Die klassisch Vinaigrette

Hogt beschreiwen ech dir, wie ech die klassisch Vinaigrette zoubereeden. Dës einfasch an lecker Zalootenzooss ass bëssen mi wie nëmmen eng einfasch Zooss om Zaloot, eent Multitalent, datt zu gegrilltem Geméiss an villes mi passt.

Vinägrette, obwohl als fransiisch Zooss bekannt, hat een vill mi aalen Ursprong. Den Begrëff Vinaigrette leet sech vam fransiischen Wuort “vinaigre” aaf an stammt aus dem 17ten Joerhonnert. Ursprünglich wor Vinaigrette eng einfasch Mëschung aus Essig an Ualeg, déi just als Zooss fir op Zaloot gehollt jänn ass. Am Loof van der Zéckt hat sech Rezept verfeinert an ass mat verschiddene Krégder, Gewürzer an Aromen verfeinert jänn, fir die hogt bekannte fransiisch Vinaigrette ze kreien.

Op menger Zaloot schmëscht mir dës Vinaigrette am besten, ech hualen se äwer net nëmmen fir op die normal Bläderzaloot, o op eng Gromperenzaloot, eng Muurtenzaloot, sugar op menger Kappeszaloot, bereeden ech dës Vinaigrett zou, datt watt sech ännert ass den Essig, den Mostert an Krégder, Grondzoubereedung bleift äwer ëmmer die selwischt.

Zutaten fir meng Vinaigrette

Essig oder/an Zitroun

Hei ass du Wiäll zëschen deem ganz normalen Essig, Wäissewéngessig, Rugdewéngessig oder sugar Balsamico, datt watt sech ännert ass den Geschmaasch, van würzig sauer mat deem normalen Essig, bis zu mi mëll an séiss, mat deen anneren Zorten. Genaus kanns du dës Vinaigrette mat Zitrounensaaft maan, oder mat enger Mëschung aus Zitroun an Essig. Mat nëmmen Zitrounensaaft schmëscht se wirklich sauer, et muss een sech dran gewiännen, mais et ass äwer net schlecht.

Ualeg

Ech hualen een neutralen Ualeg, wie z.B. Maiskeimualeg oder Sonnenbloumenualeg, du kanns äwer o Olivenualeg hualen, ech perséinlich han Zooss léiwer mat engem neutralen Ualeg. Dachs hualen ech manner Ualeg an mëschen dann na zousätzlich Mayonnaise mat drënner. Fir eng Cornichonzaloot ersetzen ech een Deel vam Ualeg durich Schmand.

Mostert

Ech hualen dofir deen ganz normalen lëtzebuerger Mostert. Vinaigrette kann äwer o mat Dijon-Mostert oder mat engem Mostert mat Kären gemaat jänn.

Gewürzer an Aromen

An meng Vinaigrette maan ech Schalotten, Péitersilich, Bratzelen, Salz an Peffer. Bei enger Cornichon- oder Muurtenzaloot mëschen ech na Dill mat drënner. Deemno watt fir eng Zaloot datt ech maan kënnt na Knuawléck mat dran. O wann ech een gruussen Knuawléckfan sen ass meng Vinaigrette meestens ouni Knuawléck.

Ausserdeem brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel an een Schniibiäsem, mi siier geht et mam Stabmixer.

Zoubereedung

Schalotten schiälen ech an schnégden se an kleng Würfelen.

Sollt ech Knuawléck mat dran maan schiälen ech deen an hacken en ganz fein.

Den Péitersilich hacken ech an Bratzelen schnégden ech kleng.

Die klassisch Vinaigrette besteht aus 1 Deel Saier an 3 Deeler Ualeg, dann na den Mostert, Gewürzer an d’Aromen.

Fir die ganz siier Vinaigrette kanns du datt alles an eent Glas schëdden, den Deckel drop schrauwen an kräfig rëselen, su entsteht eng Emulsioun déi zwar net su stabil ass, äwer fir deen siieren Feierowendzaloot daar geht.

Ech mëschen an enger Schossel den Mostert, Essig, Salz an Peffer.

No an no, an ënner stännigem réiren schëdden ech den Ualeg gemellig dobäi, wie bei enger Mayonnais, bis eng stabil Emulsioun entsteht.

Zum Schluss mëschen ech d’Schalotten an die frësch Krégder drënner, schmaaschen an würzen evtl. na no.

Su zoubereed hällt Zalootenzooss 3-4 Deeg am Frigo.

Tipps

  1. Fir eng stabil Emulsioun ze kreien as et wichtig den Ualeg gemellig an ënner stännigem kräftigen réiren ënnerzemëschen. Ech hualen dofir den Stabmixer.
  2. Experimentéier mat verschiddene Krégder an Gewürzer, fir d’Vinaigrette dengem perséinlichen Geschmaasch aanzepassen.

Varianten

Mësch fein gehackten frësch Krégder wie Thymian, Rosmarin, Basilikum drënner fir mediterran Aromen an deng Vinaigrette ze kreien.

Fir Cornichonzaloot ersetzen ech 1 Deel Ualeg durich Schmand an mëschen na zousätzlich Dill mat drënner.

Fir eng Muurtenzaloot kanns du Wässewéngessig oder een hellen Balsamico hualen

Fir eng rugd Rommelszaloot ersetzen ech 2 Deeler Ualeg durich lookisch Geméissbréit an leen zoustätzlich an Lorbeer mat dran.

Zalootenzoossen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Gesamtzeit

15

Minuten

Zutaten

  • 100 ml Essig

  • 300 ml Ualeg

  • 3 kleng gewürfelt Schalotten

  • 1 TL Mostert

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 2-3 EL gehackten Péitersilich

  • 2-3 EL kleng geschnidden Bratzelen

Zoubereedung

  • Die klassisch Vinägrette, Essig, Mostert, Salz an Peffer goud mateneen vermëschen, den Ualeg no an no, an ënner stännigem Réieren ënnermëschen.
  • Schalotten an Krégder ënnermëschen, schmaaschen evtl. noowürzen.

Notiz

  • Du kanns o alles an eent Glas fëllen, fest zouschrauwen an Zooss rëselen bis se färdeg as.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*