Bottergeméiss

Hogt hualen ech dech mat ant Welt van enger köstlicher Beilaag – Bottergeméiss

Wann een su durich d’Internet scrollt fënnt een bal nëmmen Bilder mat hautpsächlich Muurten an Iärbessen am Bottergeméiss, heinsdo sen mol Bilder dobäi mat Chouxfleurs an Broccoli. Du kanns natiirlech op TK-Versioun zeréck greifen, vermeid et äwer Geméiss aus der Béchs ze hualen.

Fir mesch geht näist iwert selwer zoubereetend Geméiss datt ech mir mat mengen Lieblingszorten zesaammensetzen kann.

fir Bottergeméiss ze kooschen brauschst du:

  1. eent Messer
  2. eent Schnégdbrett
  3. eng Pann
  4. een Holzeläffel

Zoubereedung

Bottergeméiss ass näist annëcht wie Geméiss datt op niddriger bis mëttel Hëtzt am Botter gegart jëtt bis et mëll ass.

Datt geht mir äwer net dar, do muss Aroma mat dran. Sämtlich Zorten Geméiss, schiälen ech, botzen ech an schnégden se an mondgerecht Stécker. Geméiss wäschen ech grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser.

Datt ganzt Geméiss blanchéieren ech fir 4 Min. bis 5 Min. am kooschenden goud gesalzenem Waasser. Dann schëdden ech et aaf an schrecken et am Äiswaasser aaf. Ech maan datt, well ech den Garprozess ënnerbreechen well. Jiff ech nëmmen datt gréint Geméiss aafschrecken fir Faaref besser ze halen, jiff Geméiss hanneno beim Brooden net gläichmässig garen.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.

Zwiebeln

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botter. Fir deen meesten Aroma ze kreien, brooden ech d’Ënnen su lang bis se aafänken Faaref ze kreien. Du kanns se o su lang brooden bis se sching brong sen, datt brengt een séissen Ënnenaroma.

Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech Geméiss drënner, op mëttel bis niddriger Hëtzt brooden ech Geméiss su lang bis et waarem an bëssfest ass.

Geméiss würzen ech mat Salz an Peffer, fir den Geschmaasch ze hiäwen an ze ënnerstreichen schëdden ech bëssen Zitrounensaaft dobäi. Subal deen ganz verkooscht as, mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Ankoofslëst

  • Verschidden Zorten Geméiss, datt watt schmëscht kann mat dran Gemaat jänn.
  • Botter
  • Zitrounen

Gewürzer

  • Salz
  • Peffer

Tipps

  1. Hual am besten frëscht Geméiss, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Experimentéier mat verschiddene Krégder, fir dem Geméiss dein perséinlichen Geschmaasch ze jänn.

Varianten

Fir een hauch fransiisch Eleganz kanns du bëssen Etragon ënnermëschen.

Deen mediterranen Flair krëss du mat gehackten Tomaten an Basilikum.

Wëlls du et mi asiatisch, kanns du Ingwer, Sojazooss an Frühlungszwibbelen ënnermëschen.

Fir mir eng liit Versioun kanns du den Botter durich Olivenualeg ersetzen.

Botter jëtt dëser Beilaag een räichen Geschmaasch, während regional Varianten dem Rezept eng kulturell Villfalt jänn. Van Frankreich bis Asien hat Bottergeméiss sein Platz an deen verschiddensten kulinarischen Traditiounen fond.

Bottergeméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 500 g Geméiss (Muurten, Chouxfleurs, Broccoli, gréin Bungen, Kohlrabi….) gebotzt, gewäsch an kleng geschnidden

  • 2 EL Botter

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt an zerriwen

  • Salz & Peffer

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Péitersilich fir Garnitur, gehackt

Zoubereedung

  • Geméiss blanchéieren ech am kooschenden Salzwaasser fir ongeféier 4 Min. bis 5 Min. Dono schëdden ech et aaf an schrecken et am Äiswaasser aaf.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Botter an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann den Knuawléck ënnermëschen, wann deen aafänkt mat rauschen, Geméiss drënner mëschen.
  • Mat Salz, Peffer an Zitrounensaaft würzen, su lang op mëttel bis niddrig Hëtzt brooden bis Geméiss bëssfest ass.
  • Mat frëschem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*