Hei ass rem su eent Ässen, datt ganz onspektakulär klengt, Gromperen, Speck, an enger cremiger Zoss an Kiiss, datt kennt een dasch. Hëllt een sech äwer bëssen Zeckt, an et kuckt een bëssen mi déif an d’Geschicht an wie Zutaten beineen fond han, gesegt een, datt bëssen mi dran Stëcht.
Wie ëmmer bei mir schreiwen ech hei net nëmmen d’Rezept, mee ech kucken mir o bëssen d’Geschicht hannendraan aan. Van wu kënnt dëst Ässen? Firwatt fonktionéiert et su goud? An wie hat sech dëst Rezept am Loof van der Zekt verännert? Eventuell na een kuurzen Bleck an d’Zukunft, well o bei Speck an Gromperen kann een sech frojen, wie mir déi an 20 oder 50 Joer ässen.

D’Gromper
Wann mir iwer d’Gromper aus dem Schiäffchien schwetzen, fänken ech mol firtischt bei der Gromper selwer aan. Su selbstverständlich, wie sie hokt bei eis om Teller legt, su jung ass sie eigentlich hei an Europa. Ursprünglich kënnt d’Gromper aus den Anden an Südamerkia, wu sie well segt Joerdausenden kultivéiert jiët. Archäologisch Fundstécker han gewissen, datt d’Mënschen well viraan iwer 7000 Joer, Gromper aangebaut an op ënnerscheedlich Manéier zoubereet han, gekooscht, gedrëchent, gestampft, gebaasch.
Bei eis an Europa ass d’Gromper, durich d’Spanier rischt am 16ten Joerhonnert aankommen. Deen gruussen Erfolig hat äwer rischt am 18ten Joerhonnert aagefongen. Die ënnerirdisch waassend Knoll ass firtischt mat gruusser Skepsis bekuckt jiän, an ass als „Brugd fir die Aarem“ bezeechent, oder sugar fir ongesond gehaalen jiän. Mat bëssen List an Taktik hat Friederich deen Gruussen de Mënsch äwer iwerzeecht d’Gromperen aanzebauen, fir su d’Hongersnoud ze bekämpfen.
Van do aan jung et siier. D’Gromper hat d’Këchen an d’Härzer van Europa am Sturem erobert, well se gënstig wor, sie hat lang satt gemaat an well een se op suvill verschidden Manéier zoubereeden kann. Salzgromperen, Brootgrompern, Pürée, Knödel, Gromperzaloot an natiilrich an engem Gratin.

Speck, Wiischtercher & Co, deen herzhaften Begleeder
Eng Herzhaft Einlaag soll natiirlich net fehlen. Speck- oder Hamwürfelen passen hei baal am besten. Well ech där äwer keng do haat, han ech Wiischtercher gehollt an déi genau wie de Speck knusperig aangebrooden. Fleesch an Gromperen ass eng Liaison, déi baal su aal ass wie d’Mënschengeschicht selwer. Well fréih hat de Mënsch gemiärikt. Fett an Eiwäiss vam Fleesch liweren net nëmmen Energie, mee sie verstiäriken o de Goût van anneren Zutaten.
Speck hat an der europäischer Këchen eng ganz besonnig Roll. Fréier wor et „Fett vam klengen Mann“. Während Botter oder Olivenualig déier an knapp woren, konnt baal all Familjen irgendwu Speck opbewahren. En hat lang gehaalen, wor liit ze transportéiren, an eent klengt Steck wor genou, fir engem ganzen Menü een würzigen, deftigen Goût ze jiän.
Wiischtercher sen een Beispill fir d’Liäwensmëttelhandwiärik an Restverwiärtung, Fleesch, Salz, Gewürzer, konservéiert an engem Daarem an haltbar gemaat fir de Wanter. Iwert d’Joerhonnerten sen su vill verschidden Varianten entstannen.
Datt ech hokt einfasch mol paar Wiischtercher bei meng Gromperen maan, kann een als praktisch Iddi gesehen, aus einfaschen Zutaten datt Best rauszehualen.

Die crèmig Zooss, firwatt mëcht sie eis glécklich?
Lo kommen ech zu deem Deel, déi dëst Ässen besonnig mëcht. Eng crèmig Zooss aus Frëschkiiss oder Stoffi, Schmand, Gewürzer an Kregder. Firwatt ass dës Zooss su goud, an firwatt féihlen mir eis automatisch besser, wann mir jiät Crémiges ässen?

Hei hëleft een klengen Ausflug an d’Wëssenschaft
- Fett drigt de Goût: Schmand an Frëschkiiss enthaalen Fett, an Fett ass an der Këchen su jiätt wie een Verstiäriker. Aromstoffer bannen sech aan Fettmolekülen an entfaalen sech dodurich mi starik op eiser Zong. Datt ass de Grond firwatt een Menü mat enger Schlupp Schmand „ronn“ schmëcht.
- Mondgeféihl: Crèmigkeet hat eng eegen haptisch Dimensioun. Eist Gehirren hat Konsitenzen déi sech mëll an angenehm aanféihlen jiären.
- Kombinatioun van Salz an Umami: Frëschkiiss an Kiiss enthaalen net nëmmen Fett, mee o Proteinen an Mineralstoffer. Zesaammen mat Speck, Ham oder Wiischtercher liwert datt vill „Umami“, deen herzhaften Goût, deen dachs als deen „fënneften Aroma“ bezeechent jiët.
De Kiiss uawen drop an am Schiäffchien iwerbaasch, an well passéiert datt kulinarischt Wonner. Durich d’Hëtzt karamelliséieren Mëlichproteinen, de Kiiss krëtt eng goldbrong Faaref, an et entstinn Röststoffer. Dësen Effekt heescht Maillard-Reaktioun, an ass de Grond, firwatt gebroodend, gebaaschend oder gratinéiert Ässen eis faszinéieren.

Fréier, hokt an muaren.
Fréier:
Fréier woren su Ässen rengt Wanterässen. D’Gromperen woren am Keller, de Speck an der Spënnchen an villäicht o na eent Steck Kiiss. Alles ass an enger gruusser Form oder Schossel beineen kommen, an ass am Holzuawen gebaasch jiän. An die ganz Familjen ass beineen kommen, eent Ässen datt einfasch, simpel an nahrhaft wor.
Hokt:
Hokt jiët su eent Ässen als Comfort Food gekooscht. Mir han d’Wiäll am Buttik, Speck, Ham oder Wiischtercher? Bio-Frëschkiiss, villäicht laktosefräi? Kregder, frësch oder gedrëchent? Et jiët net mi aus der Nugd raus zoubereet, mee einfasch well een Iddi do drop hat. Een gemütlichen Sonndig, een Owend mat Frënn, een Menü, deen siier gekooscht ass an trotzdem wirikt, wie wann een sech vill Méih jiän hätt.
Muarren:
Ech sen mir na net sëcher op ech mir iwert Muarren die gruuss Gedanken maan soll. Wann een bedenkt wie siier sech alles viraan entweckelt, ech kann, an wëll mir net virstellen datt eis Wiischtercher aus engem 3D-Drucker kommen, oder datt de Speck durich eng vegan Alternativ ersatt jiët. Et jiän villäicht Gromperen geziicht, déi während dem Baaschen na mi crèmig bleiwen. Äwer egal watt fir eng technisch Innovatiounen kommen, den Iddi op jiät Waarmes, Herzhaftes, jiät datt satt an glécklich mëcht, wärt bleiwen.

De Bleck an d’Këchen van de Sënner
Wann een datt alles mi genau kuckt, baséiert den Erfolig van dësem Ässen op einfaschen Prinzipien:
- de Kontrast: Mëll Gromperen träffen op knusperigen Speck. Crèmig Zoss verbënnt sech mat enger goldiger Kiiskrust. Eist Gehirren hat su Aafwiässlungen jiären.
- Balance: Fett (Schmand, Kiss) trëfft op Stärke (Gromper). Salz (Speck, Ham oder Wiischtercher) jiët mat Kregder ausbalancéiert.
- Aromaketten: All Zutat verstiärikt eng anner. Gromperen se van Natur aus mëll, sie hualen d’Zooss an d’Gewürzer op wie een Schwamm. D’Fleesch brengt een Reecheraroma. Kregder brengen Frëcheet, Kiiss brengt Umami, an zesaammen entsteht su eent Netzwiärik aus verschidden Goûten, datt vill mi ass wie die eenzel Zutaten

De Bleck an d’Wëssenschaft van der Gromper
Eent spannend Detail: Gekooschten an dann aafgekéilten Gromperen enthaalen sugenannt resistent Stärke. Datt bedeit, een Deel van der Stärke jiët während dem Aafkéilen su ëmgebaut, datt mir se net mi komplett verdauen kannen. Datt wirikt wie een Ballaststoff, goud fir d’Verdauung, an de Bloudzocker klëmmt manner. Wann een also d’Gromper virkooscht, aafkéilen lisst an dann am Schiäffchien iwerbaascht, ass dëst Ässen net nëmmen köstlich mee o bëssen mi gesond.
Eent Rezept datt Raum vir Varianten lisst
Datt schingst aan su Menüer, sie sen wandelbar. Hokt Speck, muarren Wiischtercher an iwemuarren ganz ouni Fleesch. Mol mat frëschem Rosmarin, mol mat Péitersilich. Heinsdo mat Paprika oder Poretten an der Zooss. An ween et bëssen mi fein well kann sugar eng Schlupp wäissen Weng mat anschaffen.
Su Ässen sen wie kleng kulinarisch Rezeptbéicher. Sie veränneren sech je no Lost, Laun an dem, watt garaad do ass. An all Kéier entsteht eent neit Kapitel.
Fazit
Dësen Menü ass net nëmmen een einfaschen Gromperengratin oder eent siiert Owesässen. Sie sen eent Steck Kulturgeschicht an verbannen dat watt wor mat deem watt ass, an versprächen eis villächt datt watt kënnt. Sie weisen wie d’Mënschen kreativ mat einfaschen Zutaten emgoen kannen, an sie erënneren eis, datt goud Ässen net komplzéiert sen muss.
Et jieet net èem datt perfekt Rezept. Et jieet em deen Doft deen aus dem Schiäffchien zéiht. Em datt Geféihl, datt een satt, zefridden an bëssen mi glecklich vam Dësch opsteht. Genau datt, maan su Menü su besonnig.
Gromperen aus dem Schiäffchien mol annëcht
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen35
Minuten35
MinutenZutaten
700 g Gromperen, an der Schaal gekooscht
Salz
Päffer
1-2 Ënnen, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
200 g Speck-, Ham-, oder Wiischtercherwürfel
250 ml Schmand
150 g Frëschkiiss oder Stoffi
100 ml Geméissbréit
1 TL Kreger aus der provence
0,5 Botte Péitersilich, fein gehackt
150 g Kiiss, gerriwen, (Emmentaler, Gouda…)
Zoubereedung
- Du kanns die gekooschten Gromperen schiälen, et ass äwer keen muss, bei mir ass d’Schaal draan bliwen. Gromperen han ech mir zwëschen 2 Holzeläffel geleit an dann an Fächer, sie sollen äwer net ganz durich geschnidden sen. Déi leen ech dann an eng liit angefetten feierfest Form.
- De Schiäffchien wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz oder Ualig an brooden do dran op mëttel bis hii Hëtzt d’Ënnen, bis se mëll sen an Faaref kreien, Do drënner mëschen ech dann de Knuawelek, an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech datt gewürfelt Fleesch drënner an brooden alles goldbrong aan. Datt verdeelen ech dann iwert an zwëschen de Gromperen.
- An enger Schossel mëschen de Schmand, de Frëschkiss, bëssen Bréit, mat de Gewürzer an de Kregder. Dës Mëschung schëdden ech iwert d’Gromperen.
- Do driwer verdeelen ech deen gerriwene Kiiss, an setzen datt Ganzt fir eng goud halef Stonn an deen waarmen Schiäffchien, bis de Kiiss goldbrong geschmolz ass.
- Noom Baaschen loossen ech de Gratin paar Min. ruhen an vriaam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.