Cheeseburger

Hogt hualen ech dech mat ant d’Welt van engem aussergewéinlichen Cheeseburger! Net irgendeen einfaschen mat Zaloot, Patty, Tomat, Cornichon, Mayonnaise an Ketchup. Hogt jëtt et een Cheesburger an enger Laugenstange, iwerbaaschen mat Raclettkiiss, getoppt mat am Béier karameliséierten Ënnen an enger würziger Zooss aus Mayonnaise, Joghurt an Mostert. Klengt goud? Dës Kreatioun vereent datt Best aus 2 Welten: die liit salzig Laugenstang an een herzhaften saaftigen Burger – die karameliséiert Ënnen sen den i-Tüpfelchen. Well, sen mir éierlich, Laugengebäck ouni Béier geht jo gar net.

Die Iddi den Burger an enger Laugenstang ze zervéiren ass eng modern Variatioun vam klassischen Hamburger. Hogt krëss du vill verschidden Varianten, äwer d’Kombinatioun aus Laugenstange an Cheeseburger as eng van deen besten.

Zutaten fir mein Cheeseburger

Aus dem Buttik brengen ech mir Randfleesch mat. Hei ass et ëmmer am besten mam Metzler ze schwetzen, eent goud Stéck fir Burger ze maan soll bis zu 25% Fettaandeel han. Du kanns natiirlech o op färdig Pattien zeréckgreifen, Dann brausch ech na TK-Laugenstangen, Réimerzaloot an Raclett-Kiiss. Doheem an menger Reserve han ech Ënnen, Béier, Salz an Peffer, Mayonnaise, Dijon-Mostert an Joghurt.

Ausserdeem brausch ech een Wolef fir Fleesch ze wolefen, eent Messer, eent Schnégdbrett, eent Baaschblech mat Baaschpapeier an 2 Pannen.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C fir. Laugenstangen leen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech, loossen se ganz entdiien an baaschen se dann ongeféier 20 Min. bis 25 Min, bis se sching brong sen.

Dann wolefen ech Randfleesch, meestens loossen ech et 2mol durich den Wolef loofen. Datt würzen ech dann mat Salz an Peffer, mi kënnt an een Burgerpatty net dran. Vermëschen alles goud an formen meng Pattien.

Fir Zooss mëschen ech Mayonnaise, den Joghurt an de Mostert, salzen an pefferen Zooss liit an stellen se an den Frigo bis ech se brausch.

De Raclett-Kiiss halbéiren ech an schnégden d’Schaal raaf.

Als nächst schiälen ech d’Ënnen halbéiren se an schnégden se längs an dënn Streifen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen do dran goldbrong. Subal se aafänken brong ze jänn, salzen ech se liit an schëdden Béier drop, deen loossen ech ganz ankooschen an d’Ënnen karameliséieren. Datt hëllt bëssen Zéckt an aansproosch, an soll op niddrig bis mëttel Hëtzt gemaat jänn, su datt sech deen richtigen Geschmaasch entwéckelen kann.

An enger annerer Pann brooden ech Pattien bis se gar sen, dann halbéiren ech se an leen den Raclettkiiss drop. Fir paar Min. leen ech een Deckel drop su datt den Kiiss schmelzt.

Als nächst schnégden ech Laugenstangen längs op, an verdeelen bëssen Zooss op deem ënnischten Deel, do leen ech den Zaloot draop, dann Fleesch mam Kiss, dann die karameliséiert Ënnen an verdeelen mat engem Läffel na bëssen Zooss iwert den Ënnen. Datt Ganzt jëtt dann na zougeklappt an bei mir sen et Fritten dobäi jänn

Wuraus besteht een Burgerpatty?

Deen klassischen Patty jëtt aus purem Randfleesch gemaat. Keent Schwéng, keent gemëschtent Gehacktes reechen geschmaaschlich aan d’Original. An eent Patty gehiieren keng Ënnen, keent Ei, keen Moster, keent Brugd. Eenzig an alleng Peffer an Salz, beim Burger geht et ëm deen rengen Fleeschgeschmaasch.

Cheeseburger

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

2

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 400 g Randfleesch fir Gehacktes ze maan der 2 Pattien

  • Salz & Peffer

  • 2 Laugenstangen TK

  • 1 déck Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 40 ml helle Béier

  • 4 Scheiwen Raclettkiiss

  • Fir Zooss
  • 2 EL Mayonnaise

  • 1 EL Joghurt

  • 1 TL Dijon-Mostert

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen. Laugenstangen op een mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen an am waarmen Schiäffchen baaschen bis se sching brong sen. (20 Min. bis 25 Min.)
  • Den Raclettkiiss halbéiren an Schaal aafschnégden.
  • Fir Zooss
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen an, an den Frigo stellen bis se gebrauscht jëtt.
  • Ënnen an Burgeren
  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden bis se brong sen.
  • Liit salzen an den Béier op d’Ënnen schëdden. den Béier ganz ankooschen loossen an d’Ënnen su karameliséieren.
  • An enger annerer Pann Pattien brooden bis se gar sen. Burgern halbéiren an den Kiiss drop verdeelen. Kuurz een Deckel op Pann leen, fir datt den Kiiss schmëlzen kann.
  • Laugenstangen halbéiren bëssen Zooss op der ënnischter Halschent verdeelen an den Zaloot drop leen. Op den Zaloot de Burger leen an op den Burger d’Ënnen. Iwert d’Ënnen na bëssen Zooss verdeelen an den Burger zouklappen an genéissen!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*