Fajitas mat Poulet

Fajitas, datt geselligt Ässen aus Mexiko. Urspünglich ass dëst Ässen van Cowboys an der Grenzregioun zwëschen Mexiko an Texas erfond jänn. Fajitas sen net nëmmen zimlich lecker, mais o eent Erliäfnis, datt een mat Familjen an Frënn deelen kann. Traditionell jëtt Fajita mat Randfleesch zoubereet. Hokt jëtt et äwer vill verschidden Varianten, mat Poulet, mat Scampien oder ganz vegetarisch.

Zutaten fir meng Fajitas mat Poulet

1. Pouletfilet

  • Den Pouletfilet ass den Star van dëser Show! Saaftig an zaart lisst sech den Poulet wonnerbar marinéiren an brutzelt an der Pann. Ausserdeem passt en perfekt zu den Gewüzer an dem Geméiss.

2. Paprika

  • Die faarwig Paprikaschoten brengen net nëmmen Faaref an d’Pann, mais o een séisse liit fruuchtigen Goût. Op rugd, jiäll oder gréin – all Paprika hat hiren eegene Charakter an zesaammen sen sie deen perfekten Trio.

4. Sauerrahm

  • Cremig, kéihl an liit säierlich – ass su een Sauerrahmtopping eng Erfrëschung, déi bei all Maufel Gewürzer manner scharef wiriken lisst an eng cremig Textur mat brengt.

4. Tortillas

  • Die mëll Fladenbrugt sen datt Transportmëttel fir all die köstlich Aromen. Sie haalen alles zesaammen an loossen sech perfekt rullen oder faalen – die perfekt Basis fir meng Fajitas.

5. Zitrounensaaft

  • D’Zitrounen brengen eng erfrëschend Saier ant Spill, déi den Poulet an Gewürzer wonnerbar ergänzt, sie suarigen dofir datt d’Fleesch mëll an zaart jëtt.

6. Olivenualeg

  • Datt flëssigt Gold an der Këchen! Den Olivenualeg suarigt dorfir datt näist aanbrennt an datt sämtlich Zutaten eent zaart Mondgeféihl kreien.

Die mexikanisch Këchen ass faarwig, liäwig an voller Aromen. Fir meng Fajitas mat Poulet han ech d’Fleesch marinéiert, hei sen lo nëmmen paar Gewürzer, déi vill an der mexikanischer Këchen genotzt jänn:

  1. Chilipolwer
  2. Oregano
  3. Knuawléck
  4. Ënnenpolwer
  5. Cumin (Kreuzkümmel)
  6. Paprikapolwer
  7. Tomatenpolwer
  8. Koriander
  1. Chilipolwer: Wann et mol su richtig scharef soll sen, greift een o hei an Europa ëmmer mi dachs zu Chilischoten oder Chilipolwer – Meesterhaft würzt die mexikanisch Këchen mat deen verschiddenen Chilizorten, van mëll bis wëll, van Tacos bis Enchiladas! Hat een sech bis ant Schiäreft gewiännt, entdeckt een deen ganzen Aromaräichtum van deen verschiddenen Chilizorten: Den Aroma vam frëschen Chili legt meestens am erdigen-fruuchtigen Beräich. Je no Zort recht een do na verschidden Nuancen raus. Doweenst – net nëmmen weent der Schiäreft – kanne vill Lékt net genou vam Chili kreien.
  2. Oregano: Oregano ass net nëmmen jätt fir op Pizza, an vill anner Këchen weltwégt jett en genau suvill genotzt wie an der mediterraner Këchen. Den Oregano jëtt Salsas, Fleesch, engem Eintopf een erdigen, nossigen Aroma. Zesaammen mat Tomaten an Chili danzt den Oregano op all Fiesta mat!
  3. Knuawléck: Watt soll ech iwert den Knuawléck schreiwen ausser datt en baal en kengem Menü fehlen duraef! Den Knuawléck jëtt den Toun aan. Geréistert, gebrooden oder mat gekooscht bild heen Basis fir eent herzhaft an schareft Ässen. Fir ganz vill Lékt leeft ouni Knuawléck näist an der Këchen. Annerer han den Goût jären, äwer net den Geroosch – an na annerer – watt ech zwar net verstoen kann – meiden en wie Pest!
  4. Ënnenpolwer: Hei muss ech ganz éierlich soen, ech sen iwerhaupt keen Fan vam Ënnenpolwer, fir meng Marinaden hualen ech alles frësch an ech verschaffen et o su. Natiirlech rauschen d’Hänn noodeems du Ënnen geschnidden has, mat 2 mol wäschen ass deen meesten Gerosch fort!
  5. Cumin: Die orientalisch Këchen rëcht an schmëcht no Kreuzkümmel: kräftig, schwéier, würzig-séiss, liit batter an angenehm scharef. An mëttelalterlichen Europa ass den Kreuzkümmel als Heelkrogt kultivéiert jänn, hat äwer net wirklich seng Platz an der Këchen fond. Eng Aussnahm bild Holand an Flanderen mat hirem Kreuzkümmelkiiss.
  6. Paprikapolwer: Paprikapolwer, mat senger schinger rugder Faaref, déi wiäremt an Leidenschaft ausstrahlt. Bëssen scharef, bëssen séiss, äwer ëmmer dezent. Domatt kanns du all Ässen oppeppen. Hual den Paprikapolwer jären als Basis fir Marinaden oder strei es bëssen als Topping iwert die färdig Fajitas.
  7. Tomatenpolwer: Tomatenpolwer han ech na nie genotzt, ech wees o net op een datt hei ze koofen krëtt. Deemno watt ech zoubereeden greifen ech op frësch oder gedrëchent Tomaten zeréck. Deen komplexen Aroma van den Tomaten setzt sech aus ongeféier 400 Doftstoffer zesaammen, ouni datt een Schlësselaroma existéiert. Dësen Ëmstand mëcht Tomat kulinarisch gesehen extrem aanpassungsfähig. Frësch Tomaten rauschen gréin, bloumig-ruusenartig an bëssen erdig no Geméiss. Gedrëchent konzentréiren sech d’Inhaltsstoffer an setzen se frei, dofir gedrëchent Tomaten ëmmer mat Mooss ansetzen. Sie brengen, watt bei eis bekannt ass als Umami-Goût an all Ässen.
  8. Koriander: De Koriander liwert 2 ganz ënnerscheedlich Gewürzer, am Aroma an am Goût an zwar aus den Bläder an dem Soom. Die frësch Bläder van dëser Planz brengen een liiten Goût an Zoossen. Bläder schmaaschen Zitrusartig, van villen Lékt als seefig empfond an passen wonnerbar an die verschidden Dips. Den Koriandersoom hat dogeent een bloumig, frësche Gerosch. Hei an Europa jëtt en dachs genotzt fir ze baaschen. Am Orient ass den Koriandersoom eent Standardgewürz an befënnt sech an baal all Gewürzmëschung.

Zoubereedung

Als ischt han ech meng Marinade zoubereet, déi besteht bei mir aus frëscher, entkärter an fein gehackter Chilischot, dem Saaft van enger Zitroun, gedrëchenten Oregano, gehackten Ënnen an Knuawléck, Olivenualeg, gereechert Paprikapolwer, Cayennepeffer, Salz an schwarze Peffer. Datt han ech alles goud mateneen vermëscht.

TIPP: Sollt et dir mat der Chilischot an dem Cayenne ze scharef jänn, kanns du den Cayennepeffer o fort loossen.

De Poulet han ech an dënn Streifen geschnidden an ant Marinade geleit, datt han ech zougdeckt am Frigo ongeféier 2 Stonnen marinéiren geloss.

Iwerdeems de Poulet marinéiert han ech den Sauerrahmdip zoubereet, do han ech einfasch bëssen kleng geschnidden Bratzel, gehackten Knuawkléck, Salz an Peffer drënner gemëscht.

De Paprika han ech gewäsch, entkärt an, an dënn Streifen geschnidden.

Ech han frësch Tomaten gehollt, an doraus eng Zaloot mat enger gehackter Ënn, bëssen Rugewéngessig, bëssen Oregano an enger Mëschung aus gehacktem Péitersilich an Koriander, Salz an Peffer gemaat, déi notzen ech als erfrëschenden Topping fir op meng Fajitas.

No deen 2 Stonnen han ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenulage erhëtzt an d’Fleesch do dran aangebrooden, subal datt durich gar ass, hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch. An der selwischter Pann brooden ech den Paprika fir ongeféier 10 Min. salzen en liit an mëschen dann den Poulet rëm drënner, datt erhëtzen ech alles.

Zur gleicher Zékt han ech an enger drëchener waarmer Pann Wraps gewiärmt an, an eent Dousch angewéckelt fir datt se waarem bleiwen.

Dann han ech Wraps gefëllt, firtischt mam Fleesch, dann bëssen van der Tomatenzaloot, an uawen drop den Sauerrahmdip.

Tipps

  1. Alles watts du schnégden an virbereeden kanns, erdledigst du am besten befirs du aafänks mat kooschen. Su vermeids du Stress an Chaos.
  2. D’Panne sollen waarmem sen, fir den Poulet siier ze brooden ouni datt en ausdrëchent. Fir d’Wraps ordentlich ze wiärmen ouni datt se verbennen.
  3. Spill mat der Schiäreft, probéier raus ze fannen watt dir am besten schmëscht. Meng Mëschung mëcht datt Ganzt scharef äwer net su, datt et dir den Mond verbrennt.

Fajitas mat Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt u0026 Marinéierzéckt

2

Stunden 
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 500 g Pouletfilet, an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Paprika, an dënn Streifen geschnidden

  • 6 Wraps

  • Fir Marinade
  • Saaft van 1 Zitroun

  • 100 ml Olivenualeg

  • 1 Ënnen, fein gehackt

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 frësch Chilischot, entkärt an fein gehackt

  • 1 EL gereechert Paprikapolwer

  • optional: 0,5 TL Cayennepeffer

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • 1-2 TL gedrëchenten Oregano

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • Fir den Sauerrahmdip
  • 250 ml Sauerrahm

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 0,5 Botte Bratzelen, kleng geschnidden

  • Salz & Peffer

  • Tomatenzaloot
  • 6 Tomaten, entkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 4-5 EL Rugewéngessig

  • Salz & Peffer

  • 1 EL gehackten Kroiander

  • 1 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten fir d’Marinade mateneen vermëschen, D’Fleesch dran leen an ogeféier 2 Stonnen am Frigo marinéiren.
  • Fir den Dip
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen, an den Frigo setzen bis en gebrauscht jëtt.
  • Tomatenzaloot
  • Tomaten, mam Essig, den Gewürzer an den Krégder mëschen an, an den Frigo stellen bis en gebrauscht jëtt.
  • Fajitas
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an d’Fleesch do dran brooden bis et gar ass, raus hualen an op Ségt stellen bis et gebrauscht jëtt.
  • An der selwischter Pann den Paprika ongeféier 10 Min. brooden an liit salzen, Fleesch rëm drënner mëschen an alles erhëtzen.
  • Zur gleicher Zékt an enger drëchener waarmer Pann Wraps erhëtzen, an eent Dousch anwécklen fir datt se waarem bleiwen.
  • Wraps firtischt mam Fleesch, dann mam Zaloot an als Topping mam Dip fëllen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*