Basilikum-Knuawléck-Botter

Basilikum, Botter, Knuawléck an Zitrounenzeste sen Bestandeeler van deem aromatischen Botter. Well alleng Zouberredung an mëschen verbreed een herrlichen Aroma.

  • Frëschen Basilikum aus dem Gaard, fein gehackt, net mat der Maschin mais op der Hand.
  • Moofen Knuawléck vam Maart, am Mörser mat 3 Kären Salz zeriwen.
  • Frësch geraspelt Zitrounenzeste.

Alles zesaammen an enger Schossel gemëscht, an deen ganzen Daag rauschen deng Hänn no deen herrlichen Aromen.

Dësen Botter kanns du z.B. op engem Poulet verdeelen, am besten direkt ënnert Hogt su datt alles während dem brooden goud anzéien kann.

Poulet mat Basilikum-Knuawléck-Botter
Poulet mat Basilikum-Knuawléck-Botter

Bruschetta, Basilikumbotter op Ciabatta am Schiäffchen getoast an dann den Tomaten-Mix drop an frëschen Basilikum driwer.

Basilikum-Knuawléck-Botter

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Gesamtzeit

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Bott Basilikum

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • Zeste van enger halwer Zitroun

  • 200 g Botter

  • 1 TL Salz

Zoubereedung

  • Botter aus dem Firgo hualen fir datt en mëll jëtt.
  • Vam Basilikum Bläder aafplecken, wäschen an op Këschenpapeir bëssen drëchnen loossen. De Basilikum fein hacken. Hual keen Mixer, durich Reiwung ensteht Hëtzt an datt kann deen ganzen Aroma verdiärwen.
  • Knuawléck schiälen, am Mörser mam Salz zerreiwen. Du kanns datt o mat engem gruusen Messer om Brett maan, den Knuawléck zerdrecken, Salz driwer verdeelen. Messer platt drop leen an mat bëssen Drock datt Ganzt zerreiwen.
  • De Botter, Basilikum, Knuawléck an Zitrounenzesten an eng Schossel leen. D’Hänn wäschen!! oder Händschen aandoen an dann alles goud mateneen vermëschen.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*