Tomatenzopp

Obwohl ech net deen griisten Zoppefan sen, villäicht aus deem Grond well ech ëmmer rem feststellen datt vill Zoppen einfasch nëmmen schlecht gemaat sen.

Ech han dachs datt Geféil datt ech zwar jëtt gäss han, mein Bausch sech o voll aanféilt an äwer han ech na honger. Op datt dodurich kënnt datt een Zopp net ze beissen brausch, ech wees et net.

An trotzdeem han ech dann ëmmer déi Iddi, wie an den Reklamen. Kënnt een van baussen ran, et reent oder schneit, et as kaal an naass, et weckelt een sech an eng waarem Decken an. A beim Feier dann een gouden waarmen Teller Zopp deen een van baussen an bannen wiäremt… 😉

Dës Tomatenzopp wiäremt duabel, sie as net nëmmen waarem, mais sie erënnert o aan de Summer. Dodurich datt Tomaten an Geméiss am Schiäffchen karameliséiert jiän, jëtt den Goût na vill mi intensiv.

Watt maan ech alles dran?

  • Tomaten, datt wischtigst fir an eng Tomatenzopp 😉 .
  • Ënnen, déi duarefen fir deen rischtigen Goût net fehlen.
  • Knuawléck, een muss
  • frëschen gehackten Rosmarin
  • frëschen gehackten Basilikum
  • frëschen gehackten Salbei
  • Chilischot
  • grafft Salz & Peffer
  • Olivenualeg
  • als Garnitur na paar Bläder Basilikum
  • als Topping Sauerrahm
  • an knusperigt Brugd dobäi

Wie fänken ech aan?

Den Daag virdraan schnegden ech Tomaten, hualen den Stronk raus, an leen se bei 50° Grad an den Schiäffchen fir 4-5 Stonnen oder sugar na mi lang. Du kanns do o well den Knauwléck an d’Ënnen mat dobäi leen. Dodurich karameliséirt Geméiss an aller Ruh, an du brauchs keen Zocker. An eng italienisch Tomatenzopp oder Tomatenzoss gehiiert keen Zocker. Datt seet o all Italiener zu dir. Leider as et Hogt eben su, et dauert ze lang.

Zéckt = Geschmaasch an Aroma

Die modern Frau oder Mann hëllt sech leider keng Zéckt mi, an wie soll een soss Geschmaasch an d’Ässen kreien wie durich Zocker. Eng richtisch Tomatenzopp oder Tomatenzoss brauch Zéckt an Gedold.

Wann Geméiss dann karameliséiert as, maan ech alles eent Dëppen an loossen et op niddreger Hëtzt kooschen. Eng goud Stonn oder sugar na mi lang loossen ech datt brutschen. Maan die gehackten Krégder an Gewürzer dobäi, Chilischot längs halbéiren, entkären.

Dann püréiren ech Zopp, wann se ze deckflëssig as schëdden ech bëssen Geméisbréit oder Waaser drop, schmaaschen an würzen. Zum Schluss schëdden Zopp durich eng Passette, datt maan ech fir Rester van der Schaal an Kären raus ze kreien.

Iwerdeems kann een Brugd schnégden, een deen well kann Knuawlécksbotter drop schmiären, an se an enger Pann réisteren.

Wann Zopp dann bis am Teller as, een TL Sauerrahm drop, bëssen frësch Basilkumbläder fir d’Au, an Brugd dobäi reechen. Oder wanns du Croûtons gemaat has, déi driwer verdeelen. Du kanns o na 1 EL Olivenualeg driwer maan.

Tomatenzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

3

zousätzlich brauschst du een Püréierstaaf an eng Passette.

Zutaten

  • 1 KG Tomaten (oder Kiischtentomaten)

  • 1 Ënn

  • 3 Ziiwen Knuawléck

  • 2 gehackte Rosmarinäst

  • 2 geahckte Salbeiäst

  • 1/2 Bott gehackte Basilikum

  • 1 frësch entkärte Chilischot

  • 125 ml Geméissbréit

  • bëssen Olivenualeg

  • 2-3 Scheiwen Brugd

  • 2-3 TL Sauerrahm

  • ganz Basilikumbläder fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 50° Grad virhëtzen
  • Tomaten wäschen, de Stronk rausschnégden an a graff Stecker schnégden. De Knuawléck schiälen an d’Ënn schiälen an graff hacken. Am Schiäffchen 4-5 Stonnen karameliséiren loossen.
  • Alles an eent gruust Dëppen schëdden, Gewürzer drënner mëschen an 1-2 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Püréiren, an wann se ze déckflëssig as bëssen Geméissbréit oder Waasser drop schëdden. Schmaaschen an würzen. Durich eng Passette streichen.
  • Zopp firaam zervéiren mat 1 TL Sauerrahm, Basilikum an paar Drëpsen Olivenualeg garnéiren. Brugd dobäi reechen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*