Geméisscurry

Curry as eng Gewürzmëschung, déi den Masalas – den Gewürzmëschungen aus der indischer Këschen – nogemëscht sen jiän. Curry as am 19. Joerhonnert während der Kolonialzéckt an England entstannen. An Indien jëtt et su eent Currypolwer net, do jiän Gewürzer eenzel verschafft oder sie han selwer eng Mëschung “Masala” déi dann geholt jëtt.

Curry as een typischen Eintopf aus der indischer Këschen datt aus Geméiss, Fësch, Fleesch, enger sämiger Zooss mat vill Gewürzer besteht.

Gewürzmëschung as ganz verschidden an kann iwer 30 verschidden Gewürzer enthalen. An alle Mëschunge as äwer Kurkuma, Koriander, Kreuzkümmel, Bockshornklee, Ingwer, Kardamom, Mostertpolwer an Canelle.


Geméisscurry

Fir 2 Portiounen brauschst du?

  • Botterschmalz fir ze brooden
  • 100 gréine an Scheiwen geschnidden Spargel
  • 1 rugd gewürfelt Paprika
  • 1 jiäll gewürfelt Paprika
  • 1 kleng gewürfelt Gourgette
  • 200 g Kiischtentomaten

Fir Zooss:

  • 1 gehackten Ënn
  • 1 gehackten Ziif Knuawléck
  • 1 klengt Stéck geraspelten frëschen Ingwer (Haselnossgruss)
  • 1 Lorbeerblaad
  • 1 Thymianast
  • 1 TL gemahlene Kurkuma
  • 5 Neelcheskäpp
  • 0,5 TL Canelle
  • 0,5 TL Kardamom
  • 0,5 TL Kreuzkümmel
  • 0,5 TL Mosterpolwer
  • 1 TL indischt Currypolwer
  • 100 ml Geméissbréit
  • 200 ml Kokosmëlich
  • 100 g gefruaren Iärbessen
  • 1 TL frësch gehackten Koriander
  • 100 ml Rahm
  • bëssen Zitrounensaaft

Geméisscurry

Wie jëtt gekooscht?

Botterschmalz an engem waarmen Dëppen erhëtzen, Geméiss ausser Iärbessen eenzel aanbrooden, an op Ségt stellen. Fett fort schëdden.

Botterschmalz an deem selwischten Dëppen erhëtzen Ënnen an den Knuawléck op mëttler Hëtzt aanbrooden. Den Ingwer ënnermëschen an kuurz mat aanbrooden.

Sämtlich Gewürzer op niddreger Hëtzt do dran aanbrooden. Geméissbréit drop schëdden, Hëtzt rop driien an bis op Halschent ankooschen loossen.

Dann Kokosmëlich drop schëdden, opkooschen loossen an op niddreger Hëtzt 10-15 Min. kooschen loossen. Zooss passéiren.

Geméiss an Iärbessen ënnermëschen opkooschen lossen an na en kéier 10-15 Min op niddreger Hëtzt kooschen loossen.

Rahm drop schëdden, opkooschen loossen an bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen loossen.

Mat Koriander an Zitrounensaaft aafschmaaschen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*