Een knackigen Genoss-Mix: Broccoli-Poulet-Zaloot

Dachs sen et die einfasch Rezepter, déi eis am meesten Begeesteren! Dës Zaloot ass su eent Rezept – eng liit, knackig Zaloot voll gesond Zutaten, deen äwer satt mëcht. Ob als siiert Mëttigässen, als Zaloot op engem Buffet oder als Virbereedung fir ënnerweesch, eng Zaloot déi iwerall passt.

Die frësch Aromen van mëllem Broccoli, knackigem Paprika an saaftigem Poulet jiän durich een crèmigen, äwer liiten Joghurt-Dressing aafgeronnt.

Eng Zaloot, déi hir Wuurzelen an der moderner Këchen hat an kann je no Regioun an no Verfügbarkeet van den Zutaten ganz dengem Goût aangepasst jiän.

Watt mëcht dës Zaloot su besonnig?

Ech han et jiären, wann eent Ässen net nëmmen goud schmëscht, mais o na jiät fir d’Gesondheet mëcht. Dës Zaloot kombinéiert:

  • Broccoli, eng Nähstoffbomm, déi räich aan Vitamin C an K ass.
  • Pouletfilet, eng fettaarem Proteinquelle, déi lang satt hällt.
  • Rugd Paprika, déi net nëmmen knackig an faarwig ass, mais o voll Antioxidantien stëcht.

Den Dressing ass siier gemaat, an ech verzichten op onnigdigen Zocker. D’Zitrounensaaft suarigt fir Frëschheet, während den Joghurt an bëssen Mayonnaise eng crèmig Konsistenz garantéiert.

Zutaten an Zoubereedung

Broccoli, de Broccoli zerdeelen ech an kleng Ruussen, wäschen se grëndlich an blanchéiren se kuurz am kooschenden Salzwaasser, fir die sching gréin Faaref ze behaalen schrecken ech se direkt dono am Äiswaasser aaf.

Rugden Paprika, deen wäschen ech grëndlich, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

Pouletfilet, de Poulefilet, kanns du an enger würziger Bréit kooschen oder brooden. Wann deen afgekéilt ass schnégden ech en an dënn Sträifen.

Fir dës Zaloot hualen ech Schalotten, déi ech fein hacken, mir perséinlich schmaaschen d’Schalotten am besten an enger Zaloot, alternativ kanns du äwer o op jiäl oer rugd Ënnen zereckgräifen.

Fir deen besten Goût kënnt an dës Zaloot natiirlech o Knuawelek, deen schiälen ech an hacken en ganz fein.

Fir den Dressing,mëschen ech Joghurt mat Mayonnaise an Zitrounensaaft, würzen mat Salz an Peffer an schëdden dësen Dressing iwert meng Zaloot, déi vermëschen ech goud, su datt sech d’Zooss iwerall verdeelt.

Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren ech meng Zaloot. Natiirlech passen op d’Zaloot o na Croûtons, dofir schnégden ech Brugd an Würfel an brooden se mat bëssen Botter knusperig goldbrong.

Tipps an Variatiounen aus menger Këchen

  • Vegetarisch, ersetz den Pouletfilet durich Kicheriärbessen oder gereecherten Tofu.
  • Fir extra Crunch, kanns du na geréistert Pinienkären drënner mëschen.
  • Eng fruuchtig variant, goud passen an dës Zaloot Äppel- oder Birenwürfeln.

Eng Zaloot, déi siier gemaat, an gesond ass. D’Kombinatioun aus deem mëllen an knackigen Geméiss, deem crémigen Fressing, béid interessant Texturen, déi einfasch nëmmen köstlich sen. An et ass natiirlich o jiät fir all déi hirt Ässen jiären virbereeden, sie hällt sech wonnerbaar 2-3 Deeg am Frigo an jiët na mi intensiv am Goût.Pack Zaloot einfasch an een Glas oder eng Lunchbox an huale se mat op d’Schaff oder op een Ausflusch.

Wie jiffs du dës Zaloot maan? Ech se gespannt op deng Iddien, schreif mir an den Kommentaren oder deel deng Kreation ënnert dem #beijosiane.

Een knackigen Genoss-Mix: Broccoli-Poulet-Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

30

Minuten

Zutaten

  • 600 g Broccoli, an Ruusen zerdeelt an blanchéiert

  • 400 g Pouletfilet, gekooscht oder gebrooden, kleng gewürfelt

  • 1 rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 1 Ziif Knuwelek, fein gehackt

  • 2 Schalotten, fein gehackt

  • 200 g Naturjoghurt

  • 2 EL – 3 EL Mayonnaise

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Salz & Peffer, no Goût

  • gehackten Péitersilich

  • Optional: 4 Scheiwen Brugd, gewürfelt

  • bëssen Botter, fir d’Croûtons ze brooden

Zoubereedung

  • De Broccoli, Poulet, Paprika, Knuawelek an Schalotten leen ech an eng Schossel an vermëschen alles goud mateneen.
  • An enger Schossel mëschen ech den Joghurt mat der Mayonnaise, dem Zitrounensaaft, Salz an Peffer an schëdden dës Zooss iwert d’Zaloot.
  • D’Zaloot goud mëschen su datt sech den Dressing iwerall verdeelt.
  • Optional: an enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botter an brooden do dran d’Burgdwürfeln, knusperig an goldbrong.
  • D’Zaloot mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
  • Croûton dobäi reechen oder driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*