Crémig Parmesanzooss

Eng Crémig Parmesanzooss mat gedrëchenten an frëschen Tomaten an Spinat – dës Zooss ass eng perfekt Kombinatioun aus crèmiger Textur an herzhaftem Geschmaasch, déi sech wonnerbar mat allem Kombinéiren lisst, ob mat Nuddelen, Fleesch, Reis oder Gromperen, oder ganz einfasch als Dip mat knusperigem Brugd.

Dëst Ässen ass eng Hommage aan die rustikal, an äwer raffinéiert Këchen aus Italien, wu die einfachst Zutaten zu engem köstlichen Menü zesaammenkommen. Parmesanzooss hat seng Wuurzelen déif an der italienischer Geschicht. Parmesan de Kinik vam Kiiss, ass well am Mëttelalter hii geschätzt jänn, et ass suagr domatt bezahlt jänn. Hogt ass den Parmesan een festen Bestandeel van villen italienischen Menüer. Dës Variant mat gedrëchenten Tomaten, frëschen Tomaten an Spinat brengt een Modernen Twist an dës klassisch Zooss.

Fir datt dës crémig Parmesanzooss gelengt brausch ech:

Frëschen Spinat, du kanns äwer o op gefruarenen zeréckgreifen, dreck en dann just ganz fest aus. Dann brausch ech na Ënnen, Knuawléck, Tomatenpürée, Bréit, Kiischtentomaten, bëssen Schmand an Parmesan. Fir deen richtigen Geschmaasch suarigen Peffer, Salz, Oregano an Basilikum, an fir ze brooden bëssen Olivenualeg. Pasta, hei ass alles erlaubt watt schmëcht, ech han Spaghetti gehollt

Ausserdeem brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Këchenreif, een Holzeläffel an 2 Dëppen.

Zoubereedung

De Spinat wäschen ech grëndlich an loossen en goud aafdrëpsen.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken se fein.

Die gedrëchent Tomaten weechen ech an kaalem Waasser an, loossen se goud aafdrëpsen an schnégden se an dënn Streifen. D’Kiischtentomaten wäschen ech grëndlich an halbéiren se.

Op der Këchenreif raspelen ech de Parmesan.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner, wann deen aafänkt mat rauschen mëschen ech die gedrëchent Tomaten drënner.

Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen kuurz mat aan. Datt läschen ech dann mat der Bréit aaf an loossen déi ongeféier bis op Halschent ankooschen.

Hei kanns du lo su luas draan denken goud gesalzent Waasser opzesetzen fir Pasta ze kooschen, Pasta no Packaaweisung al dent kooschen.

Als nächst mëschen ech Kiischtentomaten drënner, schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer. Dann schëdden ech Rahm drop an mëschen den Parmesan drënner.

Wann den Parmesan ganz geschmolz ass verfeineren ech Zooss mat den Krégder, schmaaschen an würzen evtl. na no. Den Spinat leen ech uawen drop an mat Deckel lossen ech Zooss su lang op niddriger Hëtzt kooschen bis den Spinat zesaammengefallen ass.

Spinat

Zooss jëtt dann na goud vermëscht, geschmaascht an evtl. no gewürzt.

Pasta aafschëdden, an dobaï bëssen Pastawaasser opfänken. goud aafrëpsen loossen. Pasta ënnert Zooss mëschen. Sollt Zooss ze déckflëssig sen, einfasch bëssen Nuddelwaasser dran schëdden.

Mëchs du Fleesch dobäi, datt firtischt aanbrooden an zum Schluss rëm ant Zooss leen fir datt et durich zéihen kann.

Tipps

  1. De Parmesan ass am besten wann en frësch geriwen ass, datt suarigt fir deen besten Geschmaasch.
  2. Noodeems den Schmand an der Zooss ass, net mi ze starik kooschen loossen, de Schmand kann sech soss zersetzen.
  3. De Spinat net ze lang mat kooschen, fir datt en sen sching gréin Faaref behällt.

Crémig Parmesanzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 600 g Pasta, ech han Spaghetti gehollt, all anner Nuddel passt äwer o

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 100 g gedrëchent Tomaten, angeweecht an a Streifen geschnidden

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 250 ml Bréit

  • 150 ml Schmand

  • 100 g Kiischtentomaten, gewäsch an halbéiert

  • 100 g Parmesan

  • 1 TL Oregano

  • 1 TL Basilikum

  • 200 g frëschen Spinat, gewäsch

  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen oder Pann, Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen do dran op mëttel Hëtzt brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänk mat rauschen die aafgedrëpsten gedrëchent Tomaten mat brooden.
  • Den Tomatenpürée drënner mëschen kuurz mat aanbrooden.
  • Mat der Bréit aafläschen, opkooschen loossen an bëssen reduzéiren loossen. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.
  • Goud gesalzent Waasser fir Pasta opsetzen an Nuddelen do dran no Packaaweisung al dente kooschen.
  • Kiischtentomaten an de Schmand ënnert Zooss mëschen, goud vermëschen dann den Parmesan ënnerréieren
  • Wann den Parmesan geschmolz ass, schmaaschen an mat den Krégder verfeineren. Evtl. na bëssen Salzen an Pefferen.
  • Hëtzt raaf driien, den Spinat drop leen, an mat Deckel ongeféier 5 Min. kooschen, bis den Spinat zesaammen gefallen ass.
  • Pasta aafschëdden an bëssen vam Nuddelwaasser opfänken.
  • Zooss eng kéier opréiren, an dann Nuddelen drënner mëschen. Sollt Zooss ze déckflëssig sen bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*