Gromperenkéichelcher mat Äppelkompott

Gromperenkéichelcher, obwohl sie keen traditionellt Ässen aus eiser Këchen sen, sen sie een festen Bestanddeel van eiser Kirmes-Kultur an ëmmer een Highlight. Dës knusperig Gromperenkéichelcher sen net nëmmen einfasch zouzebreeden, mais o su richtig aromatisch. Den Ursprong reecht wegt zereck, an die traditionell Këchen aus Zentral- an Osteuropa, an där d’Gromper eng zentral Roll gespillt hat, ganz besonnig während wirtschaftlichen Krisen. Hokt sen Gromperenkéichelcher eent beléift “Street Food” op der Kirmes wu si frësch frittéiert aangebuaden jänn. Hiren onverwiässelbaren Geroosch liisst nostalgisch Erënnerungen opkommen, wann Bomi beim Kooschdëppen stung an dës knusperig Köstlichkeeten zoubereet hat.

Den Äppelkompott ass eent einfascht an köstlicht Ässen, datt an villen Regiounen op dëser Welt op den Dësch kënnt. Well segt Joerhonnerten genéissen Mënschen dëst séisst, fruuchtigt Ässen, ganz besonnig während deen kaalen Meent am Joer, wann d’Äppel gepleckt jänn. Den Geroosch van waarmen Äppel erënnert aan die rustikal Këchen aus aaler Zeckt.

Zutaten fir meng Gromperenkéichelcher mat Äpelkompott

Fir Gromperenkéichelcher

1. Gromperen

  • Festkooschender sen hei am besten, sie behaalen hir Struktur an Kéichelcher jänn mi knusperig.

2. Ënnen & Schalotten

  • Ganz fein gehackt, suarigen sie fir die richtig Würzigkeet.

3. Eier

  • D’Eier suarigen dofir datt alles zesammenhält an beim brooden net auserneen fällt.

4. Miähl

  • Domatt jänn Kéichelcher na mi stabil.

5. Salz & Peffer

  • Die 2 Klassiker déi alles aafronnen an fir deen richtigen Goût suarigen.

6. Péitersilich

  • De Péitersilich brengt Frëschheet an Faaref mat an d’Spill.

7. Muskot

  • Frësch griwen fir een waarmen, würzigen Aroma.

8. Botterschmalz

  • Fir ze brooden, du kanns äwer o een neutralen Ualeg hualen.

Fir den Äppelkompott

1. Äppel

  • Ech hualen Boskop, sie zefällen goud beim Kooschen an trotzdeem bleiwen sie liit Steckig. Anner Zorten déi een na hualen kann sen Elstar oder Jonagold.

2. Bëssen Waasser

  • Fir datt Äppel net aanbrennen an fir datt se gläichmässig garen.

3. Zocker

  • Je no Goût kanns du d’Quantitéit vam Zocker aanpassen oder ganz fort loossen.

4. Zitrounensaaft

  • Den Zitrounensaaft verhënnert datt d’Äppel brong jänn an ënnerstëtzt deen natiirlich séissen Aroma van den Äppel

5. Optional:

  • Vanillzocker, fir een liiten Vanillaroma
  • Cannellestang, fir een waarmen würzigen Goût

Zoubereedung

Gromperenkéichelcher

  • D’Ënnen an d’Schalotten schiälen ech an hacken sen fein.
  • De Péitersilich wäschen ech an hacken en fein.
  • Gromperen schälen ech an leen se mol firtischt an kaalt Waasser.

An eng Schossel leen ech d’Ënnen, d’Schalotten, d’Miähl, d’Eier, de Péitersilich, Salz, Peffer an Muskot.

Op enger Këchenreiw reiwen ech d’Gromperen, direkt op eent propert Handdousch, déi driien ech dann fest aus, fir die iwerschëssig Flëssigkeet los ze jänn. Watts du se mit fest ausdrecken kanns, watt deng Kéichelcher mi knusperig jänn.

Die geriwen Gromperen mëschen ech ënnert meng Ënnen-Mëschung an vermëschen alles goud mateneen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Botterschmalz, an mat Hëlef van engem Läffel leen ech den Gromperendeeg dran an drecken Kéichelcher bëssen platt. Du kanns deng Gromperenkéichelcher ganz dengem Iddi no formen, op mi gruuss oder mi kleng, su wie’s du se am léifsten has. Kéichelcher brooden ech dann ongeféier 3 Min. bis 4 Min van all Segt, bis se sching brong an knusperig sen.

Kéichelcher lossen ech om Këchenpapeier aafdrëpsen an setzen se dann an den Schiäffchen deen ech op 80°C virgewiärmet han, fir se waarem ze haalen.

Fir den Äppelkompott

An engem Dëppen mëschen ech d’Waasser mam Zitrounensaaft an Zocker, Optional: Vanillzocker an Cannellstang.

D’Äppel schiälen ech, schnegden se an véirel an entkären se, dann schnegden ech d’Äppel an kleng Stécker. Déi leen ech ant Zitrounen-Zocker-Waasser an erhëtzen datt Ganzt. Subal et kooscht driien ech d’Hëtzt raaf an loossen den Kompott ongeféier 15 Min. op niddiger Hëtzt kooschen. Ëmmer mol rem dran réiren. Schmaasch an evtl. na bëssen Zocker ënnermëschen.

Wanns du keng Stecker an dengem Kompott wëlls kanns du en püréiren oder mam Gromperenstampfer zerdrecken.

Loss den Kompott bëssen aafkéilen ärs du en zervéiers. En schmëscht waarem graad su goud wie kaal.

Tipps

  1. Gromperen goud ausdrecken, je mi Flëssikeet déis du aus den Gromperen raus gedreckt krëss, desto mi knusperig jänn deng Gromperenkéichelcher.
  2. Pass do drop op, datt’s du Pann net ze voll tessels, fir datt Kéichelcher gläichmässig brong jänn.
  3. Wanns du den Botterschmalz ze waarm erhëtzt, verbrennen Kéichelcher an, an der Mëtt sen se na rii, as d’Fett net waarem genou, jänn Kéichelcher ze fettig. Leen een Holzeläffel ant Fett, subal sech kleng Bloosen bilden ass d’Fett waarem genou.
  4. Wiäll Äppel déi fir ze kooschen geegent sen, Boskop oder Elstar sen ideal, well si net su séiss sen an bëssen Textur behaalen.

Varianten

Die däitsch “Reibekuchen oder Kartoffelpuffer” sen ähnlich, sie jänn wie bei eis mat Äppelkompott zervéiert, enthaalen äwer mi Miähl wie eis Kéichelcher, watt Konsistenz mi dicht mëcht.

Anner Regiounen mëschen jären bëssen Kümmel oder Majoran ënnert den Deeg. Genausu kanns du bëssen Knuawléck drënner mëschen watt deng Kéichelchen na mi würzig mëcht.

An Frankreich jëtt mi Ei ënnergemëscht an Gromperen sen mi fein geriwen.

Su hat all Regioun hir ganz eegen Zoubereedung fir Gromperenkéichelcher.

Gromperenkéichelcher mat Äppelkompott

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • Fir Gromperenkéichelcher
  • 1 kg Gromperen, geschiält

  • 1 gruuss Ënn, fein gehackt

  • 1 Schalott, fein gehackt

  • 2 EL Miähl

  • 2 EL Péitersilich, gehackt

  • 2 Eier

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • Muskot, frësch geriwen

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Fir den Äppelkompott
  • 6 mëttelgruuss Äppel

  • 120 ml Waasser

  • 50 g Zocker

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Optional: 1 Canellstang

  • Optional: 1 P. Vanillzocker

Zoubereedung

  • Gromperenkéichelcher
  • An eng Schossel leen ech d’Miähl, d’Ënnen, d’Schalotten, de Péitersilich, d’Eier, Salz, Peffer an Muskot.
  • Op der Këchenreiw, reiwen ech d’Gromperen direkt op eent propert Handdousch an drecken se fest aus. Die griwen Gromperen leen ech bei die anner Zutaten an d’Schossel an vermëschen alles goud mateneen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Botterschmalz. Mat Hëlef van engem Läffel leen ech den Deeg Portiounsweis an d’Pann an drecken Kéichelcher bëssen platt. Su brooden ech se ongeféier 3 Min. bis 4 Min. van all Segt.
  • Op Këchenpapeier lossen ech Gromperenkéichelcher aafdrëpsen, Ech han mir den Schiäffchen op 80°C virgewiäremt an se do dran gesatt fir datt se waarem bleiwen.
  • Äppelkompott
  • An engem Dëppen mëschen ech d’Waasser mam Zocker an Zitrounsaaft. Optional: Cannellstang an Vanillzocker
  • D’Äppel schiälen ech, schnegden se an véirel, entkären se an schnegden se dann an kleng Stecker, déi leen ech an Zitrounen-Zocker-Waasser.
  • Datt loossen ech opkooschen an driien Hëtzt dann raaf, su kooschen ech den Kompott ongeféier 15 Min. bis d’Äppel mëll sen. ëmmer mol rem dran réiren. Schmaaschen an evtl. na bëssen Zocker ënnermëschen.

Fir 2 Portiounen brauchst du?

  • 500 g Gromperen
  • 2 gehackten Ënnen
  • 1 gehackten Schalott
  • 30 g Péitersillich
  • 2 Eier
  • 1 EL Weese-Miähl (geheeft)
  • Salz & Peffer, evtl. bëssen Muskot
  • Botterschmalz fir ze brooden
  • (2 EL Haferflocken)

Fir 2 Portiounen brauchst du?

  • 125 ml Waasser
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 400 g Äppel
  • 1 EL Zocker
  • (een halwen TL Canelle)

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*