Dijon Mostert

Den Dijon Mostert as een Mostert deen aus Frankreich kënnt, genau gesoot aus Dijon, wu Rezept entweckelt jiänn as. Rezeptur vam Dijon-Mostert as am vergleich mat anneren Mostertzorten bëssen annecht.

Fir Produktioun jiänn ausschliesslich die brong an schwarz Mosterkären gehollt, déi sen scharef, an den Mostert krëtt sein pikanten Geschmaasch. Kären jiänn net gemahlen su datt den Ualeg am Kär bleift wudurich den Mostert seng Schiäreft behällt. Mostertkären jiänn an Verjus (Most), Wasser, Salz an Gewürzer angeweecht, su entfalen sech Aromastoffer besser. Durich Schleideren an Filteren liesst Schaal sech van den Kären an Mëschung jëtt dann rischt zu enger feiner Past verschafft.

Durich een Strékt zwëschen Mostertproduzenten aus Paris an den Produzenten van Dijon as den Naam “Moutarde de Dijon” net gesetzlich geschützt. Hogt handelt et sech ischter em eng Produktiounsmethoude an eng Art Mostert, déi äwer net aan eng Regioun gebonnen as.

Dodurich datt den Ualeg an den Kären bleift kann een den Dijon-Mostert goud erhëtzen. An der fransiischer Këchen jëtt en hauptsächlich fir ze kooschen gehollt, fir Dressingen oder Dips ze maan, an Mayonnaise jëtt ausschliesslich mat dësem Mostert gemaat.

Mostert as eent simpelt Gewürz, datt äwer vill Ässen opwiärt.

Poulet an enger Dijon-Kooschel-Zooss

Zutaten:

  • Pouletfilet
  • Salz & Peffer
  • Botterschmalz
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Kooschelen
  • Zitrounensaaft
  • Houhnerbréit
  • Herbes de Provence
  • Rahm
  • Dijon-Mostert
  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

Fleesch salzen ech an leen et iwert Nait an den Frigo. Du muss Fleesch net owes salzen. Eng goud halef Stonn viraam brooden salzen an et bei Raumtemperatur stoen loossen.

Den Daag dono fänken ech mat der Mise en Place aan.

Ech hacken d’Ënnen an den Knauwléck. Schnégden Kooschelen an dënn Scheiwen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz an brooden Fleesch van 2 Ségten kräftig aan. Ech würzen et mat Peffer, hualen et raus an stellen et op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan bis se Faaref kreien. Dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi o kräftig aan, subal déi Faaref han würzen ech mat Peffer an Salz. Driien Hëtzt bëssen raaf an mëschen dann den Knauwléck drënner.

Als nächst schëdden ech Zitrounensaaft drop an lossen deen ganz ankooschen. Dann schëdden ech Bréit drop an déi lossen ech bis op Halschent ankooschen.

Mat den Krégder an evtl. Peffer an Salz würzen an schmaaschen.

Dann réiren ech Rahm drënner, lossen alles eng kéier opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an leen Fleesch ant Zooss an loossen datt durchzéien.

Zum Schluss hualen ech bëssen Zooss raus, liesen do dran den Mostert op an schëdden datt dann zereck ant Pann. Datt jëtt dann na kuurz erwiärmet, pass hei op datt Zooss net mi kooscht. Schmaaschen, evtl. bëssen nowürzen.

Viraam zervéiren garnéiren ech dann na mat gehacktem Péitersilich.

Poulet an enger Dijon-Kooschel-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • Salz & Peffer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 250 g an dënn Scheiwen geschnidden Kooschelen

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 2 TL Herbes de Provence

  • 100 ml Rahm

  • 2 TL Dijon-Mostert

  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an et eng goud halef Stonn bei Raumtemperatur durichzéihen lossen. Oder Owes salzen an et am Frigo iwert Nait durichzéien loossen.
  • An enger waarmer Pann den Botterschmalzerhëtzen an den Poulet all rondrëm käftig aanbrooden, dann Pefferen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann Ënnen aanbrooden bis se Faaref kreien.
  • Kooschelen ënnermëschen an déi o kräftig brooden, subal se Faaref han mat Salz an Peffer würzen.
  • Hëtzt bëssen raaf driien, dann den Knauwléck ënnermëschen.
  • Mam Zitrounesaaft afläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • Houhnerbréit drop schëdden, opkooschen loossen an bis op Halschent ankooschen lossen.
  • Mat Herbes den Provence an evtl. Salz an Peffer würzen, schmaaschen.
  • Rahm dobäi schëdden kuurz opkooschen lossen, Hëtz raaf driien an Fleesch an der Zooss durich zéien lossen.
  • Zum Schluss bëssen Zooss aus der Pann raus hualen, de Mostert dodran opliesen an zereck ant Pann schëdden. Kuurz erwiärmen, pass äwer op datt Zooss dann net mi kooscht. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*