Blanquette

Blanquette de poireaux au cidre

Hogt hualen ech dech mat an die fransiisch regional Këchen, mat engem Ässen aus der Normandie – Blanquette de poireaux au cidre. Meng Versioun van dëser Blanquette as eng Fusion aus zarten Poretten, crémig Zooss an een Hauch van Cidre.

Fir dësem Ässen mein perséinlichen Touch ze jänn han ech na Kooschelen an Muurten ënnergemëscht. Dës Zutaten brengen ënnerscheedlich Texturen an zousätzlichen Geschmaasch.

Iwert Blanquette

Normalerweis sen mir gewiännt datt enge Blanquette mat Kalefsfleesch oder o alt mol mat Poulet gemaat ass, hei ass eng reng vegetarisch Versioun van dësem Ässen, déi als kompletten Menü oder als Beilaag zervéiert kann jänn. De Cidre deen hei mat gekooscht jëtt, jëtt dësem Menü een eenzigartigen Äppelgeschmaasch, wudurich dëst Ässen een fruuchtigen, liit séissen Aroma krëtt. Een Aroma deen goud mat den Poretten harmonéiert.

D’Normandie hat eng reich kulinarisch Traditioun, déi van lokalen Zutaten an Traditiounen geprägt ass. O wann deen genauen Ursprong van Blanquette de poireaux au cidre schwéier noo ze séichen ass, kanne regional Zutaten dorop hindeiten, datt dësen Menü van deen kulinarischen Anflëss aus der Normandie inspiréiert ass. Et ass net onwahrscheinlich, datt regional Spezialitéiten op lokal Produkter an Traditiounen baséiren.

Zutaten

  • Porettenwäiss
  • Ënnen
  • Muurten
  • Kooschelen
  • Zitrounensaaft
  • Cidre
  • Geméissbréit
  • Salz & Peffer
  • Miähl
  • Botter
  • Rahm
  • Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

Ech fänken aan mat den Poretten, déi wäschen ech grëndlich, zéien die baussegt Bläder raaf an schnégden sen an Stécker van ongeféier 3 cm bis 4 cm.

D’Ënnen hacken ech fein an Kooschelen botzen ech an schnégden se an dënn Scheiwen. Muurten jänn geschiällt dann schnégden ech se an véirel an dann an dënn Scheiwen.

An engem waarmen Dëppen loossen ech op Mëttelhëtzt Botter schmëlzen, do mëschen ech Miähl drënner an preparéiren een hellen Roux. Do schëdden ech dann de Cidre an Bréit drop an ënner stännigem réiren lossen ech datt ganzt opkooschen. Schmaaschen an würzen. Zooss stellen ech op d’Ségt bis se gebrauscht jëtt.

Als nächst setzen ech eent annert Dëppen op Kooschplaque, erhëtzen et op Mëttelhëtzt an schmëlzen bëssen Botter, do dran brooden ech Porettenstécker aan bis se aafänken bëssen Faaref ze kreien, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi o mat aan.

Als nächst mëschen ech Muurten drënner an dënsten datt ganzt ongeféier 5 Min. bis 10 Min. Mat Salz an Peffer würzen. Mam Zitrounensaaft aafläschen an ankoschen loossen.

Dann leen ech Poretten rëm dran an schëdden Zooss drop, mëschen Rahm drënner an datt erhëtzen ech dann an loossen et fir ongeféier 15 Min. bis 20 Min. op niddirger Hëtzt kooschen.

Schmaaschen an würzen evtl. no. Mat Bratzelen garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Hual frësch Poretten, hiiwärtig Muurten an Kooschelen, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Pass do drop op, Poretten grëndlich ze botzen an ze wäschen, dachs as na Sand oder Buadem zwëschent den Bläder.
  3. Verschaff een hiiwärtigen Cidre fir een authentischen an reichen Geschmaasch.
  4. Schmaasch deng Blanquette zum Schluss, Heinsdo kann eng Sprutz Zitrounensaaft d’Aromen opfrëschen.
  5. Zervéier deng Blanquette mat frëschen Bratzelen oder/an eng Scheif Baguette.

Blanquette de poireaux au cidre

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Porettenwäiss, grëndlich gewäsch an an Stécker van 3 cm bis 4 cm geschnidden.

  • 2 Ënnen, fein gehackt

  • 2 Muurten, gewürfelt

  • 200 g Kooschelen, an dënn Scheiwen

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 500 ml Cidre

  • 250 ml Geméissbréit

  • 35 g Botter an 40 g Miähl fir den Roux

  • 200 ml Rahm

  • Botter fir ze brooden

  • Bratzelen fir Garnitur

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen op Mëttelhëtzt den Botter schmëlzen an Miähl ënnerréiren, an su een Roux zoubereeden.
  • Den Cidre an Bréit drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Zooss op Ségt stellen.
  • Eent Dëppen erhëtzen an op Mëttelhëtzt bëssen Botter schmëlzen, Poretten do dran aanbrooden bis se bëssen Faaref kreien. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen d’Ënnen aandënsten bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann Kooschelen drënner mëschen an déi mat dënsten. Dann Muurten ënnermëschen an ongeféier 5 Min. bis 10 Min. dënsten. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Zitrounensaaft drop schëdden an ankooschen loossen.
  • Poretten rëm dran leen an Zooss an d’Rahm drop schëdden. Datt Ganzt erhëtzen an op niddriger Hëtzt ongeféier 15 Min. bis 20 Min. kooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Mat Bratzelen garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*