhaft an mi Röstaromen ass d’Salzen mi spéit besser.
De Weng liist fettlieslich Aromen, doweenst schmëcht Zopp noom Aaflächen „ronn“.
Zum Schluss
Soupe à l’Oignon ass wie su een klengen Test fir Sturheet. Sie belungt Gedold an bestrooft Aafkierzungen an datt ouni Rücksicht. Ween sie eng kéier proper gekooscht hat, versteht, firwatt goud Këchen Zekt brausch an firwatt datt näist Elitäres ass.
Ech kooschen se net, well sie spektatkulär ausgesegt, mee well sie éierlich ass. Sie schmëcht noo deem watt een investéiert: Opmiärksamkeet, Geféihl fir d’Hëtzt an d’Bereetschaft fir näist ze iwerstiierzen. An ganz éierlich, wann een dofir een Cube brausch soll een jiät anneres kooschen.
Ënnenzopp
Schwierigkeit: einfasch4
15
Minuten1
Stunde30
MinutenZutaten
Botter oder Botterschmalz
1 kg Ënnen
Salz
150 ml wäisse Wéng
1,5 L Randsbréitbréit oder Waasser
1 Lorbeerblaad
Päffer
Optional: Baguette oder Toastbrugt
Optional: 100 g frësch geraspelten Gruyère
Zoubereedung
- D’Ënnen schiälen, halbéiren se längs, schnegden d’Wuurzel raus an dann schnegden ech se an dënn Sträifen.
- De Botter loossen ech an engem waarmen Dëppen schmëlzen an subal deen aafänkt mat spruddelen schëdden ech d’Ënnen dran an brooden déi su lang op niddrig bis mëttel Hëtzt, bis se brong karameliséiert sen. Wanns du dann denks lo sen se brong genou, loss se na bëssen brooden, bis se bal su donkel se wie Kastanien. Dann liit salzen.
- D’Hëtzt liit rop driien an mam Weng aafläschen an ankooschen loossen.
- Als nächst d’Bréit drop schëdden an d’Lorbeerblaad dran leen. Liit kooschen loossen an mat Salz an Päffer aafschmaaschen.
- Optional kanns du d’Zopp dann an feierfest Schösselcher fëllen, Brugd drop leen an Kiiss driwer streien, deen ënnert de Grill stellen bis de Kiiss geschmolz ass an liit blubbert.
- Ech han Kiisstoasten eenzel zoubereet an bëssen Kiiss an d’Zopp gestreit. Dofir han ech bëssen Botter op Scheiwen Brugd geschmiärt, Kiiss drop dann mat enger annerer Scheif zouklappen an am waarmen Schiäffchien su lang baaschen bis de Kiiss schmëlzt. .