Wann een eng lang Aarbichstwoosch haneraan sech hat, hat een net ëmmer deen gruussen Iddi fir sech na stonnelang an d’Këchen ze stellen. Hei ass eent Ässen, datt ganz ouni Chichi oder Schnickschnack auskënnt. Einfasch, éierlich Zutaten, déi zesaammen deen besten Goût brengen. Pollo fino mat gebrooden Gromperen, karamelsiséierten Ënnen an als Topping een crémigen Knuaweleksdip
Firwatt Pollo Fino?
Ech sen een Fan van Pollo fino, datt sen entbeenten Pouletstrempelen. Firwatt? Sie bleiwen su richtig saaftig. Annëcht wie Pouletfilet hat de Pollo fino mi een hiien Fettaandeel, datt während dem Brooden fir vill mi Goût suarigt. Dozou gebrooden Gromperen, Ënnen an eng crèmig Knuawelekszooss ,déi alles aafronnt.
Et steht dir natiirlich fräi, dës Pann mat all Zort Fleesch ze maan déi dir schmëcht, sie jiët graad su goud mat Rands-, Kalefs- oder Schwéngefleesch.

Zutaten an Zoubereedung
D’Fleesch schnégden ech an mondgerecht Würfelen, déi leen ech an eng Schossel an mëschen se mat bëssen Olivenualig, Salz, Peffer, Oregano, Paprikapolwer an gehacktem Knuawelek. Su loossen ech alles omgeféier 30 Min. durich zéien. Fir all déi et jiären mi scharef han, bëssen Chiliflocken mat ënnert Marinade mëschen.

Iwwerdeems d’Fleesch marinéiert, schiälen ech d’Gromperen an schnégden se an kleng Würfelen. D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Sträifen. Fir datt et na mi siier jieet kanns du gekooschten Gromperen vam Daag virdraan hualen.


Dann erhëtzen ech eng Pann, maan äwer wégder keen Fett dran. Hual dofir am besten eng beschicht Pann. Do dran brooden ech d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan. Datt hualen ech raus an leen et an eng Passette fir datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann.

An der selwischter Pann brooden ech dann d’Gromperen op mëttel Hëtzt. Ech brooden meng Gromperen ëmmer am riien Zoustand. No ongeféier 15 Min. brooden mëschen ech d’Ënnen drënner an brooden alles su lang bis d’Gromperen mëll sen, datt Ganuz salzen ech liit. Sollt Pann ze drëchen sen, einfasch 1 EL bis 2 EL van deem aafgedrëpsten Fett vam Poulet mat ënnermëschen.
Iwerdeems d’Gromperen brooden, mëschen ech an enger klenger Schossel, eent Dëppchen Natur Joghurt mat gehacktem Knuawelek, Mayonnaise, bëssen Olivenualig, Zitrounensaaft, Péitersilich an Salz. Déi stellen ech an den Frigo bis ech se brausch.
TIPP aus menger Këchen: Rii gebrooden Gromperen brauschen ongeféier 35 Min. bis 40 Min. bis sen mëll sen
Wann d’Gromperen mëll sen, mëschen ech d’Fleesch drënner an erhëtzen alles.

Subal alles waarem ass, leen ech et op Telleren an verdeelen den Joghurt driwer. Dobäi han ech eng knackig Zaloot zervéiert.

Tipps
- Wanns du deng Gromperen mi knusperig wëlls, drëchen se viraam brooden.
- Subal’s du d’Gromperen an der Pann has, looss se einfasch mol brooden ouni dran ze réiren, su kreien sie eng sching Krust.
Firwatt solls du dëst Rezept probéiren?
Dëst Ässen ass genau datt Rischtigt, wann’s du siier, einfasch an lecker kooschen wëlls. All Zutat hat sein Platz, die gebrooden Gromperen, de Pollo fino deen super zart bleift an den Knuaweleksdip deen een perfekten Frëschekick matbrengt! An et jiët alles enger Pann gemaat.
Datt siiert Owesässen – rustikal Pouletpann mat Knuaweleksdip
Schwierigkeit: einfasch2
Portiounen10
Minuten35
MinutenZutaten
300 Pollo Fino, ausgebeenten Pouletstrempelen an Würfel geschnidden
400 g Gromperen, kleng gewürfelt
2 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden
- Fir d’Marinade
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
3 EL bis 4 EL Olivenualig
1,5 TL Salz
1 TL schwarze Päffer
1 TL Paprikapolwer
2 TL gedrëchenten Oregano
optional: 0,5 TL Chiliflocken
- Fir den Dipp
150 g natur Joghurt
2 EL Mayonnaise
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
1 EL Zitrounensaaft
2 EL gehackten Péitersilich
Salz
Zoubereedung
- Sämtlich Zutaten van der Marinade vermëschen ech mateneen an leen den Poulet do dran. Vermëschen alles goud an loossen et ongeféier 30 Min. durich zéien.
- An enger waarmer Pann, ouni Fett brooden ech den Poulet goldbrong aan, deen leen ech op eng Passette an loossen iwerschëssigt Fett aafdrëpsen.
- An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Gromperen, no ongeféier 15 Min. brooden mëschen ech d’Ënnen drënner an brooden alles su lang op mëttel Hëtzt bis d’Gromperen mëll sen. Salzen liit.
- Iwerdeems d’Gromperen an d’Ënnen brooden, mëschen ech an enger klenger Schossel sämtlich Zutaten fir den Dipp, deen setzen ech an den Frigo bis ech brausch.
- Sollten d’Gromperen ze drëchen sen, mëschen ech ongeféier 2 EL vam aafgedrëpsten Fett vam Poulet drënner.
- Subal d’Gromperen mëll sen, mëschen ech den Poulet drënner an erwiärmen alles.
- Wann alles waarem ass, verdeelen ech et op Telleren, an do driwer verdeelen ech den Joghurtdipp. Zervéieren an eng knackig Zaloot dobäi reechen.