Meng Reispann mat Muurten, Ënnen, Wirsing an Ei ass eent wonnerbart einfascht an aromatischt Ässen, datt aus frëschen an ne ze deieren Zutaten besteht. Et ass een Klassiker aus der Alldaagskëchen – Bauren han dachs datt verschafft watt sie selwer aangebaut han oder datt lang gelagert konnt jänn. Dës pann kanns du ganz dengem Goût aanpassen, sie ass siier zoubereed an aanpassbar. Deen angenehm séissen Aroma van der Muurt, kombinéiert amat deem mëll-würzigen Wirsing, brengt eng köstlich Balnance op dein Teller.
Zutaten fir meng Reispann mat Geméiss an Ei
1. Lankärenreis
- Den Reis bild Basis an hëllt d’Aromen goud op. Een Langkärenreis passt hei am besten well en fluffig an locker bleift.
2. Ënnen
- D’Ënnen brengen Würzigkeet an dësen Menü, jänn se karamelsiéiert krëtt dësen Menü een richtig gouden séiss-zwibbelischen Aroma.
3. Muurten
- Sie brengen een séissen Goût an eng liit Knackigkeet an dëst Ässen. Ausserdeem sen sie vollgepackt mat Nährstoffer an maan den Menü faariwg.
4. Wirsing
- Een mëllen, würzigen Kappes, an dënn Streifen geschnidden passt en perfekt an dës Pann.
5. Salz & Peffer
- Fir alles aafzeschmaaschen datt sämtlich Aromen zur Geltung kommen.
6. Eier
- Bei mir sen et sepparat geboorden Spéijeleier, graff kleng geschnidden an kuurz viraan Schluss drënner gemëscht.
7. Optional
- Kanns du dësen Menü na mat Paprikapolwer an Muskot würzen.
Zoubereedung
- Eng Ënn hacken ech fein, fir den Reis an die anner schnegden ech an dënn Streifen
- D’Muurten schiälen ech an würfelen se kleng
- De Kappes schnegden ech an dënn Streifen, wäschen en grëndlich an loossen en goud aafdrëpsen.
Ech bereeden een Pilawreis zou, datt heescht ech brooden eng kleng gehackten Ënn op niddriger Hëtzt aan bis se mëll ass, sie soll keng Faaref aanhualen, dann mëschen ech den Reis drënner an brooden deen kuurz mat aan. Als nächst schëdden ech duabel suvill Waasser drop wie ech Reis han, salzen en liit an leen eent Lorbeerblaad mat drann, datt loossen ech alles kuurz opkooschen an driien Hëtzt dann op niddriger an loossen en quellen bis daat ganzt Waasser absorbéiert ass.
Ech perséinlich koofen nie Reis an den Tiitercher ech kucken ëmmer vir en am loosen ze koofen, fir mech hat den Pilawreis einfasch deen besten Goût an ech bereeden mein Reis ëmmer su zou.
TIPP: Kuck datt den Deckel liit schief drop legt, fir datt den Damp auszéien kann. Alternativ kanns du o een Reiskocher verwenden.
An enger waarmer Pann erhëtzten ech bëssen Botterschmalz an brooden op mëttel Hëtzt die an Streifen geschnidden Ënnen bis se Faaref kreien, datt brausch bëssen Zekt.
Dann mëschen ech d’Muurten drënner an brooden déi fir ongeféier 5 Min. bis 6 Min. mat den Ënnen. Als nächst mëschen ech den Wirsing drënner an brooden alles fir ongeféier 5 Min. De Wirsing soll sein Biss an seng gréin Faaref behalen. Mat Salz an Peffer, Optional: Paprikapolwer an Muskot würzen an schmaaschen.
An enger separater Pann brooden ech Spéieleier, subal datt wäisst gestockt ass, datt jällt äwer na flëssig mësch ech d’Eier mam Reis ënner Geméiss. Datt brooden ech na paar Min. fir datt den Reis die ganz Aromen ophualen kann. Schmaaschen an evtl. na bëssen nowürzen.
Op Telleren verdeelen an evtl. na mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
Tipps
- Bereet dengt ganz Geméiss an koosch den Reis vir, befirs du mam brooden aanfängs.
- Gar den Wirsing net ze lang mat, en verléiert soss sen Faaref an sein Biss.
- Stännig an der Pann réiren, zemools wann den Reis an d’Eier bis drënner gemëscht sen, fir datt naist aanbrennen kann.
Dës Reispann ass net nëmmen einfasch zouzebreeden, sie ass flexibel an béid eng ideal Grondlaag.
Fir die siier Këchen: Reispann mat Geméiss an Ei
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten20
MinutenZutaten
250 g Langkärenreis
500 ml Waasser
2 Ënnen, 1 gehackt die anner an dënn Streifen geschnidden
2 Muurten, kleng gewürfelt
200 g Wirsing, an dënn Streifen geschnidden
Botterschmalz fir ze brooden
4 Eier
Salz & Peffer
Optional. Paprikapolwer an Muskot
Zoubereedung
- An enger waarmen Dëppen erhëtzen ech op niddriger Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran die gehackten Ënn aan bis se mëll ass äwer ouni datt se Faaref krëtt.
- Dann mëschen ech den Reis drënner an brooden deen kuurz mat aan an schëdden dann d’Waasser drop, Salzen liit an loossen den Reis opkoosche. D’Hëtzt driien ech op niddrig an loossen den Reis mat Deckel quellen bis en datt ganz Waasser absorbéiert hat.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech d’Muurten drënner an brooden déi fir ongeféier 5 Min. bis 6 Min. mat.
- Als nächst mëschen ech den Wirsing drënner an brooden alles fir ongeféier 5 Min. Würzen an schmaaschen.
- Iwerdeems erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz an brooden do dran Spéijeleier, subal datt Wäisst gestockt ass, datt Jällt äwer na flëssig vermëschen ech alles.
- D’Eier an den Reis mëschen ech dann ënnert Geméiss, an brooden alles fir paar Min. su datt den Reis die ganz Aromen ophualen kann. Schmaaschen an evtl. na nowürzen.
- Op Telleren verdeelen an evtl, mat frëschem Péitersilich garnéiert zervéiren.