Andalouse Zooss

Andalouse as eng klassisch Zooss aus der belscher an fransiischer Këchen. Sie jëtt dachs mat Fritten, Gegrilltem oder op enger Bottisch verschafft. Dës Zoos besteht aus Mayonnaise, Tomaten, Paprika, Schalotten an Gewürzer an hat een würzigen, liit séisslichen Geschmaasch. Sie as an villen Deeler van Europa beléift an kann je no Regioun liit Variatiounen opweisen.

Fir dës Zooss brauch ech:

  • Mayonnaise
  • Tomaten
  • rugde Paprika
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Peffer & Salz
  • optional: Bouquet garni

Zoubereedung

Tomaten an de Paprika schnégden ech an kleng Würfelen. Du kanns Tomaten an de Paprika o schiälen, well Zoss äwer zum Schluss na durich Passette gestreift jëtt as datt keen muss.

Tomaten anritzen an ant kooschend Waasser leen, su liist sech Schaal bal vam selwen.

De Paprika halbéiren an entkären, mat der Schnëttfläsch no ënnen op eent Blech mat Baaschpapier leen an bei 220°C Ëmloft am Schiäffchen ongeféier 15 Min. – 20 Min. réisteren. Dono de Paprika an een Gefriertuut leen an déi verschléissen, su 15 Min. aafkéilen loossen. Dono kanns du Hogt raaf zéien. De Paprika gesegt noom réisteren verbrannt aus.

Schalotten an de Knuawléck fein hacken.

An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen, Schalotten aanschweessen ouni datt se Faaref kreien. Tomaten, de Paprika an de Knuawléck ënnermëschen.

Mat Salz an Peffer würzen an de Bouquet Garni mat dran leen.

Su lang op niddriger Hëtzt kooschen loossen, bis gar keng Flëssigkeet mi an der Pann as. Hual dofir am besten eng Pann oder eent Dëppen mat gruussem Durichmässer, da geht et mi siier.

Datt Ganzt durich eng Passette streichen, aafkéilen loossen an mat Mayonnaise mëschen.

Andalouse Zooss

Schwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 200 g gewürfelt frësch Tomaten

  • 80 g gewürfelten rugden Paprika

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 1 gehackten Schalott

  • Peffer & Salz

  • 250 ml Mayonnaise

  • Ualeg fir ze brooden

  • Optional: 1 Bouquet garni

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen. Schalotten aanschweesen ouni datt se Faaref kreien.
  • Tomaten, de Paprika an de Knuawléck ënnermëschen.
  • Mat Salz an Peffer würzen an de Bouquet garni mat dran leen.
  • Op niidriger Hëtzt su lang kooschen loossen, bis die ganz Flëssigkeet fort as.
  • Zooss durich eng Passette streichen an aafkéilen loossen.
  • Ënnert Mayonnaise mëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*