März 2022

Die Fransiisch Këschen

D’Grondlaagen vam Kooschen sen net Kohlenhydrate, Protéinen an Ballaststoffe, mais die verschidden Methoude, fir deen vollen Geschmaasch aus de Liäwensmëttel raus ze zéien.

D’Zoossen representéiren den Hauptdeel van där fransiischer Këschen. Viran 100 Joer sen die Zoossen van Auguste Escoffier an sengem Guide Culinaire nei strukturéiert jiänn, sengt Bousch gëllt Hogt na als “Bibel”. Hei gin ech ganz déif an die fransiisch Këschen séichen.

Een gruussen Deel van den Hobbykäch an o Profikäch, kooschen mat “Kraftbrühe” an Würfelform oder engem Fond aus dem Glas, déi industriell produzéiert jänn sen. Et geht jo mi siier an et schmëscht am Enn alles mëttelmässig an selwischt salzig.

Méthoude fir eng Bréit, een Fond oder eng Glace hiärzestellen sen längst erforscht, an ech erfannen se net nei. Een Fond oder eng Bréit as die ausgekooscht Essenz van Fleesch, Fësch oder Geméiss. Eng “Karftbrühe” as bal datt selwischt, sie jëtt äwer na viran verschafft an geklärt, dann as et een Consommé. Aus engem Fond jëtt durich réduzéiren eng Glace, déi dem Knorr- oder Maggiprodukt, äwer just an hirer Konsitenz, am nächsten kënnt.

Eng goud Bréit oder Fond as net schwiier ze kooschen, et hëllt just Zékt an aansproch, ganz vill Zékt, an jo, no 20 Stonnen kooschen rëcht dengt Haus no deem watts du gekooscht has. An et verginn na eng kéier 20 Stonnen bis deng Glace an engem Glas angekooscht as. Mais: et lungt sech.

Wann ech mir su meng Béicher iwert die fransiisch Këschen aankucken geht et bei den Zoossen ëmmer rëm, ëmt réduzéiren an auskooschen. Aus deene verschiddene Liäwensmëttel jëtt wirklich alles rausgekooscht, su datt deen ganzen Goût am Fond as. Durich réduzéiren jëtt den Geschmaasch na verstärikt, et jëtt gar net suvill mat Gewürzer geschafft, mais vill mat Geméiss an Krégder. An dodurich entsteht deen extra gouden Goût an deen besonnechen Glanz deen déi Zoossen han.


Geméiss an Friichten vam Mount März

  • Rugd Rommelen; gekooscht verléiert die rugd Rommel Nährstoffer, viran allem konzetratioun van de Vitamine hëllt aaf. Fir wirklich van allen Nährstoffer ze profitéieren, sen die rugd Rommelen rii am besten.
  • Butternut; weent senger Form o Birrekürbis genannt. Et jëtt en an de griissten van 200 g bis zu 2 Kg. Ursprünglich kënnt en aus Amerika, jëtt äwer mëttlerweil an mi waarmen Länner wie Spanien an sugar am süden van Dïatschland angebaut.
  • Zelleri; aktivéiert Verdauungssäft an Enzyme an der Liäwer, Gall an Bauchspeicheldrüse, deen ganzen Verdauungssystem jëtt durich die Knoll aktivéiert.
  • Kiärwel; ursprünglich stammt den Kiärwel aus Südrussland an dem Kaukasus. Et jëtt aagehollt, datt Réimer de Kiärwel o am Mëttelmiärraum bekannt gemaat han.
  • Brockelcher; sen eent nährstoff- an vitaminräicht Wantergeméiss. Die kleng Knollen sen een gouden planzlischen Eiwäiss Lieferant.
  • Kappes; sämtlich Zorten han eng Saasch gemeinsam: een mi oder winiger ausgeprägten Kappesgeschmaasch. An äwer ënnerscheeden se sich am Aussehen, Verwendung, Garzékt an Geschmaasch.
  • Bratzelen; sen eent beléift Këschenkrogt, frësch gepléckt schmëscht datt Krogt goud op all Zalooten an op enger Botterbottisch.
  • Kürbis; den Kürbis as datt Wantergeméiss, reich an Vitamninen, Mineralien an na vill anner gesond Elementer.
  • Schalotten; weent deem mi mëllen scharefen Goût as Schalott besonnech goud fir Zaloten an kaal Platen.
  • Chicorée; goud wäschen an aafdrëpsen loossen. An eent Dëppen leen, Saaft van 1/2 Zitroun, Salz, 50 g Botter an 200 ml Waasser dobäi jiänn. Deckel drop an opkooschen loossen. Vam Feier zéien an se zougedeckt 20 Min. zéien loossen.
  • Spinat; Spinat blanchéiren, kleng hacken oder püréiren mat 100 g Botter pro Pond Spinat brooden bis keent Saaft mi an der Pann as. 75 g geraspelten schweizer Kiiss ënnermëschen an datt Ganzt an eng feierfest Form leen, na bëssen Kiiss driwer streien an iwerbaaschen.
  • Estragon;
  • Kiwi;
  • Mausiierchen;
  • Navet; kleng geschnidden mat bëssen Botter, Salz an Zocker an bëssen Waasser kooschen. Durich eent Saft sträichen an mat bëssen Grompernpürée bannen.
  • Ënnen; eng gruus Ënn schiälen an Spëtzt aafschnegden, blanchéiren an datt Bannescht raus hualen an kleng haken. Mat deem gläichen Quantum Duxelles mëschen an d’Ënn domat fëllen. Am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen. Mat watts du deng Ënn fëlls sen der Fantasie keng Grenzen gesatt. Mat Fleesch, Fësch oder nëmmen Geméiss…
  • Pastinake; as eent aalt Geméiss, sie sen gesond, aromatisch an loossen sech op vill verschidden Manéier zoubereeden.
  • Péitersillisch;
  • Poretten; Geméiss kënnt aus der selwischter Familjen wie d’Ënnen, Knauwléck an Bärlauch
  • Äppel;
  • Gromperen;
  • Riise-Kürbis;
  • schwarz Radiesercher;
  • rugd Radiesercher;
  • Steckrübe;
  • Salsifis; an 7-8 cm gruuss Stécker schnegden, an eng Schossel leen, Salz, Peffer, bëssen Zitrounensaaft an Olivenualeg, 1 EL gehackte Péitersilisch, alles goud vermëschen an d’Salsifis 30 Min. marinéiren. Een Beierdeeg oder Tempura zoubereeden Wuurzel dran zoppen, an der Fritös frittéiren.
  • Schwarzwurzel; an 5 cm gruuss Stécker schnegden, am waarmen Botter scharef anbrooden, würzen. An enger Schossel mat gehacktem Péitersillisch zervéiren.
  • Topinambur; schiälen an kleng schnegden, op niddreger Hëtzt am Botter kooschen. Durich eent Saft sträichen an pro KG, 50 g Botter ënnermëschen. Bëssen Grompernpürée an kooschend Mëlich ënnerréiren.

De März an Rezepter

Wat han ech erliäft?

Et leeft net ëmmer rond.

Leider leeft net ëmmer alles rond. Su haat dann desen Moont leider een Dachs pesch. Niweligt Wiäder, an ech han Déier rischt am letzen Moment gesehn. Fir net an de Géigenverkéier ze grooden han ech mussen festhalen.

Su kann et goen, Déier hat et net iwerläft.


Gudde Kascht

Een klengen feine gemütlichen Restaurant, Gudde Kascht, deen een am Härzen van der klenger Schweiz Lëtztebuerg fënnt. Goud Ässen, mat deem passende Wéng dobäi, an alles ganz familiär. Een moderne Restaurant, bei deem een die eng oder anner Iwerraschung erliäft an sech an der uuriger Vergangenheet remfënnt. Op jidde Fall derwiärt su gemütlich, sching Mëttiger ze widderhualen.


Rezepter déi et na net gepackt han.

  • Foccacia mat Salbei
  • Türkischt Fladenbrugt
  • Hausgemaaten Fritten
  • verschidden Raviolifëllungen
  • Bréit an Consommée
  • Ciabatta-Brigdercher

Ukraine

Eent Thema datt vläicht näist op engem Kooschblog verluaren hat, mais eent datt mech äwer zimlech beschäftigt.

Do setzt een Tyrann hannert sengem Schreifdësch, wie wann en engem KGB-Film aus den 80iger entspronge wir. Deen einfasch su een Kréich aagefongen hat, fir eent Land ze “entnazifizéiren”, well en net akzeptéiren kann datt et Mënschen jëtt die an Fraiheet liäwen wellen, die net van Korruptioun an Diktatur ënnerdréckt wellen jiänn. Mënschen die op Strooss wellen goen, ouni a Gefohr ze se, wann se hir Meenung soen. Een Tyrann, deen sech 8 Joer no der Annexioun van der Krim feiere lisst, wie wann heen Welt gerett hätt. Datt as Propaganda vam feinsten an erënnert an eent Kapitel van viran baal 80 Joer.

Eent Land an deem de President Jud as, an deen Familjen am Holocaust verluaren hat. D’Nuklearwaffen hat net Ukraine, déi hat den Noper.

Een President, deen Schauspiller as, heescht et an de Soziale Medien. Jo as heen, an heen spillt am Moment Roll van sengem Liäwen an datt ganz ouni Driibousch, an ech muss soen “All Respekt” heen spillt se goud. Die Däitsch Politik hat, noom Selenskyj senger Riäd am Bundestag, ganz genau gewiisen wie hii datt Mauer wirklichkeet na as.

Déi Mënschen die deen griisten Respekt verdéint han, sen die Jungen déi virbäi stinn, an datt bei deene 2 Parteien. Datt eenzigt watt Kréich bedéit, et stiärwen Mënschen!

Déi Mënschen die deen griisten Respekt verdéint han, as die ganz normal Bevölkerung, déi ouni ze iwerleen an no ze frojen hëlefen, spenden, ënnerstetzen.


Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*