An mengem Artikel van Hokt drigt sech alles em Poulet, Basilikum an Pasta. Bekannt ass dësen Menü durich “Cheescake Factory” ënnert dem Naam “Chicken Bellagio”. En kombinéiert panéierten Poulet mat enger cremiger Basilikum-Pasta an knusperig gebroodenem Prosciutto an Rucola. Ech han äwer meng eegen Kreatioun doraus gemaat, am Platz vam Proscuitto han ech geréistert Pinienkären ënnergemëscht an driwer verdeelt, an well ech keen Frënd vam Rucola sen, han ech an fein Streifen geschniddene Réimerzaloot fir Garnitur gehollt. Den Goût ass herzhaft an frësch – genau datt Richtigt fir een beandrockende Menü!
Zutaten fir mein cremigen mediterranen Basilikumpoulet
1. Pouletfilet
- Pouletfilet ass mooer, proteinräich an eegnen sech wonnerbar fir ze panéieren an ze brooden. Deen mëllen Aroma harmonéiert goud mat der würziger Zooss, während Panade fir eng knusperig Textur suarigt. De Poulet jëtt mat Olivenualeg, Zitrounensaaft, Basilkum, Oregano, Salz an Peffer marniéiert, fir su een gouden mediterranen Aroma ant den Menü ze kreien.
2. Panéiermiähl
- Ech hualen normalt Panéiermiähl, du kanns äwer o Panko hualen, datt ass japanischt Panéiermiähl an hat mi eng graff Textur an jëtt dem Poulet eng besonnig kross Krust. Ech han Panko net jären, ech fannen datt hat een komischen Goût.
3. Pecorino-Kiiss
- Ursprünglich jëtt dësen Menü mat Parmesan gemaat. Mir schmëcht den Pecorino äwer besser. Et ass een italienischen Hartkiss aus Schoofsmëlich mat engem intensiven, liit salzigen Goût. Beim schmëlzen jëtt en genausu cremig wie den Parmesan. Well den Pecorino mi salzig ass, beim salzen bëssen mi sparsam sen.
4. Basilikum
- De Basilikum mat sengem séisslich-frëschen, liit pefferigen Aroma passt wonnerbar an dës cremig Zooss an hiäft den Goût van deem ganzen Menü. Ech han fir dësen Menü, Basilikumualeg an gedrëchente Basilkum verschafft.
5. Schalotten an Knuawelek
- Sie bilden d’Würzbasis van der Zooss, alles ganz fein gehackt fir datt sech d’Aromen goud mat der Zooss verbannen ouni ze dominant ze sen.
6. Botterschmalz
- Botterschmalz jëtt dësem Menü eng cremig Textur. Et verbënnt d’Aromen vam Knuawelek, den Schalotten, Pecorino an Basilikum an ronnt datt Ganzt aaf.
7. Pinienkären
- Dës kleng oval Kären ma hirem mëllen, nossigen an liit séisslichen Goût jänn dësem Menü een angenehmen Biss. Natirlich jänn sen firtischt geréistert är se verschafft jänn.
8. Schmand
- De Schmand suarigt fir die cremig Konsistenz van der Zooss, de Goût van dësem Menü jëtt durich den Schmand mi mëll an verbënnt sämtlich Aromen goud mateneen.
9. Linguine
- Oder Spaghetti, dës Nudelen sen die perfekt Basis fir Basilikum-Pecorino-Zooss, sie hualen Zooss goud op an passen goud zu der cremiger Textur
10. Salz an Peffer
- Dës Grondgewürzer ënnerstreichen die natiirlich Aromen an suarigen fir eent harmonischt Ganzt.
11. Réimerzaloot fir Garnitur
- Den Réimerzaloot ass eng wonnerbar alternativ fir den Rucola, en brengt Frëscheet an een mëllen, knackigen Biss an dësen Menü.
Zoubereedung
De Poulet tuppen ech mat Këchenpapaier drëchen. De Poulet vermëschen ech an enger Schossel mat Salz, Peffer, gedrëchentem Basilikum, gedrëchentem Oregano, Zitrounensaaft an bëssen Olivenualeg. Su setzen ech en zougedeckt iwert Nait an de Frigo, has du net die Zekt dann op mannst äwer 2 Stonnen marinéiren loossen.
- D’Schalotten an den Knuawlelek schiälen ech an an hacken alles fein. Watt alles mi fein gehackt ass, watt sech d’Aromen besser verdeelen.
- Pinenkären, réisteren ech an enger drëchener Pann. Goud oppassen, sie verbrennen ganz siier. Déi lossen ech aafkéilen.
Fir den Poulet ze panéiren setzen ech mir een Teller mat Miähl, een Teller mat opgeschloen Eier an een Teller mat enger Mëschung zu gläichen Deeler Panéiermiähl an griwene Pecorino parat. D’Panéiermiähl-Mëschung han ech na mat italienischer Krégdermëschung gewürzt. Deen marinéierten Poulet driien ech firtischt am Miähl, dann am Ei an zum Schluss an der Panéiermiähl-Mëschung.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran de Poulet bis en sching goldbrong ass. Wann et vill Fleesch ass broot et an Etappen aan, et soll brooden an goldbrong jänn an net kooschen. Fir een waarem ze haalen han ech mir den Schiäffchen op 80°C virgewiäremt, an den Teller mam Fleesch do dran gesatt.
An der selwischter Pann erhëtzen ech, wann et nigdig ass, op niddriger bis mëttel Hëtzt na bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Schalotten aan, bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien. Do mëschen ech dann den Knuawelek drënner an brooden deen kuurz mat. Dann schedden ech den Schmand dobäi. De Schmand soll net kooschen well en soss jären ausflockt. Op niddriger Hëtzt jëtt Zooss goud waarem, während Zooss op Nuddelen waart.
Zur gläicher Zekt han ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opgesatt, opkooschen geloss an do dran Linguine no Packaaweisung al dent gekooscht. Eng Tass Nuddelwaasser hualen ech no der Halschent van der Kooschzekt raus.
Ënnert Zooss mëschen ech den Pecorino an lossen deen schmëlzen. Evtl. well bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden. Zoss schmaaschen an mat Salz, Peffer, Basilikum an Basilkumualeg würzen.
Nuddelen schëdden ech aaf an mëschen se ënnert Zooss, alles goud vermëschen sollt Zooss ze deckflëssig sen na bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden. D’Halschent van den Pininekären han ech mat ënnert Zooss an d’Nudelen gemëscht.
Nuddelen verdeelen ech op Telleren an verdeelen na bëssen Basilikumualeg driwer, leen den Poulet drop an streien deen Rest Pinienkären an deen an ganz dënn Streifen geschniddene Réimerzaloot driwer.
Tipps
- De Poulet op mëttel bis hii Hëtzt brooden, fir datt Panade knusperig jëtt an den Poulet saaftig bleift.
- Well den Pecorino mi salzig ass wie den Parmesan, schmaasch deng Zooss befirs du se färdig würz.
- Hëlls du frëschen Baslikum, deen rischt kuurz viraan Schluss van der Kooschzekt van der Zooss, kleng schnegden an ënnermëschen.
Varianten
O wann ech hei gedrëchenten Basilikum verschafft han ass deen Frëschen ëmmer die besten Wiäll. Du kanns deng Zooss äwer o ganz einfasch mat Basilikumpesto würzen.
Am Platz van den Pinenkären kanns du o Mandelen hualen, durich d’réisteren entweckeln sie een wonnerbaren Aroma deen goud mat dësem Menü hamronéiert.
Genaus su kanns du frittéiert Ënnenronselen hualen, si brengen zousätzlich knusperigkeet an ergänzen dësen Menü.
An dënn Scheiwen geschnidden Courgetten an, an bëssen Olivenualeg knusperig gebrooden oder am Schiäffchen gebaasch, passen sie perfekt an die würzig Basilikumzooss.
D’Zalootgarnitur kanns du mat bëssen Olivenualeg, Salz an Zitrounensaaft marniéiren an dann om Menü verdeelen. Datt brengt zousätzlichen Goût an harmonéiert goud mat deen anneren Aromen.
Cremigen mediterranen Basilikumpoulet
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten30
MinutenZutaten
800 g Pouletfilet, an Streifen geschnidden
3-4 EL Olivenualeg
1,5 TL Salz
1 TL Peffer
1 TL gedrëchenten Oregano
1 TL gedrëchenten Baslikum
Saaft van enger halwer Zitroun
100 g Miähl
2 Eier
100 g Panéiermiähl
200 g geriwene Pecorino-Kiiss
1 TL italienisch Kregdermëschung
Botterschmalz fir ze brooden
2 Schalotten, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
200 ml Schmand
1 TL gedrëchenten Basilikum, alternativ eng Handvoll frësch Baslikumbläder
2 EL Basilikumualeg, alternativ 2 TL Basilikumpesto
Salz & Peffer
3-4 EL Pinenkären
400 g Linguine
Fir Ganritur: paar Bläder an ganz dënn Streifen geschniddene Réimerzaloot, alternativ: eng goud Handvoll Rucola
Zoubereedung
- De Poulet mëschen ech mam Olivenualeg, Salz, Peffer, Oregano, Basilkum an Zitrounsaaft, an setzen en zougedeckt iwert Nait an den Frigo. Op manns 2 Stonnen marinéiren loossen.
- Pinenkären réisteren ech an enger drëchener Pann, an lossen se dann aafkéilen. Dobäi stoen bleiwen, Pinenkären verbrennen ganz siier.
- Op een Teller leen ech d’Miähl, an engem anneren schloen ech d’Eier op an, an engem drëtten Teller vermëschen ech d’Panéiermiähl mat der Halschent vam Pecorino an der italineischer Kregdermëschung. De Poulet panéiren ech ganz klassisch, firtischt am Miähl, dann am Ei an dann an der Panéiermiählmëschung.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong. Fir den Poulet waarem ze haalen han ech mir den Schiäffchen op 80°C virgewiäremt an den Teller mam Fleesch do dran gesatt.
- An der selwischter Pann erhëtzen ech, wann et nidgdig ass, op niddrig bis mëttel Hëtzt na bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Schalotten bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, brooden deen kuurz mat an schëdden dann den Schmand drop.
- Zur selwischter Zekt wie ech Zooss zoubereeden setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen do dran Lingiune no Packaaweisung al dente. No der Halschent van der Kooschzekt hualen ech eng Tass Nuddelwaasser raus.
- Ënner Zooss mëschen ech den Pecorino an lossen deen schmëlzen, evtl. schëdden ech dann well bëssen Nuddelwaasser dobäi. Schmaaschen an würzen Zooss mat Salz, Peffer, deem gedrëchenten Baslikum an dem Basilikumualeg.
- Nuddelen schëdden ech aaf, an mëschen se mat der Halschent van den Pinenkären ënnert Zooss. sollt Zooss ze deckflëssig jänn, na bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
- Nudelen verdeelen ech op Telleren, drëpsen an bëssen Baslikumualeg drop an leen den Poulet uawen drop an streien deen Rest Pinenkären an den Réimerzaloot driwer.