Avocado-Dip

Avocado, o als „Botter aus dem Bësch“ bezeechent, han hiren Weech aus den Tropen an d’Këchen weltwégt fonnt. Kombinéiert mat deem crèmigen räichtum vam griechischen Joghurt, der liiter Schiäreft van frëschen Jalapeños, deem dezenten séissen Goût van den Schalotten an der Würzigkeet vam Knuawelek, ass hei een Dipp entstannen, deen einfasch zouzebreeden an villségtig ansetzbar ass. Dësen Avocado-Dip vereent frësch Zutaten, gesond Fetter an eng Prise Würzigkeet. Dësen Dip ass deen perfekten Begleeder bei Fleesch, Fësch, knusperigt Brugd, Geméisssticks oder als raffinéiert Zooss an engem Wrap oder Sandwich.

Zutaten fir mäin Avocado-Dip

  • Avocado: Sie han eng crèmig Konsistenz an sen räich aan gesond Fetter, Kalium an Vitamin E, Sie jiän dësem Dip seng Struktur an suarigen fir eent crèmigt Geféihl am Mond. TIPP: Zegdig Avocado erkenns du aan der mëller Schaal an aan deem liiten Noojiän wanns du drop drécks.
  • Griechischen Joghurt: Crémig an proteinräich. Den Joghurt suarigt fir Frëscheet an die richtig Balance am Goût.
  • Schalotten: Fein-aromatisch an mi mëll wie d’Ënnen, sie jiän dësem Dip ang angehm Würzigkeet. TIPP: Schalotten su fein wie miilisch hacken, fir datt sech den Goût glächmässig verdeelt.
  • Jalapeños: Fir eng liit Schiäreft, sie enthaalen Capsaicin, datt Durichbloudung aanreegen kann. TIPP: huale Kären raus wanns du winiger Schiäreft wëlls.
  • Knuawelek: De Knuawelek schmëscht rii, scharef an intensiv. Falls dir datt ze starik ass, kanns du Ziiwen liit blanchéiren oder am waarmen Schiäffchen réisteren.
  • Limettensaaft: de Limettensaaft verhënnert datt Avocado oxidéiert an brong jiët an brengt zousätzlich Frëscheet. Alternativ kanns du o Zitrounensaaft hualen
  • Salz: D’Salz verstiärikt sämtlich Aromen.
  • Frësch gemahlene schwarze Peffer: fir een Hauch Würzigkeet.
  • Optional: kanns du na frësch Krégder wie Koriander oder Péitersilich ënnermëschen.

Zoubereedung

  • Schalotten schiälen ech an ech hacken se ganz fein.
  • D’Jalapeños wäschen ech grëndlich, halbéiren se längs, entkären se an dann hacken ech se kleng.
  • De Knuawelek, schiälen ech an hacken en ganz fein.
  • Limetten pressen ech aus.

Avocado halbéiren ech, dann hualen ech deen decken Kär raus, an mat Hëlef van engem Läffel hualen ech Fruuchtfleesch raus, datt zerklengeren ech graff an mëschen et direkt mam Limettensaaft.

Do drënner mëschen ech deen griechischen Joghurt an mam Stabmixer püréiren ech alles zu enger feiner Past.

Als nächst mëschen ech d’Schalotten, de Knuawelek an Jalapeños drënner an optional die gehackten Krégder. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Tipps

  1. Pass do drop op datt alles frësch ass, ganz besonnig d’Avocado. Brong Platzen raus schnégden.
  2. Wanns du keen Püréierstaaf has kanns du Avocado mat enger Forschetts oder mam Püréestampfer zerklengeren, den Dip bleift dann bëssen mi Rustikal.
  3. Jiët dir dësen Dip mat den Jalapeños ze scharef, kanns du se o fort lossen an einfasch nëmmen mat Salz an Peffer würzen.
  4. Fir den Dip mi lang frësch ze haalen, leen eng Folie driwer, déi direkt om Dip légt.

Avocado-Dip

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 2 Avocado

  • Saaft van 0,5 Limette

  • 200 g griechischen Joghurt

  • 1 Schalott, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 1 Jalapeño, entkärt an fein gehackt

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL Peffer

  • Optional: gehackten Péitersilich oder Koriander

Zoubereedung

  • Avocado halbéiren ech, dann hualen ech deen decken Kär raus, an mat Hëlef van engem Läffel hualen ech Fruuchtfleesch raus, datt zerklengeren ech graff an mëschen et direkt mam Limettensaaft.
  • Do drënner mëschen ech deen griechischen Joghurt an mam Stabmixer püréiren ech alles zu enger feiner Past.
  • Als nächst mëschen ech d’Schalotten, de Knuawelek an Jalapeños drënner an optional die gehackten Krégder. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*