Broccoli ai pinolo

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, datt nët nëmmen goud schmëscht, mais o eent Fest aan die einfasch Zoubereedung an frësch Zutaten darstellt. Broccoli au pinolo, ass eng Zaloot aus Broccoli, Courgetten, Pinienkären, Zaloot, Basilikum an engem einfaschen würzigen Dressing. Wann et siier goen muss ass dës frësch, einfasch Zoubereedung genau datt richtig.

Broccoli mat Pinienkären ass eent Ässen, datt déif an der italienischer Këchen verwuurzelt ass. Die Kombinatioun aus frëschem Broccoli mat geréiesterten Pinienkären hat hiren Ursprong an der reicher kulinarischer Traditioun van Italien, wu frësch Zutaten an einfasch Zoubereedungen d’Essenz van goudem Ässen darstellt.

Fir dës Zaloot ze maan brausch ech:

  • eent Dëppen
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eng Pann

Zoubereedung

Den Broccoli zerdeelen ech an mondgerecht Ruusen an wäschen en grëndlich.

Courgetten wäschen ech grendlich an schnégden se an kleng Würfelen.

An engem Dëppen setzen ech liit gesalzent Waasser op an loossen datt opkooschen. Subal Waasser kooscht, blanchéiren ech den Broccoli fir 4 Min. bis 5 Min.

Genausu maan ech et mat den Courgetten, déi blanchéiren ech am kooschend Salzwaasser fir ongeféier 3 Min. bis 4 Min.

Du kanns die 2 Zorten Geméiss zesaammen blanchéiren, firtischt den Broccoli 1 Min. kooschen loossen an dann Courgetten dobäi leen.

Watt wichtig ass, Geméiss noom aafschëdden am Äiswaasser oder ënner kaalem Waasser aafzeschrecken, fir datt den Garprozess ënnerbroosch jëtt an d’Geméiss die gréin Faaref besser hällt.

An enger drëchener, am besten beschichten Pann jänn Pinienkären drëchen geréistert, bleif dobäi stoen an schwenk Kären bestännig, sie verbrennen dir soss ganz siier.

An enger Schossel mëschen ech Essig, Zitrounensaaft, Salz an Peffer, ënner stännigem réiren mëschen ech den Olivenualeg drënner su datt eng Vinägrette entsteht.

Zaloot botzen an wäschen ech, an drëchnen se an der Zalootenschleider, deen verdeelen ech dann well direkt op Telleren.

Do verdeelen ech dann Courgettenwürfel drop.

Als nächst leen ech den Broccoli dobäi.

Dann schëdden ech d’Vinägrett driwer an verdeelen Pinienkären drop.

Fir Garnitur zerrappen ech paar Bläder Basilikum graff an verdeelen déi na iwert der Zaloot.

Zutaten

  • Broccoli
  • Courgetten
  • Réimerzaloot
  • Pinienkären
  • Essig
  • Zitrounensaaft
  • Olivenualeg oder neutralen Ualeg
  • Salz & Peffer
  • Basilikum

Tipps

  1. Pass do drop op, datts du Geméiss net iwergars, et soll na Biss han.
  2. Vinägrette kanns du o mat neutralem Ualeg maan, wann dir datt besser schmëscht.

Broccoli ai pinolo

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten

Zutaten

  • 250 g Broccoli

  • 2 kleng Courgetten

  • 0,5 Réimerzaloot

  • 3 EL Pinienkären

  • 1 EL Essig

  • 3 EL Zitrounensaaft

  • 3 EL Olivenualeg oder neutralen Ualeg

  • Salz & Peffer

  • 1 Basilikumast

Zoubereedung

  • Den Broccoli an mondgerecht Ruussen zerdeelen, am liit gesalzene kooschenden Wasser 4-5 Min. blanchéieren, aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken.
  • Courgetten würfelen, am liit gesalzene kooschende Waasser 3-4 Min. blanchéiren, aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken.
  • De Réimerzaloot botzen, wäschen an der Zalootenschleider drëchnen. Deen dann well direkt op Telleren verdeelen.
  • Pinienkären an enger beschiter Pann ouni Fett réisteren.
  • An enger Schossel, den Essig, Zitrounensaaft, Peffer an Salz goud mateneen vermëschen, ënner stännigem réiren den Ualeg ënnermëschen.
  • Op der Zaloot Courgetten verdeelen, dann den Broccoli, als nächst Vinägrett driwer schëdden, dann Pinenkären driwer verdeelen.
  • Viraam zervéiern, Bläder vam Basilikumast aafzupfen, graff zerappen an op der Zaloot verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*